Soulager les hôpitaux portugais

Monsieur le Président,

Par la présente, nous avons l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 84 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question urgente à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et à Madame la Ministre de la Santé. 

Le Portugal est confronté à des chiffres d’infections très hauts lors de cette deuxième, voire troisième, vague. Aujourd’hui, le pays compte plus de 4200 personnes hospitalisées, 600 ayant besoin de soins intensifs. Les hôpitaux sont donc sous forte pression.
En même temps, le nombre d’hospitalisations au Luxembourg s’est réduit de moitié.
La communauté portugaise est la plus grande communauté étrangère au Grand-Duché, avec des liens très profonds entre les citoyens portugais et luxembourgeois.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes aux ministres:

  1. Considérant la situation dans notre pays partenaire, le gouvernement va-t-il offrir, dans les plus brefs délais, aux autorités portugaises de traiter un certain nombre de patients portugais au Grand-Duché ?

Question n°3463

état de la question/réponse

Sécherheetsfirmen am Garer Quartier, hëllefen elo privat Leit bei Festnamen?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An engem RTL Interview de 15.01 huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, dass d’privat Sécherheetsfirma déi engagéiert gouf, fir am Garer Quartier fir méi een héischt Sécherheetsgefill ze suergen, verschiddene Poliziste bei Festname gehollef hätten, esou d’Buergermeeschtesch. Ganz konkret sot d’Lydie Polfer:

“Si hunn souguer mat Momenter der Police gehollef, wou ee Polizist a Schwieregkeete war, wou deen ee wollt ebe festhuelen, wou si gehollef hunn. An dat net nëmmen eng Kéier.”

An der Äntwert op meng Fro vum 27.11.2020 (n°3217) hunn d’Ministere geäntwert:

“Wat d’Fro zu de Befugnisser vun de Sécherheetsagenten ugeet, esou ginn déi net iwwert d’Befugnisser vum normale Bierger eraus.”

  1. Ass et also engem normale Bierger erlaabt, der Police bei Festnamen ze hëllefen?
    Falls jo, wéi dierft esou eng Hëllef ausgesinn?
    Falls nee, wei bewäert de Minister d’Handelen vun de Sécherheetsbeamten op der Staater Gare a wéi eng Konsequenzen wäert dës Aktioun mat sech zéihen?
  2. Huet de Minister Informatioune bei wéi ville Festnamen, een Employé vun der privater Sécherheetsfirma gehollef huet?
    Wéi hunn déi Hëllefen ausgesinn?

Fro n°3460

Verlaf an der Chamber

Aarbechter mat engem Statut handicapé an de Gemengen

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Ëffentlechen Déngscht & Interieur weiderzeleeden.

Op d’Fro vum November 2020 (n°3122) hunn d’Ministere fir Aarbecht an den ëffentlechen Déngscht bestätegt, dass an der Fonction publique d’Quot vu 5% vun den Aarbechter mat engem Statut handicapé respektéiert gëtt. Ee Respekt vu 5% an der Fonction publique bedeit awer net zwéngend, dass an all Gemeng dës 5% respektéiert ginn, esou wéi et den Artikel L562-3 vum Code du travail virgesäit.

An deem Zesummenhang wëlle mir der Madamm Ministesch dës Fro(en) stellen:

  1. Ginn déi 5% an all Gemeng respektéiert?
    Falls nee, ëm wéi eng Gemengen handelt et sech heibäi a wéi vill Leit missten agestallt ginn, fir d’Quot z’erreechen?
  2. Kann d’Ministesch opschlësselen, wéi vill Prozent vun den Aarbechter an all Gemeng mat engem Statut handicapé agestallt goufen?
    A ewéi enge Gemengen schaffen, prozentual gesinn, déi meeschte Leit mat engem Statut handicapé?

Fro n°3454

Verlaf an der Chamber

 

Wéi funktionéieren d’Hëllefe fir Betriber a Covid-Zäiten?

Am vergaangene Joer hunn wéinst de Covid-19-Pandemie dausende vu Betriber hei am Land hier Aktivitéite fir eng laang Zäit missten astellen. D’Pertë fir 2020 sinn nach net ganz z’evaluéieren, mee et ass unzehuelen, dass vill Firme wäerten hier Plomme verluer hunn, virun allem a Branchen, wéi dem Evenementiel an dem HORECA. Als Kompensatioun hat d’Regierung verschiddene Gesetzer erlooss, fir de Betriber hier finanziell Ausfäll ze kompenséieren an se ofzesécheren. Vill Betriber si mat den Hëllefen awer ganz a guer net zefridden, well se éischtens d’Ausfäll net zu 100 Prozent ofdecken an d’Betriber esou trotzdeem op hire Käschte sëtze bleiwen a well de Staat bei den Iwwerweisunge vun den Hëllefen einfach vill ze lues ass an deemno Betriber vun hire Reserve liewe mussen, wann se iwwerhaapt d’Chance hunn, Reserven ze besëtzen. 

D’Inneministesch hat am Mee och eng Circulaire erausginn, fir d’Gemengen z’encouragéieren, de Betriber op hirem Territoire mat ëffentleche Mëttele finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen, wann d’Hëllefen am kommunalen Interessi a mat den europäesche Reegele vun der fräier Maartwirtschaft vereenbar sinn. Verschidde Gemengen hunn dëst och gemaach, ma d’Resultat war, opgrond vun enger onklorer Formuléierung, net optimal an een Interessi war a verschiddene Fäll net z’erkennen. Esou gouf an der Gemeng Péiteng zum Beispill decidéiert, verschiddene Geschäfter de Loyer ze reduzéieren, och wa keen Impakt vum Covid op d’Aktivitéite vun der Firma z’erkenne war. Doriwwer eraus hunn déi Firmen, déi net drop baue konnten eng Gemeng als Propriétaire ze hunn, vu kengerlee esou Mesurë profitéiere kënnen, wat d’Fro vun enger gewëssener Willkür bei de Subsiden opgeworf huet.

An engem Pressecommuniqué vu gëschter hunn d’Vertrieder vum HORECA-Secteur d’Hëllefsmesuren vun der Regierung an de Gemengen an aller Däitlechkeet nach eng Keier d’Fairness vu verschiddene Coronahëllefen kritiséiert:

Malgré les meilleurs efforts de la Fédération de l’HORESCA, les aides gouvernementales actuellement accordées s’avèrent insuffisantes. […]
En l’état actuel, un exploitant locataire auprès d’une commune semble mieux traité qu’un locataire contractant avec un propriétaire différent.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Betreffend der Situatioun, wou Betriber, déi hier Gebailechkeete bei enger Gemeng lounen an eng Reduktioun vum Loyer accordéiert kruten:
    1. kann een an dësem Fall vun enger staatlecher Bäihëllef (also engem Subside) schwätzen, wëssend, datt vun engem Point de vue comptable, d’Gemeng op ee Produit (bzw. Recette) verzicht, déi engem Betrib seng Chargë reduzéiert?
    2. stellt dës Mesure ee finanzielle Virdeel géigeniwwer Locatairen am private Beräich duer, déi kengerlee Hëllef vun der Gemeng accordéiert kruten?
    3. gouf dat kommunaalt Interessi am Fall vun esou enger Decisioun respektéiert?
  2. Kënnen de Schäfferot a Buergermeeschter no Belieben eng Reduktioun vum Loyer accordéieren oder gëllen iergendwellech Krittären, déi mussen erfëllt ginn, fir dass eng Gemeng eenzel Hëllefen accordéieren däerf? 

    Gesinn d’Ministeren an dësem Fall de Risiko, datt d’Konkurrenzrecht esou duerch eng Hannerdier ënnergruewe kéint ginn, wa Gemengen ufänke géifen, am grousse Stil eenzel Firme Gebaier zu engem méi niddrege Loyer oder esou guer fir näischt ze verlounen? Falls nee, wéi eng Gesetzer verhënneren, dass duerch Favoritismus oder Vetternwirtschaft verschidde Firmen op engem Gemengenterritoire vum Schäfferot a Buergermeeschter bevirdeelegt ginn?
  3. Wéi schonns uewen erkläert, bréngt d’Reduktioun vum Loyer eng Reduktioun vun de Recettë vun enger Gemeng mat sech. Mussen d’Gemengen dësen Ausfall an iergendenger Aart a Weis an hirem Budget kompenséieren a falls jo, wéi?
  4. An engem spezifesche Fall krut ee Restauratiounsbetrib, deen enger Mammegesellschaft gehéiert, déi net nëmmen am Restauratiounsbetrib aktiv ass an 2019 Milliounen Euro Gewënn verzeechne konnt, och vun der Gemeng gehollef. 

    Wei gesinn d’Ministeren et, dass esou Mammegesellschaften, déi u sech genuch Reserve besëtzen an trotz Covid weider hire Geschäfter konnten nogoen, fir hier Duechtergesellschafte Reduktioune vum Loyer ufroen, déi u sech op Käschte vun der Allgemengheet bezuelt ginn?
  5. Wäert d’Regierung, am Hannergrond vum europäeschen a nationale Konkurrenzrecht, an Zukunft méi streng mat esou Hëllefsmesüren vu Gemengen ëmgoen a plangen d’Ministeren heizou ze legiferéieren? Falls nee, firwat net?

Fro Nummer 3455

Verlaf an der Chamber

Sinn d’Buffe vum Educatiounsministère ee gudde Schutz géint Covid?

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.

Am vergaangene Joer huet den Educatiounsministère am Kader vun der Covid-19-Pandemie eng Campagne lancéiert, déi all Kand mat engem Mondschutz a Form vun engem sougenannte “Buff” ausgestatt huet.

Mëttlerweil ass bekannt, dass de Schutz, dee vun engem Buff oder enger Mask aus Stoff ausgeet, net esou héich ass ewéi dee vun enger chirurgescher Mask an och d’Association des Médecins et Médecins-dentistes du Grand-Duché de Luxembourg (AMMD) huet an hirer Prise de Position vum 19.12.2020 betount wéi wichteg et wär “en toutes circonstances le port de masque chirurgical dans les espaces publics et privés dès que des contacts auront lieu entre personnes ne vivant pas sous le même toit (en excluant son remplacement par des masques publicitaires ou en buff)” ze imposéieren.

Grad a Schoulen, wou sech an de Gäng vill Leit begéinen an et net ëmmer méiglech ass eng Distanz vun 2m ze respektéieren, ass de Mondschutz eng wichteg Barrière fir d’Ausbreedung vum Virus ze limitéieren.

  1. Deelt de Minister d’Aschätzung, dass e Buff keng esou gutt Protektioun duerstellt ewéi eng chirurgesch Mask?

  2. Réit de Minister de Schüler an Enseignanten, trotzdeem weiderhin de Buff vum Educatiounsministère als Mondschutz ze benotzen?
  3. Wäert de Ministère e Réckruff fir d’Buffen maachen?
  4. Op wéi vill Euro belafen sech d’Käschten, déi duerch den Akaf an d’Verdeele vun de Buffen entstane sinn?
  5. Gouf beim Kaf vun de Buffen drop opgepasst, dass Materialien aus Fair-Trade-Produktiounen oder aus ökologeschen Hierstellungsprozesser zum Asaz koumen?

Fro n°3450

Verlaf an der Chamber

 

Schléissung vum Policebüro zu Käerjeng: wéi gouf ëmorganiséiert?

Mat der Reorganisatioun vun der Police, déi dës Regierung an d’Weeër geluecht huet, goufen eng Rëtsch Kommissariater an de leschte Joren zougemaach an op aner Uertschafte verluecht. Hat fréier bal all Uertschaft säi Kommissariat, esou gëtt haut méi Wäert op eng Zentraliséierung vun der Kommissariater geluecht an, datt d’Poliziste méi Presenz op de Stroossen weisen. Och d’Kommissariat zu Käerjeng gouf virun e puer Joer zougemaach an d’Policebeamte goufen an aner Kommissariater versat.

An deem Kontext hu mer dem Policeminister dës Froe gestallt:

  1. A wéi eng Kommissariater goufen d’Polizisten zu Käerjeng versat? 
  2. Wéi vill Poliziste goufen an de Kommissariat op Péiteng versat? 
    Wéi vill Vollzäitstellen a wéi vill Deelzäitstelle goufen insgesamt op Péiteng versat a wat ass den Total u Stonnen, deen de Policebüro zu Péiteng duerch d’Opléise vu Käerjeng bäikrut?
  3. Ass geplangt, ee Policebüro an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëscht Käerjeng a Péiteng ze erriichten? Falls jo, wéi wäit ass een am Ministère mat der Ëmsetzung vun dësem Projet?

Fro Numnmer 3403

Verlaf an der Chamber

Méi Kommunikatioun beim CO2-Ausstouss vu Fligerticketen

Verschidden Online-Buchungsplattforme weise virum Kaf vun engem Fluch un, wéi vill CO2-Emissiounen duerch de Passagéier bei sengem Fluch wäerten ausgestouss ginn. D’Basisrechnung besteet doranner, datt een den CO2-Ausstouss vum Fliger fir eng definéiert Streck hëlt an dës duerch d’Unzuel vun de Sëtzer am Fliger deelt. De Calcul ka selbstverständlech nach verfeinert ginn, andeems ee gewësse Variablen mat an d’Berechnung hëlt: Fligertyp, Gréisst vun der Sëtzplaz am Verhältnis zum Fliger (z.B. Businessklass vs Economy), Ressourcëverbrauch vun de Servicer am Fliger (z.B. de Menü, deen de Passagéier auswielt huet) an esou weider.

Am Sënn vun der Transparenz an enger klimafrëndlecher Mobilitéitspolitik, wär et interessant d’Passagéier aktiv z’informéieren, wat si duerch hire Fluch un CO2-Emissiounen ausstoussen. Esou kéint een den CO2-Verbrauch scho virum Kaf op der Online-Plattform uweisen an et kéint een och duerno de Verbrauch op den Ticket dropsetzen. D’Käschten, fir dëst ze realiséieren, wäre marginal.

  1. Wär et, dem Minister no, nëtzlech, datt de CO2-Verbrauch vu Flich um Fligerticket géif affichéiert ginn?
  2. Wëssend, datt de lëtzebuergesche Staat Aktië bei der Luxair huet, an un den Decisiounen am Verwaltungsrot vun der Luxair ee Stëmmrecht huet an deemno déi voll Rechter a Fliichte vun engem Aktiebesëtzer an enger Entreprise notze kann, wäert ee vun de Minister senge gesandte Fonktionnären dës Iddi eng Kéier am Verwaltungsrot uschwätzen?
  3. A menger Fro n°780 vun 2019 war riets gaangen iwwert d’Kerosinssteier. De Minister hat bestätegt, datt d’Regierung eng europäesch Steier wéilt an d’Thema och ugeschwat hat. Mëttlerweil si mer 2021: goufen et schonns Entwécklunge bei der Realiséierung vun enger europäescher Steier? 
    Wat ass hei den aktuelle Stand a wéi wäert d’Regierung dëse Sujet an de nächste Méint behandelen?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3446

Lëtzebuerger Journal

D’Regierung huet vir, datt d’Online-Printmedien an Zukunft gestäerkt ënnerstëtzt a mam Pabeier-Journalismus gläichgesat solle ginn. Wéi 2020 Joer annoncéiert gouf, wäert de Lëtzebuerger Journal vun 2021 un och de Wee vum Online-Journalismus goen, an zwar radikal: d’Printversioun soll nämlech komplett agestallt ginn. Wat d’Beispill vum Journal e bësse speziell mëscht, ass den Ëmstand, datt et sech hei ëm ee klassesche Fall vu Parteipress ze dinn hunn.

Esou ass gewosst, datt am Verwaltungsrot vun den « Editions Lëtzebuerger Journal » praktesch nëmme Membere vun der DP sëtzen. Dat selwecht gëllt fir den Haaptaktionär, d’Asbl « Centre d‘Etudes Eugène Schaus », wou quasi sämtlech verantwortlech Positioune mat DP-Membere besat sinn. Wann een d’Statute vun der Asbl liest, fënnt ee Folgendes : 

« L’association a pour objet la propagation des idées défendues par le Parti Démocratique, le tout tant isolément que dans le cadre de la ou des associations et sociétés commerciales dont elle est ou pourra devenir membre ou associé. »

An de Parteistatute vun der DP steet schliesslech, wou d’Memberen sech informéiere sollen : 

« Les membres sont invités à s’informer au Lëtzebuerger Journal, organe officiel du parti, et à souscrire un abonnement ; l’accès à l’information leur sera également facilité par les médias électroniques. ».

Esouguer an der Schoul gëtt geléiert, datt de Lëtzebuerger Journal een «organe de presse partisane» ass. Esou steet et am Manuel scolaire «Instruction civique» vun der 2e geschriwwen: 

« Le Journal est l’organe de presse officiel du parti démocratique ». 

De Risiko vu politeschem Afloss beim Journal ass also zweifellos ginn. Opgrond vun dësen Elementer kann een dovunner ausgoen, datt de Journal éischter eng Parteizeitung an eng Composante vun der DP ass ewéi eng Zeitung, déi onofhängege Journalismus bedreift.

  1. De Medieminister hat an der Äntwert op d’Question parlementaire 1531 vum honorabele Kolleg an Députéierten Sven Clement geäntwert: « Déi Prinzipien vun der Indépendance a Pluralismus sinn zu Lëtzebuerg net a Gefor an d‘Regierung ass décidéiert, déi Prinzipien och weider ze stäerken ». Här Minister, wéi ass d’Onofhängekeet vum Lëtzebuerger Journal garantéiert, a Betruecht vun de Besëtzverhältnisser (Bénéficiares effectifs) an der Verwaltung duerch eng Majoritéit un DP-Memberen am Verwaltungsrot vun der Zeitung?
  2. Ass d’Konzept vun esou enger « Parteipress » nach zäitgemäss, a wéi steet d’Regierung dozou ?  
  3. Ass der Regierung bekannt, ob et weider esou Parteizeitungen hei am Land ginn?
  4. Misst de Lëtzeburger Journal net vill méi kloer affichéieren, datt et sech bei der Zeitung ëm ee Presseorgan handelt, dat an direkter Linn vun der Demokratescher Partei ofhänkt ?  
  5. Här Bildungsminister, wëssend, datt am Cours « Instruction civique » de Schülerinnen a Schüler bäibruecht gëtt, datt de Lëtzebuerger Journal dat « offiziellt Presseorgan vun der demokratescher Partei » ass an den Här Minister Meisch net midd gëtt ze betounen, datt d‘Zeitung sech méi breet opstellt an onofhängeg ass, wäert dëse Passus an der nächster Editioun vum Schoulbuch gestrach ginn? Falls jo, wéini kënnen d’Schüler op der 2e vun engem neien, aktualiséierten Civiquesbuch profitéieren?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3405

Gläichberechtegung made in Lëtzebuerg: Firwat sinn d’Spëtzeposten an der Regierung just vu Männer besat?

An den USA kënnt et den 20te Januar, no laange Joren ënnert engem Trump-Regime, zu engem Muechtwiessel, bei där den Joe Biden d’Präsidentschaft fir 4 Joer iwwerhuele wäert. Eng Premiere dobäi ass, datt déi éischte Kéier an der Geschicht eng Fra, nämlech d’Kamala Harris, de Poste vum Vizepresident iwwerhuele wäert. Och an anere Länner op der Welt sinn et net ëmmer Männer, déi d’Spëtzeposten an der Politik besetzen. Et brauch een nëmmen eriwwer an Däitschland ze kucken, wou d’Angela Merkel säit 3 Legislaturen de Poste vun der Bundeskanzlerin besetzt. An der Belsch gouf mam Petra De Sutter eng Transgender-Persoun als ee vun de 7 Vizepremierministere genannt.

Symbolesch hunn d’politesch Spëtzeposten eng grouss Bedeitung, well d’Regierung sech als Representant vun enger oppener Gesellschaft weist. De Message ass, datt een d’Politik onofhängeg vu engem Geschlecht mat gestalte kann. Ob Mann, Fra oder Drëtt Geschlecht, an éischter Linn gëtt de Mënsch mat sengen Erfarungen, Verdéngschter a Kompetenzen an de Virdergrond gestallt.

D’lëtzebuergesch Regierung bekräftegt de Wëllen, Representatioun tëschent de (klassesche) Geschlechter an der Politik an ee bessert Gläichgewiicht wëllen ze bréngen. Zitat aus dem Koalitiounsaccord:

[…] l’accent continuera d’être mis sur une politique en faveur d’une représentation plus équilibrée des femmes et des hommes au niveau de la prise de décision dans notamment les domaines de la politique et de l’économie. 

Mir hunn der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ugesiichts, datt et an eiser Regierung 2 Vizepremierministere ginn, firwat gouf keng Fra fir dëse Posten ausgewielt?
  2. Ass an dëser Legislaturperiod geplangt, dass ee weidert Geschlecht als Vizepremier ernannt gëtt?

Verlaf an der Chamber

Fro Nummer 3402

Wéi vill Jonker sinn hautzedaags an der Gemengepolitik aktiv?

Jonk Biergerinnen a Bierger fir d’politescht Liewe begeeschteren ass wichteg. Um nationalen Niveau ass festzestellen, datt ëmmer méi Jonker sech politesch engagéieren. Um lokalen Niveau gesäit dat awer anescht aus. Nëmme wéineg Jonker engagéieren sech eisen Informatiounen no an der Gemengepolitik. 

An engem Artikel vum 4te Mäerz 2011 hat d’Woxx an engem Artikel d’Altersstruktur an de Gemengeréit zu Lëtzebuerg ugeschwat an heizou Folgendes bemierkt:

[…] Gemeindepolitik gilt heute oft als wenig attraktiv, und die Zusammensetzung der Gemeinderäte kannkaum als repräsentativ gelten. So liegt der Altersdurchschnitt im Gemeinderat von Roeser bei rund fünfzig Jahren.”

Et wär interessant ee Vergläich ze zéien, ob d’Analyse vun 2011 richteg ass an ob sech 2021 eppes un dëser Analyse geännert huet. 

Dofir hu mir der Inneministesch déi folgend Froen gestallt:

  1. Kann d’Ministesch mer, fir d’Joren 2011 an 2021, folgend Donnéeën zum Alter vun de Gemengeconseilleren zu Lëtzebuerg ginn:
    • den Duerchschnëttswäert
    • de Medianwäert
    • de Modalwäert 
    • d’interquartil Differenz tëschent dem éischten an dem véierte Quartil
    • d’Varianz, an op där Basis d’Standardofweichung (écart-type)
    • den Undeel vu Jonken (<30 Joer), déi enger kommunal-politescher Aktivitéit noginn
    • an de Prozentsaz vu jonke Gemengeconseilleren am Verglach mat alle Gemengeconseilleren
  2. Wat ass aktuell, opgeschlësselt no den 20 gréissten an den 20 klengste Gemengen (der Awunnerzuehl no), den Altersduerchschnëtt, de Median an de Modalwäert vun de lokale Mandatsträger? 
  3. Kann d’Ministesch op Basis vun den Zuele bestätegen, datt net vill Jonker sech an der Gemengepolitik engagéieren? Falls jo, wat sinn Ärer Meenung no d’Grënn dofir a wéi gedenkt Dir déi Jonk ze motivéieren sech fir d‘Lokalpolitik ze begeeschteren ? 
  4. D’Woxx hat deemools weiderhi geschriwwen:[…] Ein weiterer Faktor, der ein politisches Engagement erschwert, sind die langen Arbeitszeiten. Während es früher für einen Betrieb noch ein gewisses Prestige bedeutete, wenn ein Mitarbeiter als Gemeindeberater, Schöffe oder Bürgermeister tätig war, zählt politisches Engagement heute nicht mehr viel. Vereinzelt bekommen Arbeitnehmer sogar Probleme, wenn sie wegen ihres kommunalpolitischen Engagements einen Congé politique beantragen.Gouf am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz, déi elo schonns zënter der éischter Legislatur vun dëser Regierung diskutéiert an evaluéiert gëtt, de Congé politique op de Leescht geholl? Falls jo, erkennt d’Ministesch schonns eng Tendenz wéi de Congé politique an Zukunft kéint gestalt ginn? 
  5. Wéi vill Matbiergerinnen a Matbierger vun net-Lëtzebuerger Nationalitéit sëtzen aktuell an engem Gemengerot ?
  6. Wat ass de Pourcentage vu Fraen a Männer, déi an der lokaler Politik aktuell e Mandat hunn ?
  7. Fënnt d’Ministesch et opportun, datt dem Prinzip vun Open Data no, di gefroten Zuelen an dëser parlamentarescher Fro a Form vun enger Tabell ëffentlech fir jiddereen um Site vum Ministère asiichtbar wären (wëssend, datt et sech ëm anonymiséiert Donnéeën handelt)? Wäert dëst no der Äntwert vu menger Fro geschéien?

Fro Nummer 3409

Verlaf an der Chamber