Connect with us

Déiereschutz

Ausnotze vun Déieren an der Heescherei

Ëmmer erëm gesäit een op eise Stroossen Mënschen, déi mat hirem Hausdéier op der Strooss liewen. Fir vill vun dëse Mënschen ass d’Hausdéier hiren eenzeg richtege Weggefährte an eng wichteg moralesch Stäip. Fir dës Leit sinn hir Déieren hir Famill. Et ginn awer och där Leit, déi Déiere skrupellos ausnotzen, fir esou duerch Heescherei Geld ze maachen. Eng Déiereschutzorganisatioun beriicht op de soziale Medien dovunner, dass Hënn vun hirem „Meeschter“ mësshandelt ginn. D’Hënn sinn zwar heiansdo an der EU gechippt, mee se sinn a kengem System ugemellt, soudass net kloer ass, wien de Proprietär vum Déier ass. D’Police kéint awer hei net agräifen, well et am Déiereschutzgesetz keng Dispositioune géife ginn, fir d’Déieren aus hirem Misär eraus ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Ministeren doriwwer informéiert a stëmmt et, dass der Police an esou Fäll, wéi uewe beschriwwen, d’Hänn gebonne sinn? 

  2. Erlaabt déi aktuell Gesetzeslag, fir een Déier, wat ausgenotzt an/oder mësshandelt gëtt, ze konfiszéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2771

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert