Mobilitéit
E-Autoen bei der Regierung – Nofro

An der Äntwert op meng Froen, schreiwen d’Regierungsmemberen, dass si vun de Virdeeler vun den Elektroautoen iwwerzeegt sinn (QP n°2459). Et fält awer op, dass zënter dem Amtsuntrëtt vun der CSV-DP-Regierung net méi Elektroautoen am Fuerpark vun de Ministeren ze fanne sinn a si weider op Plug-In-Hybriden, also Verbrenner, setzen. D’Regierung erkläert dëst mat „operationellen a sécherheetstechnëschen Grënn“, déi et verhënnere géifen, op eng voll elektresch bedriwwene Fuerpark ëmzesteigen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill nei Plug-In Hybride a Verbrenner goufen zënter 2024 fir de Fuerpark vun der Regierung souwéi de Service de protection du gouvernement kaf?
Wéi eng operationell a sécherheetstechnesch Grënn verhënneren et, dass een op mannst den Undeel u rengen Elektroautoen am Fuerpark erhéicht?
Wéi wëll d’Regierung de Bierger:innen d’Virdeeler vun der Elektromobilitéit am Alldag gleefhaft maachen, wann am Fuerpark vun der Regierung grad mol 4 E-Autoen genotzt ginn?
Firwat ënnerstëtzt d’Regierung d’Verbrennerverbuet, wann ee selwer zougëtt, dass den Elektroauto net ka fir all Gebrauch genotzt ginn?
QP Nummer 2643