Connect with us

Mobilitéit

FRO.LU: Vëlosstrecken

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Lëtzebuerg baut weiderhinn um Streckennetz fir Vëloen. 2018 hat déi virëg Regierung matgedeelt, et wéilt een d’Streckennetz vun 630 Kilometer Vëlosstrecken op 1103 Kilometer ausbauen (ee Plus vun 473 Kilometer, +75%). Um Portail des Travaux publics ass aktuell ze liesen: „Le réseau national des pistes cyclables englobe actuellement quelque 950 km de pistes dont actuellement 600 km sont réalisées.“ Den Ausbau vum Streckennetz schéngt also net wierklech weiderzekommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäerten déi 473 Kilometer Vëlospisten gebaut ginn?

  2. Wéi eng Projete goufe fir de Bau zréckbehalen a wou sinn se drun?

  3. Wéi eng Strecken wäerten net realiséiert ginn?

  4. Dierfe Vëlospiste laanscht fléissend Gewässer installéiert ginn a wéi eng Aspekter mussen hei respektéiert ginn am Zesummenhang mam Waasserschutz?

  5. An der Äntwert op d’Fro n°1458 hat d’Ministesch geschriwwen, dass Vëlosfuerer:innen, déi ee spezifesche Problem um nationale Reseau observéieren, eng Email un pistescyclables@pch.etat.lu kënne schécken mat enger Foto an Lokaliséierung. Wéi vill Leit hunn dëst an deene vergaangene Jore gemaach? 

Fro n°3375

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3375

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert