Connect with us

Parlamentaresch Froen

Hëllefsmoossnahmen fir kleng Betriber

Leschte Mount koum et virun de Feierdeeg an enger Bäckerei zu Péiteng zu engem Brand, wat dozou gefouert huet, dass de Betrib net weider funktionéiere kann. De Patron vun der Bäckerei kann deemno déi nächst Méint keen Akommes méi bezuelen a gesäit sech gezwongen, fir seng Salariéeën z’entloossen, wéi een an engem Wort-Artikel vum 23ten Dezember liese kann. Dëst ass keen isoléierte Fall, mee kann och aner kleng Betriber treffen, déi temporär a schwéier finanziell Schwieregkeete geroden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Ënnerstëtzungsmoossname stinn an esou Fäll fir d’Salariéen zur Verfügung, fir ze verhënneren, dass et zu Entloossunge kënnt? 

  2. Wéi eng Ënnerstëtzungsmoossname stinn an esou Fäll de Betriber zur Verfügung, fir dass si hir Aktivitéiten kënne weiderféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3425

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert