Connect with us

Parlamentaresch Froen

Jobs fort duerch AI?

Eis Wirtschaft ass matten an enger grousser Ëmstrukturéierung, bedéngt duerch d’kënschtlech Intelligenz (KI). Vill gréisser Firme setzen elo schonn op KI a spueren domadder bei administrative Prozeduren oder Analyse vill Aarbechtsstonnen. Deementspriechend gi vill Leit net méi fir dës Aufgabe gebraucht. D’Fondation IDEA schreift an engem Artikel vum 1ten Oktober: „Selon les dernières statistiques publiées par Eurostat, 24% des entreprises du Luxembourg ont utilisé des technologies d’intelligence artificielle (IA) en 2024, soit dix points de plus que la moyenne de l’UE. Ce chiffre place le Grand-Duché parmi les pays les plus avancés en matière d’adoption de l’IA par les entreprises.“

No engem Artikel op bloomberg.com vum 8te Januar kéinte mëttelfristeg am Bankesektor eng 200.000 Aarbechtsplazen duerch kënschtlech Intelligenz ersat ginn. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1882 hat d’Regierung op eng Etüd vun CMS verwisen, wou Ried ass, dass 6% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kéinten duerch KI verschwannen. Bei der ADEM ginn an engem Aarbechtsdokument Zuehlen presentéiert, wou Ried ass, dass bis zu 32% vun den Aarbechtsplazen zum Deel kéinten duerch KI ersat ginn, a 14% komplett.
Wann een d’Zuele beim STATEC kuckt zum Emploi national, da fält op, dass an de leschte Méint d’Unzuel un Aarbechtsplazen erofgaangen ass. Op ee Joer gekuckt sinn net méi Aarbechtsplaze besat ginn. Am Budget fir 2025 rechent d’Regierung mat enger Entwécklung vu just 1% pro Joer bei den Aarbechtsplazen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Aussiichten huet d’Regierung iwwert d’Entwécklung vu weideren Aarbechtsplazen hei am Land? 

  2. Wäert d’Unzuel un Aarbechtsplazen eropgoen oder erofgoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3049

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert