Connect with us

Déiereschutz

Opstelle vun Héichsëtz fir d’Juegd

 Am Kader vun der Juegd dierfen d’Jeeër een Héichsëtz (Mirador) opstellen. An engem Dokument vun der ANF si verschidde Reegele festgehale fir de Bau vun neien Héichsëtz. Am Juegdgesetz selwer ass net vill iwwert d’Héichsëtz ze fannen an och am Naturschutzgesetz vun 2018 steet just geschriwwen: „Les miradors ne sont autorisés que pour la durée du bail du lot de chasse.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Geneemegunge gi gebraucht, fir een neien Héichsëtz op ze riichten?

  2. Op wéi enge Plazen dierfe keng Héichsëtz opgestallt ginn?

  3. „Le requérant doit avoir obtenu une autorisation avant toute rénovation ou installation d’un mirador.“ (Dokument ANF). Wat ass déi legal Basis vun dëser Autorisatioun, a wéi eng Krittären a Prozedure gëllen hei?

  4. Wéi vill nei Héichsëtz goufen an deene leschte 5 Jore gebaut?

  5. Wéi vill Héichsëtz ginn et aktuell zu Lëtzebuerg?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3044

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert