Déiereschutz
Police-Unitéit op Päerd
 
																								
												
												
											An enger parlamentarescher Fro vun 2019 (n°1133) hat de fréieren Deputéierten an haitegen Ëmweltminister d’Iddi opbruecht, fir eng Police-Unitéit anzeféieren, déi mat Päerd dobaussen ënnerwee sinn. Den deemolege Policeminister huet a senger Äntwert hei méi Nodeeler ewéi Virdeeler gesinn an dës Optioun dofir ausgeschloss.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- Wéi gesäit den aktuelle Minister d’Iddi vun enger Unitéit mat Päerd bei der Police? 
- Existéieren aktuell Initiative beim Ministère, fir esou eng Päerd-Staffel anzeféieren? 
QP Nummer 2579

