Parlamentaresch Froen
Astelle vu Fussballspiller an de Gemengen

An engem aktuelle Fall zu Déifferdeng ermëttelt d’Justiz géint den aktuelle Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng an ee Promoteur, deen och President vum FC Déifferdeng 03 ass. Et gëllt natierlech d’Onscholdsvermuddung.
De Sport an d’Politik sinn enk matenee verbonnen. D’Geschicht huet awer ëmmer nees gewisen, dass Sport a Politik net getrennt vuneneen existéieren. De Sport gëtt direkt an indirekt duerch Steiergelder finanzéiert. Grad um lokalen Niveau sinn d’Gemeng immens an hier Sportsclibb mat agebonnen. Et stellen sech Froen zu verschiddenen Praxissen, déi een op Gemengenniveau feststellt an iwwert déi d’Leit dobaussen oppen diskutéieren. Eng Praxis betrëfft d’Astelle vu Gemengepersonal, wou nei Mataarbechter zoufällegerweis Spiller vum lokale Fussballclub sinn. Esou zum Beispill beim Transfert vun engem Spiller vun der Union Titus Péiteng op den FC Déifferdeng 03.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Dierf ee Veräin, an deem de Buergermeeschter Comitésmember ass, beim Transfer vun engem Spiller, dësem eng Offer op eng Aarbechtsplaz an der Gemeng verspriechen an duerno ginn?
Falls nee, wat sinn d’Konsequenzen, wann eng Aarbechtsplaz ënnert dëser Form un ee Spiller géif vergi ginn?
QP Nummer 2632
Nofro
Dierf eng Plaz op der Gemeng mat der Géigeleeschtung verbonne sinn, dass een an engem lokale Sportsveräin ënnerschreift?
QP Nummer 2765