Parlamentaresch Froen
Iwwernahm vun enger strategescher Firma duerch chineesesch Investoren

L’essentiel informéiert, dass d’Firma Circuit Foil mat Sëtz zu Wooltz wäert vun enge chineesescher Firma iwwerholl ginn. Zwou Informatioune sinn heibäi interessant ervirzesträichen:
„spécialisée dans la fabrication de feuilles de cuivre ultra-fines, utilisées dans les circuits imprimés, un enjeu particulièrement stratégique au niveau mondial, notamment dans le contexte de l’accélération de l’intelligence artificielle. […] L’entreprise basée dans le nord du Luxembourg avait toutefois connu des difficultés ces dernières années, en raison de la crise des prix de l’énergie et de la concurrence asiatique.“
Wéi schonn a menger Fro n°2244 beliicht, ass den Afloss vu China op Lëtzebuerg kritikabel. Strategesch wichteg Firmen, wéi zum Beispill Enovos oder Cargolux, wou och de Staat Aktionnär ass, hunn an der Vergangenheet Undeeler u chineesechen Investoren verkaf. Den Ex-Botschafter vun den USA zu Lëtzebuerg hat dëst och an engem WORT-Artikel vum 17ten Abrëll 2025 kritiséiert: „Dies ist eines der Hauptprobleme, mit denen wir in unserer Botschaft in Luxemburg konfrontiert waren: die chinesischen Investitionen in Luxemburg und die wirtschaftlichen Beziehungen zwischen den beiden Ländern.“
Den Ausseminister hat a senger Äntwert op dës Fro wësse gedoen, „datt den Aussenhandel vu Lëtzebuerg op Initiativ vun de lëtzebuergesche Betriber stattfënnt an d’Regierung d’Betriber bei hire Schrëtt ënnerstëtzt a begleet.“ De Premierminister hat senger Ried zur Lag vun der Natioun awer och wësse gedoen, dass d’Regierung massiv wéilt a KI investéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert de Lëtzebuerger Staat de chineeseschen Investoren d’Firma Circuit Foil iwwerloossen oder ass geplangt, fir Undeeler un dëser strategesch interessanter Firma am Beräich KI z’iwwerhuelen?
-
Wéi wäert d’Regierung an Zukunft verhënneren, dass lëtzebuergesch Firmen opgrond vun den Energiepräisser a finanziell Problemer kommen?
-
D’Regierung hat virun der Summervakanz ugekënnegt, dass de Staat 150 Milliounen d’Joer wäert finanzéieren, fir d’Netzkäschten z’iwwerhuelen.
Wéi wäert sech dat op bis d’nächst Joer op d’Rechnunge vun de Betriber auswierken?
Aneschters gefrot: wäerten d’Stroumpräisser doduerch spierbar erof goen?
Falls jo, kann d’Regierung do Beispiller ginn?
QP Nummer 2752