Parlamentaresch Froen
Budget vun der Uni.lu
D’Universitéit Lëtzebuerg gëtt finanziell vum Staat ënnerstëtzt, fir senger Fuerschungs- a Bildungsfunktioun gerecht ze ginn. Insgesamt solle bis 2029 ronn 2 Milliarden Euro an d’Uni souwéi d’Fuerschungsinstituter investéiert ginn. Zäitgläich rumouert et awer op der Uni an et gi Problemer bei der Gouvernance a Virwërf géint d’Féierung vun der Uni. Rezent huet elo och d’Doyenne vun der Fakultéit fir Droit, d’Économie et de Finance vun hirem Posten demissionéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi héich ass de Budget, deen all eenzel Fakultéit an all Centre interdisciplinaire zougewise kritt a wéi hunn sech dës Zuelen zënter 2022 entwéckelt (opgelëscht no Joer)?
Wéi hunn sech follgend Zuelen zënter 2022 entwéckelt: • Unzuel un ageschriwwene Studenten opgedeelt no de Fakultéiten? • Unzuel u Mataarbechter (ausgedréckt an Equivalent temps plein) an all Fakultéit souwéi all Centre interdisciplinaire , opgedeelt no Kategorie (z. B. administratiivt Personal, Fuerschungspersonal, Léierpersonal)? • Unzuel un Doktoranten (PhD) an de verschiddene Fakultéiten a Centres interdisciplinaires? • Unzuel u Professer-Stellen, opgedeelt no Fakultéit an no Kategorie (Associate Professor, Full Professor, …)?
QP Nummer 4004
