Questions parlementaires
ING Marathon
Den ING Night Marathon ass ee vun de gréisste Sporteventer am Land a verlaangt all Joer e groussen Asaz vu Police, CGDIS an aneren ëffentleche Servicer, fir d’Sécherheet vun de Leefer:innen, den Zuschauer an dem Verkéier ze garantéieren. Schonn an de parlamentaresche Froen n°6332 an n°789 gouf op déi personell a finanziell Ressourcen higewisen, déi fir esou privat gesponserte Manifestatioune vum Staat a vun de Gemenge mobiliséiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Leit vun der Police a vum CGDIS ware beim leschten ING Night Marathon am Asaz, a wéi vill Aarbechtsstonnen erginn sech heiraus?
Wéi héich waren déi geschate Gesamtkäschte fir d’Police an de CGDIS am Kader vum leschten ING Night Marathon?
Wéi vill vun dëse Käschte goufe vum Organisateur oder Sponsoren iwwerholl, a wéi héich war de finanzielle Bäitrag vum Staat respektiv vun de Gemengen?
Wéi vill Profit hunn d’Organisateuren vum ING-Marathon 2026 gemaach?
QP Nummer 4128
