Questions parlementaires
Schnell Hëllef duerch déi lëtzebuergesch Militärsatellitte fir d’Ukrain
Der internationaler Press no (sou op BBC) hätt Starlink der Ukraine d’Kapassitéiten erofgesat an domadder ukrainesch Drone- a Kommunikatiounsmissioune gestéiert. Ob wëllentlech oder onwëllentlech, ass aktuell net gewosst, mee dës Aktioun kënnt kuerz nodeems sech den US-President Trump ëffentlech iwwert den ukraineschen President Zelensky opgereegt hat, well d’Ukrain Energieinfrastrukturen a Russland attackéiert huet. Lëtzebuerg huet mat GovSat, GovSat-2, MGS/O3b mPOWER a LUXEOSys eege Kapassitéiten am Beräich vu séchere Satellittekommunikatiounen an Äerdobservatioun.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kéint Lëtzebuerg mat sengen militäresche Ressourcen spontan asprangen, falls d’Starlink-Kapassitéiten an der Ukrain versoen?
A wéi enge konkrete Beräicher kéint de lëtzebuergesche Militärsatellitteprogramm kuerzfristeg oder mëttelfristeg asprangen?
Wäert d’Regierung d’Ukrain kuerzfristëg mat eise Satelliten aushëllefen?
QP Nummer 4926
