Connect with us

News

Neonazi-Treffen zu Lëtzebuerg: wat mécht d’Regierung géint Radikaliséierung?

Ufro fir eng Kommissiounssitzung zu Neonazi-Treffen a Radikaliséierung

Här President,

Ech bieden drëms, fir dëse Bréif un d’Presidentin vun der Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheete weiderzeleeden.

Am L’essentiel souwéi am WORT vun haut gëtt beriicht, dass hei am Land een Neonazi-Treffen organiséiert gi wier. L’essentiel mellt, datt bei engem Treffen an engem Lëtzebuerger Bësch um Gebuertsdag vum Adolf Hitler Bicher verbrannt goufen.


Ech wéilt dëse Punkt dofir op den Ordre du Jour vun enger nächster Sëtzung setzen an de Minister fir bannenzeg Ugeleeënheeten an d’Kommissioun invitéieren. De Minister soll erkläre, wat d’Autoritéiten zu dëse Berichter bestätege kënnen a wéi eng Moossnamen d’Regierung hëlt, fir Radikaliséierung (politesch, mee och reliéis) fréi ze erkennen an ze bekämpfen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert