Connect with us

Déiereschutz

Accidenter am Zesummenhang mat Wëlldéieren

Op de Landstroosse besteht ëmmer de Risiko, dass et zu engem Zesummestouss tëschent Wëlldéieren a Gefierer kënnt. D’Stroosse féieren duerch d’Habitater vun den Déieren an deemno ass et ubruecht op esou Strecken méi virsiichteg ze fueren andeems ee manner op de Gas dréckt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Zesummestéiss goufen et an deene vergaangenen 5 Joer, opgelëscht no Mount, tëschent Wëlldéieren a Stroossegefierer? Wéi vill goufen der Police gemellt a wéi vill goufe bei Assurancë gemellt?

  2. Wéi eng Déierenaart ass am meeschten an Accidenter mat verwéckelt?

  3. Zu wéi enger Joreszäit besteht, statistesch gesinn, den héchste Risiko fir ee Wëlldéier unzestoussen? (Aaneschters gefrot: Wéi eng Méint sinn déi meeschten Accidenter ze verzeechnen?)

  4. Op wéi enge Plaatzen am Land besteht, statistesch gesinn, den héchste Risiko fir ee Wëlldéier unzestoussen? 

  5. Kann d’Ministesch ausschléissen, dass beim an nom Ofhale vu Klappjuegden d’Unzuel un Accidenter rondërem d’Juegdlous méi héich ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5921

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert