Mobilitéit
Accessibilitéit vun Elektro-Parkplazen

De perséinlechen Auto ass a bleift immens wichteg hei am Land am Beräich vun der Mobilitéit. Nieft dem klassesche Verbrenner ginn ëmmer méi Elektroautoen hei am Land verkaf. Fir dës Elektroautoe musse méi Luetstatioune geschaf ginn, grad am ëffentleche Raum. Fir dës Luetstatioune kënnen ze notzen, mussen d’Parkplaze fir E-Autoen dru gekoppelt ginn.
Den deemolegen Energieminister hat op meng Fro n°7246 geäntwert, dass d’Parkplaze fir Luetstatiounen an der Reegel méi breet wéi normal Parkplaze wieren. A menger Fro n°7246 hat ech schonns drop opmierksam gemaach, dass Persounen am Rollstull oft net un d’Displaye vun de Lu
etstatioun dru kommen an den Auto soumadder net luede kënnen.
Hei am Land beschreiwen awer eng ganz Rëtsch Leit mat ageschränkter Mobilitéit, dass vill vun de Parkplazen net fir si accessibel sinn, well beim Rausklamme keng Plaz fir de Rollstull do ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Existéiere speziell Parkplaze fir Elektroautoe fir Leit mat enger Beanträchtegung? Falls nee, firwat net?
-
Wéi eng Minimalbreet muss eng Parkplaz fir een Elektroauto hunn?
-
Wéi eng Minimalbreet muss eng Parkplaz fir Persounen mat enger Beanträchtegung (Handicap) hunn?
QP Nummer 2584