Connect with us

Motiounen

Analys vun de Gengemreglementer déi d’allgemeng Heescherei verbidde wëllen

Context:

Séance publique vum 18ten Abrëll 2023

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Déi rezent Entwécklungen an der Stad Lëtzebuerg mam Verbuet vun der allgemenger Heescherei si medial vill kritiséiert ginn ; 
  • Den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet a sengem Arrêt „Lacatus vs Schweiz“ kloer festgehalen, dass ee generellt Verbuet vun der Heescherei géint den Artikel 8 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun verstéisst. Esou huet laut Riichter all Mënsch d’Recht, fir anerer ëm Hëllef ze froen, dëst wier hirer Aschätzung no soss ee Verstouss géint Recht op Privatliewen ;
  • Den Artikel 37 vun der Verfassungsrevisioun, déi den 1ten Juli 2023 an Kraaft trëtt, beseet: « limitation de l’exercice des libertés publiques doit être prévue par la loi et respecter leur contenu essentiel. Dans le respect du principe de proportionnalité́, des limitations ne peuvent être apportées que si elles sont nécessaires dans une société́ démocratique et répondent effectivement à des objectifs  d’intérêt  général  ou  au  besoin  de  protection  des  droits  et  libertés d’autrui » ;
  • Den Deputéierte Benoy eng parlamentaresch Fro vum deposéiert huet, déi dës Punkten och opgeworf huet.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Gemengereglementer, déi d’Heescherei verbidde wëllen, op hir Rechtsstaatlechkeet an Konformitéit zum Arrêt „Lacatus vs Schweiz“ z’analyséieren;
  2. D’Reglementer net unzeerkennen an net z’applizéieren, falls sech bei der Analys sollt erausstellen, dass dës Reglementer net am Aklang mat internationalen Konventiounen sinn, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert