Motiounen
Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht ofschafen
Context:
Aktualitéitsstonn iwwert de Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- de Gehälteraccord tëschent der Regierung an der CGFP vum 9ten Dezember 2022 hält am Punkt 10 Follgendes fest: « Le système d’appréciation sera aboli avec effet au 1er janvier 2023. Toutefois, ce système sera maintenu pour les fonctionnaires stagiaires et les employés de l’État en période d’initiation. (…) »
- d’Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert d’Organisatioun vun der Arméi beinhalt ee Bewäertungssystem.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- de Wuertlaut an de Geescht vum Punkt 10 vum Gehälteraccord vum 9ten Dezember 2022 „rigoureusement“ ze respektéieren.
Continue Reading