Connect with us

Motiounen

Ganzjores-Aktioun fir Sans-Abrisen

Context:

Motion, résolution, interpellation et débat n°4199 : Interdiction de la mendicité au Luxembourg

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Vill Mënschen, déi op der Strooss liewen, hu wéineg Méiglechkeeten een Ënnerdaach ze fannen, wou se geschützt sinn a sech ausroue kënnen. Extrem héisch Temperaturen am Summer, äiskal Wanteren an Zäite vu kuerzem, heftegen Nidderschlag treffe virun allem déi Schwächst an eiser Gesellschaft;
  • Duerch d’Heescheverbuet, wat elo a verschiddene Gemengen applizéiert gëtt, hëlt een dëse Leit eng Méiglechkeet, fir selwer Suen fir een Ënnerdaach, Iessen an Drénken ze sammelen;
  • Et gi laut dem Familljeministère zwar schonn eng ganz Rei Hëllefsmesuren, mee dës si punktuell a mat groussen zousätzleche Belaaschtunge fir d’Leit um Terrain verbonnen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’Wanteraktioun duerch eng Ganzjores-Aktioun ze ergänzen. Et soll dat ganz Joer iwwert eng Struktur fir Sans-abrisen opgemaach ginn. Hei soll hinnen och eppes Klenges z’iessen an ze drénken zur Verfügung gestallt ginn.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert