Motiounen
Gespréicher mat der CGFP sichen
Context:
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- de Gehälteraccord tëschent der Regierung an der CGFP vum 9ten Dezember 2022 hält am Punkt 10 Follgendes fest:
« Le système d’appréciation sera aboli avec effet au 1er janvier 2023. Toutefois, ce système sera maintenu pour les fonctionnaires stagiaires et les employés de l’État en période d’initiation. (…) »; - d’Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert d’Organisatioun vun der Arméi beinhalt ee Bewäertungssystem;
- d’CGFP huet hir Diskussiounsbereetschaft annoncéiert, fir iwwert eng Alternativ zum bestehende Bewäertungssystem an der Arméi, nozedenken.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- fir zesummen mat der CGFP Gespréicher ze féieren, fir zum Wuel vun alle Bedeelegten eng Léisung ze fannen, wéi de Punkt 10 vum Gehälteraccord vun 2022 respektéiert ka ginn.
