Motiounen
Nëmmen nach Zëmmeren mat Toiletten an Alters- a Fleegeheemer
Context:
Projet de loi 8087
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- datt et eng Fro vun Dignitéit fir déi Betraffen ass eng eegen Toilette am Zëmmer ze hunn;
- datt laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°4733, et Stand Juli 2021 271 Logementer a 7 verschiddenen Alters- a Fleegeheemer gëtt, déi keng eegen Toilette hunn;
- datt sech dës Zëmmeren ënnert anerem am Foyer St. Elisabeth, am CIPA „Am Park“, am CIPA „Um Lauterbann“ an am CIPA „Roude Fiels“ befannen;
- datt d’Covid-19 Pandemie op erschreckend Aart a Weis gewisen huet, wéi eng Konsequenze gemeinsam Sanitäranlagen an engem Alters- oder Fleegeheem kënnen hunn.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- all Alters- a Fleegeheem ze verflichten, Zëmmeren déi bis elo ouni Toiletten offréiert ginn, bis spéitstens den 8.12.2024 ëm eng Toilette z’erweideren.
Continue Reading