Mobilitéit
Ausbau vun der Péitenger Collectrice op 4 Spueren
Den Trafic op der Péitenger Collectrice (Avenue de l’Europe; N31) hëlt zënter Joren zou a belaascht d’Liewensqualitéit vu ville Mënschen an de Kordallgemengen am Süde vum Land. An engem Artikel vum 21ten November op RTL.LU schwätzt de Péitenger Buergermeeschter dovunner, dass et logesch wier, fir den Deel vun der Péitenger Collectrice N31 op véier Spueren auszebauen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Wéini wäert d’Péitenger Collectrice op 4 Spueren ausgebaut ginn?
QP Nummer 3237
