Reaktioun vun de Piraten op déi nei Covid-Gesetzer

7694 Nouvelles mesures COVID 

Här President, 

Mir sinn eis awer hoffentlech hei bannen alleguerten eens, dass et wichteg ass,  
dass gezielten a logesch Mesure getraff ginn,  
fir den Infektiounstaux erof ze kréien,  
a soumat eise Gesondheetssystem ze schützen. 

Dass mir alleguer eppes ënnerhuele mussen ass kloer.  
 
Mee dem Projet, deen d’Regierung eis virgeluecht huet,  
feelt et op eenzele Punkten, u Koherenz a Logik. 

Schoulkantinne bleiwen op,  
awer Betriebskantinne ginn zou. 
 
Et muss een a ville Beräicher Ofstand halen,  
Persounen op klengem Raum reduzéieren,  
mee laut dem neie Gesetz, net am ëffentlechen Transport. 

Elleng däerf ee keng Ronne méi an der ëffentlecher Schwemm schwammen,  
mee eng ganz Schoulklass kann zesummen an d’Waasser hopsen. 

Elo wär de Moment gewiescht,  
D’Ausgangsspär eraus ze huelen,  
dat géing eis Police entlaaschten, 
déi och Personalproblemer an der Pandemie huet. 

Wéi solle mir elo nach serieux de Leit,  
déi nei Moossnamen erklären?  

 
D’Leit fir Verständnis froen? 

Wéi soll de Bierger , deen nu mol des Gesetzer all Dag liewe muss, verstoen, wat Regierung sech beim Text geduecht huet? 

Sport ausserhalb vun der Schoul,  
dat geet quasi net méi, 
mee dass déi selwecht Kanner wou moies zu enger Villzuel de Sport zesumme gemaach hunn,  
dierfen sech Mëttes net méi gesinn  
fir sech bei den Hausaufgaben ze hëllefen oder 
hirem Fräizäitsport no ze goen. Do feelt D´Logik. 

Mee et ass awer och jidderengem an der Bildung bewosst: Kanner kennen nëmmen an der Schoul gutt sinn,  
wann den Ausgläich duerno stattfënnt. 

Fir d’Regierung ass et wichteg, 
dass d’Eltere  kenne weider schaffen.  

Ausser d‘Eltere schaffen an der Restauratioun,  
besetzen e Kino, schaffen an der Kultur oder am Fitnessstudio.  
 
Da sollen se doheem bleiwen,  
an de Betrib elo mol forcéiert zou maachen. 

Do kann een sech wierklech Froe stellen,  
op hei net laut Regierungsmeenung,  
alles Soziales a Kulturelles soll agestallt ginn,  
awer de Mënsch nach wieder wei eng Maschinn schaffe soll?  
 
Haaptsaach d’Rad vum Geld dréint. 
 
Schaffen,  
an nëmmen net sech mat Aktivitéiten entspane kennen,  
 
Do komme mir an ee ganz bedenkleche Gesellschaftsmodell. 
 
Mir Pirate stellen eis déi Fro, 
a mir hoffen och aner Deputéiert hei bannen,  
  
wei mir duerno aus de neie Gesellschafts-Gewunnechten 
erëm eraus kommen? 

Restriktiounen a Verbueter goufen an der Vergaangenheet schonn oft agefouert, an dann net méi opgehuewen, 

Antiterrorgesetzer mat Aschnëtter an d’Privatsphär,  
sinn do de beschte Beispill. 
 
Mir als Gesellschaft mussen immens virsiichteg sinn,  
wie wäit mir ginn.  

 
D’Kultur wäert mat dësem Gesetz leider gestoppt ginn,  
Theater dierf net méi optrieden,  
also Acteure vun enger fräier oppener Welt  
dierfen net optrieden. 

Eis kritesch a piratesch Meenung zu de Reliounen ass bekannt, 
 
Elo kennt et awer, wat fir eis Piraten total onverständlech ass: 
 
Wat d’Regierung opléisst am neie Gesetz,  
ass dass Gotteshäisser, nenne mir se mol esou,  
wieder dierfen hiren Theater spillen,  
dat ass eng Formule aus dem Mëttelalter fir déi eis Regierung sech entscheet huet, an déi 3 Majoritéitsparteien haut hei stemme wäerten. 

Dem Theater, a soumat der fräier Meenungsäusserung sot dir mam Vott: NEE,  
awer Reliounen dierfe wieder viru Leit optrieden. 

Dat ass rengen Aktionismus,  
bedenklechen Aktionismus souguer. 

Här Präsident, 

Komme mir zur Horesca, obwuel vill Betriber an de leschte Méint vill Suen an ee Konzept gestach hunn,  
fir d’Sécherheet vun hire Clienten duerch genuch Ofstand, eng gutt Belëftung an Trennwänn ze garantéieren, 
ginn si elo nees gezwongen zouzemaachen. 

An dat nodeems déi lescht Méint scho vill Geschäftsleit un hier finanziell an och emotional Grenze bruecht hunn. 

HORESCA Federatioun sot gëscht richteg,  
si sinn ausgenotzt ginn als Testlabo a mussen  
elo d Rechnung bezuelen. 

 
Mir Piraten hu viru Méint scho gefrot,  
fir de Letzshop drop vir ze bereeden,  
dass Restauratioun och kënnt elo iwwert dee Wee den take away oder Liwwerung organiséieren,  
esou hätt Regierung kënne schnell der HORESCA hëllefen,  
si kennen digital fit maachen,  
hire Betrib oprecht erhalen. 

 
Mee och do, elo kennt Fermeture fir Restauranten,  
awer Letzshop huet nach keng Léisung bereet. 
E weidere Feeler. 
 
Komme mir elo zur Schoul,  
gleeft een dem Minister,  
ass d´Schoul quasi eng Zone mat Schutzschëld géint de Virus. 

Och wann schonn, bal kee méi am Land, dat gleeft.  

De Bildungsminister betount gären, dass d’Schoul quasi net déi Plaz ass, wou  d´Leit sech och géifen ustiechen. 

Mee do kann een awer da Fro stellen, 
wei et mam Transport an d’Schoul ass? 
 
Allgemeng, och bei den Erwuessenen, 

wien seet, 

dass déi Fäll wou een net weess; 
wou eng Infektioun war,  
net zum Deel aus dem Transport kommen? 

Mir Piraten hate viru Wochen an der Santéskommissioun ee Punkt ugeschwat,  
fir Chrëschtvakanz ze verlängeren,  
fir esou Infektiounen iwwert Chrëschtdag a Silvester net direkt duerno wieder ze ginn,  
mee sech eng natierlech Quarantän ze ginn 
vun 10 Deeg no Neijoer. 

Well egal wei eng Gesetzer,  
mir bezweifelen,  
dass sech d´Leit wäerte Chrëschtdag un nei streng Gesetzer halen,  
nee se wäerten déi Zäit an der Famill genéisse wëllen.  
 
Nach ass et net ze spéit,  
fir eis Propose vun der verlängerter Vakanz op ze gräifen,  
just fréi genuch der Educatioun Bescheed soen,  
net erëm Last Minute. 
 
Esou Moossname géinge méi bréngen,  
wei eng Ausgangsspär. 

Mee an der Meenung vun der Regierung:   
an de Schoulen,  
an am ëffentlechen Transport gëtt et jo kee Problem. 

Schmäerzhaft soen d´Leit schonn,  
fir sech ze treffen,  
kënnt een einfach gratis am Bus oder Zuch duerch d’Land fueren,  
do ka ganz Famill sech gesinn. 

Just den Desinfektiounsgel muss ee selwer matbréngen. 

Zeréck zu dem Commerce, 

Mécht een elo HORESCA Zou, 
feiert dat och zu Abousse bei anere Geschäfter an der Ëmgéigend souwéi de Liwweranten,  
der Landwirtschaft, de Wënzer a ville weideren. 

Mir Pirate wëllen dofir ze bedenke ginn, wéi wichteg et ass och deene klenge Commercen,  
déi elo nach weider wäerten ophunn,  
och finanziell iwwert d’Ronnen ze hëllefen. 

Wa mir net wëllen, dass no der Pandemie just nach e puer grouss Marken de Maart dominéieren, 

Dofir ass et wichteg, dass mir Projete wéi den 7703,  
an deem spezifesch Aiden fir de Mëttelstand virgesi sinn,  
esou séier wéi méiglech op den Ordre du jour setzen a stëmmen, 

Här President, 

Zum Ofschloss, a wei gëscht an der Kommissioun gesot,  
ass Zäit haut net esou knapp gemooss, 

komme mir mol op dee bestëmmte Punkt am Gesetz,  
wou déi mannste Famillje verstinn, well dee Punkt Familljen diskriminéiert. 

an zwar dee fir nëmmen 2 Leit doheem dierfen ze empfänken. 

Sécherlech mat de gréissten Aschnëtt an dem privat Liewen. 

Eng Reegel wou ouni Logik opgesat ginn ass:  
well se net wéi an anere Länner,  
seet een Haushalt,  
also Leit wou een all Moment Kontakt hunn,  
wat fir eis déi besser Wiel gewiescht wär, 
a wou fir mir eis och agesat hunn an der Santéskommissioun. 

Huele mir dat einfacht Beispill vun der Famill zu 4 wou d´Grousselteren op Besuch kommen, dat geet,  
awer déi selwecht 4 dierfen net bei d Grousselteren heem, 

Egal wei, 4+2 oder 2+4 ass ëmmer 6 an ëmmer de selwechten Inflatiounsrisiko. 

Mir brauche e bessert Mobilitéitskonzept,  
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht  
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen. 
 
——— 

Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol erreecht an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,  
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltreform dran, ma nee. 
 
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen. 
 
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.  
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl. 
———- 

Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,  
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen 

Déi Fro no der Kontroll,  
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass d’Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill. 

 
Gesetz huet do ee een grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg. 

 
Lokal Konzentratiounen ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss. 

Wisou net Kanner eraus huelen aus dem Gesetz?  
lauschtert een den Argumenter vun dem Educatiounsminister no fir d’Schoulen, kënnt een eng Ännerung maachen,  
dass Kanner am Gesetz erreicht ab 12 Joer betraff sinn. 

Et wären esou vill Méiglechkeete ginn,  
fir Familljen net ze diskriminéieren,  
mee nee,  
Regierung ass Stuer op hirer falscher Formel vun  
2 Leit bléiwen an net op den Haushalt iwwergaangen. 

Dir maacht Iech awer als Majoritéitsparteien, mat esou Manövere kee Gefalen,  
well geet Akzeptanz erof vun dem Gesetz, da ginn d’Infektiounen erop. 

Här Präsident,  
zum Schluss, 

Mir brauchen e bessert Mobilitéitskonzept,  
wat et de Leit erlaabt och um Wee fir ob d’Aarbecht  
oder an d’Schoul hier Distanzen anzehalen. 
 
——— 

Et ass dach esou absurd, eng Motioun vun déi Lenk, iwwregens vu leschter Woch, muss emol fir d’éischt an der Kommissioun diskutéiert ginn, ier eng Léisung kennt,  
do kënnt een elo mengen do stoung vun de Kolleegen eng Weltereform dran, ma nee. 
 
Et war just gefrot Desinfektiounsmëttel am ëffentlechen Transport un ze bréngen. 
 
Eigentlech schonn eng Schan a Blamage, dass eng Oppositiounspartei muss de Minister op esou eng banal Moossnam opmierksam maachen.  
Bis haut, ass nach ëmmer keng Moossnam geholl. 
———- 

Mir brauchen eng Léisung fir d‘Grandes Surfacen, wou et zwar eng Limitatioun vun engem Client pro 10qm gëtt,  
mee trotzdeem net verhënnert gëtt, dass sech d’Leit fir ee Mantel oder eng nei Spillkonsol iwwert d’Féiss falen 

Déi Fro no der Kontroll,  
hunn ech dunn och gestallt an der Sécherheetskommissioun, ma do gëtt drop gewaart , dass déi Grand Surface urifft, also wie wann ee géing uruffen, kommt ech verkafe grad ze vill. 

 
Gesetz huet do een ee grousst Laach, wat Grande Surface ugeet, D’Leit verdeelen sech schliisslech net reegelméisseg. 

 
Lokal Konzentratioune ginn duerch déi aktuell Reegelungen nach net ausgeschloss. 

Wat mir awer net brauchen,  
ass eng Ausgangsspär,  
vun där den Notze bis elo net bewise konnt ginn. 

 
just bewise gouf den enormen Opwand, se ze kontrolléieren. 

Eng Ausgangsspär wou de Minister vergiess huet, ee Formular auszeschaffen,  
dass d’Leit, sief et fir schaffen ze fueren,  
oder nach méi schlëmm,  
CGDIS fir op en Asaz,  
net musse wichteg Zäit verléieren an enger Kontroll. 

Mir schwätzen hei vun enger entscheedender Beschneidung vun eise Grondrechter,  

Mir hätten dëse Gesetzesprojet kéinten notzen,  
fir e Feeler reckgängesch ze maachen. 

Här President, 

Wann d’Mesuren an och d’Kommunikatioune vun der Regierung net koherent sinn,   
wéi sollen dann d’Leit dobaussen déi Reegele verstoen oder nach besser, déi akzeptéieren? 

Esou laang mir kee logeschen Text hunn,  
een Text deen den aktuelle Problemer koherent Mesuren entgéint stellt,  
kennen d’Piraten hiren Accord net ginn. 

Mir Pirate wäerten dëse Projet dofir net matstëmmen. 

Merci.   

RTL.lu: Och an der Fonction publique kee Recht op Teletravail

Mä wann et méiglech ass, kënnen 3 Deeg Teletravail d’Woch accordéiert ginn.

Den zoustännege Minister Marc Hansen huet e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber op eng urgent parlamentaresch Fro vum Pirat Marc Goergen geäntwert. Deen hat Prezisioune gefrot, nodeems de Premier e Samschdeg nees zu méi Teletravail opgeruff hat an dës Woch awer Staatsbeamten den Homeoffice refuséiert kritt hätten.

Et misst ee mat de Verwaltungscheffe kucken, wat méiglech ass. Teletravail wär op ville Plaze méiglech, op villen och net.

https://www.rtl.lu/news/national/a/1599323.html

Nee zu Atom!

Här Präsident,
léif Atomgéigner,

Iwwert Atom kinnt ee Stonnen schwätzen, vieles gouf scho gesott, an et kann een net genuch Kritik un der Technik ausschwätzen an net oft genuch de Risiko erwähnen.

Mir stëmmen haut iwwert ee Gesetz of, dat de Kader reegelt am Fall vun engem Schued duerch een nuklearen Accident, eng Situatioun wou hoffentlech ni antriede wäert.

Mir stëmmen haut dofir eis eegent Gesetz, wou de Kader gereegelt gëtt.

Soumat kënnen d’Leit an Zukunft hei op de lëtzebuergesche Geriichter kloen, wann de Schued vun engem nuklearen Accident kënnt.

Weiterlesen

Aktuell Situatioun an den Alters–a Fleegeheemer

Mir goufe vun e puer Persoune kontaktéiert, deenen hier Familljememberen an enger Fleegestruktur hei am Land ënnerbruecht sinn. Dës Leit hu mir zougedroen, dass hier Mammen, Pappen – respektiv hier Groussmammen a Grousspappen – konkret Symptomer vu COVID-19 gewisen hunn, mee, dass vu Säite vun de Fleegestrukture keng Demarchen ënnerholl gi sinn, fir déi betraffe Läit an ee Spidol ze schécken. 

Weiterlesen

Interimskontakter zu Lëtzebuerg

Wéi aus der Äntwert vum Aarbechtsminister op eis Froen ervirgeet, ass d’Unzuel vun den Interimskontrakter an de leschten 10 Joer an d’Luucht gaangen. D’Pirate begréissen, dass de Minister Enn 2019 eng Circulaire un d’Interimsagencen erausginn huet, mee dat geet net duer! Et geet och net duer, dass de Minister bei dësem Problem un d’Aarbechtsgeriicht verweist, well déi meescht betraffen Aarbechter et aus Geldmangel net riskéiere kënnen, juristesch Schrëtt géint hiren Ausbeuter anzeleeën.

Fir eis Piraten ass kloer: Interimsagencë benotzen Aarbechter als bëlleg Aarbechtskraaft a ginn hinne keng Perspektiven. Dofir muss d’Zeréckgräifen op Interim mat engem steierlechen Nodeel fir d’Interimsagence an d’Firma méi onattraktiv gemaach ginn. D’Regierung muss hei selwer handelen, wann si wëll kredibel sinn.

Weiderliesen

Tageblatt: Parkhaus für Fahrräder: Abgeordnete billigen große Investitionsvorhaben

Allein die Piratenpartei wollte sich nicht klar zum Gesamtpaket an Projekten positionieren, sei ja nicht bekannt, ob derzeit vorgesehene Projekte in wenigen Monaten noch aktuell seien, so Marc Goergen. Gemeint war dabei das Projekt eines Kerosinlagers auf Findel. Probleme haben die Piraten u.a. mit der geplanten Spur für Fahrgemeinschaften auf der A6. Besser wäre es, entsprechende Erfahrungen auf belgischer Seite abzuwarten. Mit dem Verschwinden der Pannenspur werde zudem auch ein Stück Sicherheit verschwinden. Die Piratenpartei enthielt sich bei der Motion, die der Regierung die Weiterführung der Planungsarbeiten zu den einzelnen Projekten erlaubt.

Wort.lu: Große Pläne, auch nach der Krise

4 Infrastrukturprojekte standen in der Chamber zur Debatte. Wegen der Coronakrise blieb die Hauptfrage nach welchen Maßstäben man die Projekte priorisieren soll.

Nur die beiden Abgeordneten der Piraten enthielten sich während der Abstimmung. Der Piraten-Abgeordnete Marc Goergen hatte die Enthaltung bereits während der Debatte angekündigt: „In ein paar Monaten werden nicht alle Bauprojekte vonnöten sein. Nehmen wir das geplante Tanklager in Findel. Keiner weiß, wie sich die Luftfahrtbranche entwickeln wird.“

Video + Ried – Thema: Huissier de Justice

Mir Pirate schütze jiddereen am Land! 💪

Merci fir déi vill Messagen no menger offener & éierlecher Ried an der Chamber. 🤩

Wei sinn deng Erfahrungen mam Dierwiechter? 🧐

Ech weess et ass net einfach driwwer ze schwätzen, ëmsou méi Respekt fir déi vill Messagen. #whistleblower

✍️ Thema: Huissier de Justice

Här Präsident, 

Haut diskutéiere mir iwwert eng kleng Ännerung am Gesetz ronderëm Dierwiechter, fir hinnen d’Aarbecht ze erliichteren. Beruffsgrupp vum Huissier de Justice huet per Gesetz d’Aufgaaben Riichterentscheedungen duerchzesetzen an offiziell Akten ze produzéieren. 

D’Leit hei am Land verbannen d’Aufgab vum Dierwierchter awer virun allem mat dem vum Geldandreiwer.  

Et ass déi Aufgab, déi bei de Léit am Land wuehl déi bekanntsten ass, wann den Dierwiechter virun der Dier steet a schellt fir Geld sichen ze kommen.  

Mir Piraten hannerfroen ganz kritesch, ob elo an enger Krisenzäit nach sollten Dierwiechter eraus bei de Bierger, déi aktuell villäicht selwer kee Salaire kréien oder soss finanziell Problemer hunn während dëser Kris.  

Weiterlesen

Expositioun vun doudegen Déieren am Casino-Lëtzebuerg?

An engem Bréif froen ech de Casino Lëtzebuerg ëm Informatioune ronderëm eng Konschtausstellung, an där scheinbar doudeg Déieren ausgestallt sinn.

20200327-Bréif-Piraten

Déi Dammen an Hären,

d’Zeitung L’essentiel beriicht an engem Artikel vum 8te Mäerz iwwert eng Konschtausstellung vun der Madamm Jung beriicht, déi an de Gebailechkeeten vum Casino-Lëtzebuerg ze gesinn ass.

Op dëser Ausstellung fannen sech eng sëllegen Konschtartikelen, déi, wéi op Fotoen z’erkennen ass, aus Déierekadavere bestinn.

Ech wollt an dem Zesummenhang den Aussteller gäre froen, ob et sech bäi den Ausstellungsstécker ëm richteg Déieren – respektiv Déierekadaveren – handelt. Falls jo:

  • Ëm wéi eng Déieren handelt et sech?
  • Vu wou kommen dës Déieren?
  • Wéi ass de Message vun der Kënschtlerin an dem Kontext ze verstoen? Wéi eng Roll spillen d’Déierekadaveren an dësem fräien Konschtkonzept a wat fir ee Message wëll d’Kënschtlerin dem Observateur mat op de Wee ginn?

 Ech géif mech op eng Réckmeldung Ärerseits freeën.

Mat frëndleche Gréiss,
Marc Goergen

Source: Facebook-Account vun der Ministesch fir Kultur