Formatioune fir d’Chauffere vum Adapto?

Wéi de Minister ugekënnegt huet, wäert am Kader vun der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport och den Adapto-Service gratis ginn, nodeems schonn dat lescht Joer verschiddenen Deputéierten aus der Oppositioun dëst gefrot haten, ënnert anerem an enger Motioun vum 19te Juni 2019. An dem Kontext ass eng Reform vum Adapto virgesinn, an der et dorëms geet, d’Krittäre fir d’Eligibilitéit vum Adapto ze iwwerschaffen. Den Adapto wäert an Zukunft also nei funktionéieren, woubäi sécher déi eng oder aner Verbesserung wäert kënnen agefouert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Fro gestallt:

  1. Wäert de Ministère am Kader vun der Sécherheet an der Qualitéit vum Adapto-Service de Chauffere Formatiounen ubidden, fir verschidde Situatiounen am Kader vun hirer Aarbecht besser ze meeschteren (z.B. wat maache mat engem Passagéier, deen d’Bewosstsinn verléiert oder wéi reagéieren, wann eng Persoun een Epilepsieufall huet, etc.)? 
    Falls nee, firwat net?

Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS – Nofro

A menger parlamentarescher Fro n°971 hat ech d’Inneministesch iwwert d’verspéit Nobezuelunge beim CGDIS befrot. An hirer Äntwert schreift d’Ministesch :

Fir déi Asätz, déi tëschent dem 1. Juli 2018 an dem 1. Juli 2019 gefuer gi sinn, huet de Verwaltungsrot vum CGDIS, den 27. Juni 2019, no der Analyse vun den disponibelen Donnéeën, der Direktioun den Optrag ginn, fir de Solde vum Budget “prorata” op d’Unzuel vun Asatz pro Member opzedeelen an auszebezuelen. […] Uganks August krut d’Firma, déi fir de Programm fir d’Gestioun vun den Interventionen (LuxDoc) zoustänneg ass, den Optrag fir all d’Donnéeën déi néideg si fir d’Ausbezuele vun den Asatz aus dem LuxDoc ze zéien. No engem Contrôle vun den Zuelen, kënnen d’Indemnitéiten iwwerwise ginn, woubai och all déi Memberen eppes kréien, déi net u feste Garden oder Permanencen deelgeholl hunn, mee bei enger “Alerte générale” op den Asaz waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Sinn, Stand haut, all deemools ausstoend Indemnitéiten ausbezuelt ginn? Falls net, wéi vill Suen, opgeschlësselt no Typ vun Indemnitéit si bis haut net un d’Pompjeeën ausbezuelt ginn an aus wéi engem Grond net?
  2. Wéi vill Euro/Stonn hunn d’Benevole beim CGDIS zegutt, 
    • déi Bereetschaftsdéngscht (Status 2) maachen?
    • déi Kasärendéngscht maachen?
  3. Existéieren, nieft deem vun der Ministesch ugeschwaten interne Reglement, aner Dokumenter, an deenen d’Fräiwelleger vum CGDIS noliese kënnen, wat si als Indemnisatiounen zegutt hunn? Falls net, wär et fir d’Fërdere vun enger gudder interner Kommunikatioun tëschent der Direktioun an de Fräiwellege beim CGDIS net opportun, esou een Informatiounsblat opzestellen?

Wéini gëtt d’Bio-Poubelle endlech flächendeckend agefouert?

D’Chamber hat de 16te Mee 2019 am Kader vun der Debatt zum Klima eng Motioun adoptéiert alles ze ënnerhuele fir Lëtzebuerg zum Spëtzereider an der Offallvermeidung an Offallverwäertung ze maachen. Um Punkt 10 gëtt d’Regierung invitéiert “à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg”. D’Motioun nennt awer keen Datum bis wéini dës Mesurë mussen ëmgesat ginn. Dee gläichen Dag gouf eng Motioun vun de Piraten ofgeleent, déi mam 1.1.2020 ee konkreten Datum fir d’Aféiere vun enger Bio-Poubelle am ganze Land gefuerdert hat an dat ënnert dem Virwand, dass de Punkt 10 vun der adoptéierter Motioun dëst géif virgesinn. 

Weiderliesen

Contournement Dippech-Gare

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3845 vum honorabelen Deputéierte M. Hahn aus dem Joer 2018 hat de Minister Informatiounen zum Bau zum Contournement vun Dippech-Gare ginn.

An dem Zesummenhang hu mir dem Minister weider Froe gestallt:

  1. Confirméiert de Minister, dass de Bau vum Contournement Dippech-Gare zäitlech verréckelt muss ginn, wëll eng Impaktstudie op Basis vum Naturschutzgesetz vun 2018 feelt? Wa jo, wat sinn d’Grënn, dass d’Verwaltung vum Minister, déi reegelméisseg mat esou Projete chargéiert ass, vergiess huet déi néideg Autorisatioun(en) unzefroe respektiv ze verlängeren?
  2. Wéi warscheinlech ass et, dass de Projet eventuell bei déi fir Natura2000-Zonen zoustänneg EU-Instanze geschéckt muss ginn?
  3. Wéi warscheinlech ass et, dass eng nei Variant vum Tracé ausgeschafft muss ginn?
  4. Wéi vill Jore Retard kritt de Bau vum Contournement der Aschätzung vum Minister no?
  5. Si bis zur Fäerdegstellung vum Contournement Mesure virgesinn, fir déi aktuell Verkéierssituatioun op der Dippecher Gare z’entlaaschten?

Eng Fro iwwert de Verkéier am Norde vum Land

All Daach fuere ronn 20 000 Autoen duerch d’Uertschaften Hengescht, Housen, Houschterdéckt. D’ganz N7 soll duerch Reamenagementer (Echangeuren, Leitplanken, etc.) an noer Zukunft geséchert ginn. De Contournement Housen ass an deem Kontext ee wichtegt Puzzelstéck. Allerdéngs wäerte vill Kilometer vun der N7 och weiderhin duerch kleng Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit vun de Leit weider belaaschten. Dierfer wéi d’Houschterdéckt wäerten och weiderhi staark iwwerlaascht bleiwen, notamment duerch den Transitverkéier.

Keng Plaz am Zuch fir Passagéier zweeter Klass?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1710 vum honorabelen Deputéierte M. Schank confirméiert de Minister d’Iwwerlaaschtung vu verschiddenen Zich. De Minister schreift, dass duerch d’Bäikafe vun neie Waggonen d’CFL an de nächste Joren d’Passagéierkapazitéite fir d’éischt an déi zweet Klass erhéije wäert.

Am Uschloss op dës Fro wéilt ech dem Minister folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Sëtzplazen existéieren aktuell an allen Zich vun der CFL? Wéi vill dovunner entfalen op d’zweet Klass? Wéi vill dovunner entfalen op déi éischt Klass?
  2. Wat ass d’Gesamtkapazitéit vun allen Zich (Sëtz– a Stéiplazen) vun der CFL?
  3. Wéi vill Passagéier sinn 2019 an der zweeter Klass matgefuer a wéi vill an der éischter Klass?
  4. Wann all d’Sëtzplazen an der  éischter Klass ofgeschaaft géife ginn, wéi vill Platze (Sëtz– a Stéiplazen) kéinten da fir d’zweet Klass liberéiert ginn?
  5. Ass et fir de Minister virstellbar, de Prinzip vun der Zwee-Klassen-Trennung ofzeschafen? Falls nee, aus wéi Grond ënnerstëtzt de Minister den Erhalt vun enger éischter Klass?
  6. Wéi vill Recetten huet d’CFL 2019 duerch de Verkaf vun Tickete fir d’éischt Klass generéiert ? Wéi vill maachen dës Recettë par Rapport zu de Käschte vun der CFL aus?

Ministerautoe fir privat Trajeten?

An engem RTL-Reportage vum 3te Februar 2020 huet den Ex-Wirtschaftsminister folgend Behaaptung gemaach:

„Dat eenzegt, wat mir wäert feelen, ass datt ech mech net méi hannen an den Auto sëtze kann a vir wäert ee fueren. Bis e Kolleeg mech drop opmierksam gemaach huet, dass ech och keen Auto méi hunn ab dem 5. An dat ass effektiv richteg, elo muss ech mech och nach dorëms këmmeren.”

Weiderliesen

Wéi ass d’Roll vum Partner vu Regierungsmemberen zu Lëtzebuerg gereegelt?

De 24te Januar 2020 huet de Sonnerbeoptraagte vum Premierminister säi Rapport iwwert de groussherzoglechen Haff deposéiert. Am Rapport gouf nieft der Finanzgestioun nämlech och d’Organisatioun vum Haff an dorënner d‘Roll vun der d‘Grande-Duchesse ënnert d’Lupp geholl. Hei schreift de Rapporteur:

(1)„[…] le rôle de la Grande-Duchesse qui exerce une fonction purement représentative ne devrait pas être un sujet de discussion.“ (Säit 30)

Weiderliesen

Expo 2020 Dubai – Aarbechtskonditiounen

A virege parlamentaresche Froen (n°647 a 1567) hat ech d’Regierung ëm Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Bedeelegung un der Weltausstellung zu Dubai gefrot. Iwwert meng Froe par rapport zum Aarbechtsrecht op der Weltausstellung verweist d’Regierung an zwou Äntwerten op méi streng a wäitgoend Aarbechtskonditiounen, déi den Organisateur a senger „Worker Welfare Policy“– Charta ernimmt. Den Organisateur gëtt selwer iwwerdeems un, dass wärend der Haaptbauphase iwwert 40000 Bauaarbechter um Site vun der Weltausstellung wäerte schaffen.

Weiderliesen

Jugendschutz – Wéi vill Mannerjäreger sinn a Prisongen fir Erwuessener?

D’UN-Kannerrechtskonventioun gesäit Folgendes vir:

“En particulier, tout enfant privé de liberté sera séparé des adultes, à moins que l’on estime préférable de ne pas le faire dans l’intérêt supérieur de l’enfant (…)” (Artikel 37c).

D’lescht Joer hat de Marc Goergen a senger parlamentarescher Fro n°595 gefrot, wéi vill Jugendlecher insgesamt zu Lëtzebuerg an engem Prisong ënnerbruecht goufen. D’Zuelen aus der Äntwert vum Minister weisen, dass säit 1992 ëmmer erëm Jugendlecher a Strukturen fir Erwuessener ënnerbruecht goufen. Wärend déi international Normen d’Placéiere vu Mannerjäregen a Prisongen kloer als Ausnam definéieren, ass dës Praktik zu Lëtzebuerg also säit ville Joren duerchaus geleefeg. 

Weiderliesen