US-Dronenugrëff am Iran: war Lëtzebuerg iwwer d’SES mat bedeelegt?

De Verdeedegungsminister huet der Entwécklung vun der Satellitenindustrie an de leschte Joren eng wichteg Roll zoukomme geloos, wouduerch d’Satellitekommunikatioun ee wichtege Pillier vun der militärescher Entwécklung vun eisem Land ginn ass. Och am Koalitiounsaccord huet d’Regierung sech d’Maitrise “des technologies satellitaires et de communication” op de Fändel geschriwwen.

Allerdéngs ass den Asatz vun der Satellitentechnologie immenz ëmstridden. Wéi d’Tageblatt an engem Artikel vum 9. Januar 2020 schreift, ass bekannt, dass deen zu Lëtzebuerg usässege Satellitenbedreiwer SES iwwert seng Duerchtergesellschaft “SES Government Solutions”mam US-Militär an hirem Militärdrohnenarsenal zesummeschafft. Virun e puer Deeg huet d’US-Militär mat esou enger Militärdrohn een Attentat op den iranesche Generol Qasem Soleimani verübt, wat den Ausseminister selwer an engem Wort-Artikel vum 9.1.2020 als “lamentabel an terrifiant” bezeechent huet. 

Den Informatiounen vum “Recueil des participations directes, établissements publics et groupements d’intérêts économiques de l’état”no besëtzt de lëtzebuergesche Staat 12,60% (ronn 72 Milliounen Euro) Undeeler bei SES. Iwwerdeems bedreift de lëtzebuerger Staat zesumme mat der Firma SES de GovSat-1-Satellit, dee virun allem fir militäresch Zwecker agesat gëtt. De Verdeedegungsminister gëtt op ww.100komma7.lu zitéiert

ouni dës Ausgaben hätt Lëtzebuerg seng Engagementer vis-à-vis vun der NATO, wat d’Militärausgaben ugeet, net kënnen anhalen.

No engem Beriicht op NDR.de aus dem Joer 2014 ginn d’Drohnenugrëffer vum US-Militär iwwert d’US-Militärbasis zu Ramstein an Däitschland gelenkt.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann déi lëtzebuergesch Regierung versécheren, dass Lëtzebuerg a kenger Aart a Weis, direkt oder indirekt, um Drohnenuschlo vun den USA am Iran bedeelegt war? 
  2. Kënnen d’Ministeren zu 100% ausschléissen, dass Material an/oder Servicer benotzt goufen, fir dësen Uschlo ze realiséieren, déi a Verbindung mat enger Firma stinn, un där de lëtzebuergesche Staat Undeeler besëtzt?

Kontrolle vu Juegdschäiner

Am Kapitel 9 vum Juegdgesetz ass festgehalen wéi de Juegdschäin (Permis de chasse) zu Lëtzebuerg ausgestallt gëtt. An dësem Gesetz ass iwwerdeems virgesinn, dass den zoustännege Minister engem Jeeër de Juegdschäin a bestëmmte Fäll kann entzéihen. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. D’Artikelen 61 bis 65 ernimmen déi verschidde Juegdschäiner, déi kënnen ausgestallt ginn. Dës sinn :
    • le permis annuel
    • le permis de trois jours, appelé permis d’invité
    • le permis de service
      Wéi huet d’Gesamtunzuel u Juegdschäiner an de leschten 10 Joer variéiert (opgelëscht no Schäin an no Joer)?
  2. Den Artikel 60 vum Gesetz gesäit vir, dass Jeeër mat engem auslännesche Juegdschäin eng Equivalenz zu Lëtzebuerg ufroe kënnen. Wéi vill Juegdschäiner sinn an de leschten 10 Joer op Basis vum Artikel 60 ugefrot an accordéiert, respektiv refuséiert ginn (opgelëscht pro Joer)? 
  3. Wéi vill Lëtzebuerger hunn hiere Juegdschäin am Ausland gemaach an eng Equivalenz zu Lëtzebuerg ugefrot (opgeschlësselt no Land a Joer)? 
  4. Wéi oft sinn d’Juegdschäiner tëschent 2014 an 2019 kontrolléiert ginn (opgelëscht pro Joer)?
  5. Wéi vill Juegdschäiner sinn an de leschten 10 Joer agezu ginn (opgelëscht no den Dispositiounen an den Artikelen 68 a 69 an no Joer)?
211060-2

Muttwëlleg Vergëftunge vun Déieren duerch Rategëft

Op de soziale Medien hunn an der leschte Méint eng Rëtsch Läit annoncéiert, dass hiert Hausdéier – meeschtens sinn et Hënn – Affer vun enger mutwëlleg erbäigefouerter Vergëftung ginn ass, well onbekannt Persoune mat Rategëft preparéiert Fleeschköderen a Gäert oder op ëffentleche Platzen ausgeluecht hunn, mam Zil, dass d’Déier de Köder frësst. Tatsächlech sollen och schonns e puer Déieren doduerch gestuerwe sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Kann d’Regierung esou Fäll confirméieren? Falls jo, wéi vill Fäll sinn an de leschten 5 Joren bekannt ginn?
  2. Wéi vill Mol goufen d’Täter vun esou enger Aktioun erwëscht a veruerteelt? 
  3. Wat kéint een der Regierung no ënnerhuelen, fir ze verhënneren, dass Déieren mutwëlleg vu Persounen vergëft ginn?

Fluchverbuetszon am mëttleren Osten

No den Onrouen am Iran/Irak, wëlle mir vum Minister wëssen, ob och d’Cargolux de Loftraum fir de Moment sollt vermeiden.

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Mobilitéit & Verdeedegung weiderzeleeden.

Nodeems an de leschten Deeg Rakéite vum iraneschen Territorium aus fortgeschoss goufen, huet d’US Federal Aviation Administration ugekënnegt, dass bis op Weideres keng amerikanesch Cargofligere méi dierfen iwwert den iraneschen an irakesche Loftraum fléien. 

Och d’Cargolux ass geschäftsméisseg am iraneschen an irakesche Loftraum ënnerwee.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wäert de Minister, änlech wéi d’USA, bis op Weideres een Iwwerfluchverbuet fir zu Lëtzebuerg registréiert Cargofligeren am Iran an am Irak ausspriechen? 
  2. Wéi begrënnt de Minister seng Entscheedung?

Späre bei Handysabonnementer – firwat muss de Client dofir bezuelen?

Ee Client, deen zu Lëtzebuerg een Abonnement fir Telefon an Internet kafe wëll, huet de Choix tëschent verschiddenen Ubidder a verschiddene Flatraten, déi jeeweils verschidde Servicer beinhalen. Esou existéieren Abonnementer, bei deenen de Konsument kann illimitéiert uruffen, SMSe verschécken an am Internet surfen. Et ginn awer och Flatraten, bei deenen dës Servicer op ee fixe Montant begrenzt sinn, wou et dem Konsument awer fräi iwwerlooss ass, méi Donnéeën ze verbrauchen de Moment, wou hien d’Limitt vu sengem Abo eréecht. Dës Zousazleeschtunge kritt de Client dann um Enn vum Mount verrechent. 

Verschidden Telekomsentreprisë bidden hire Clienten an dësem Zesummenhang eng Sperrfunktioun un, déi dofir suergt, dass de Client net méi Uriff maache kann an och keng weider Online-Donnéeë ka verbrauchen, wéi a sengem Kontrakt virgesinn sinn. Dës Spär gesinn d’Entreprisen awer als Service an esou muss de Client bezuele wann hie wëll, dass dës automatesch Spär gräift.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz der Meenung, dass dës Aart vu Spären dem Client käschtefräi missten ugebuede ginn?
  2. Wär et net am Sënn vum Konsument, dass hien der Telekomsentreprise säin explizitten Accord misst ginn, am Fall wou hien seng Daten iwwerschreit an hien och an dem Moment iwwert déi méiglech ufalend Käschten direkt informéiert gëtt?

FRO.LU: gëtt d’Liewensqualitéit vun den Awunner bei Schantjeen a Betruecht gezunn?

Eng Fro gouf gestallt op www.fro.lu

An der Route de Remich (Nationalstrooss 2) zu Moutfort si säit iwwer dräi Joer verschidde Stroossenaarbechten duerchgefouert ginn. Op dëser Strooss fueren – den Zielunge vun den Awunner no – all Dag bis zu 12500 Autoen an 200 Camionen. 

Well de Belag vun dëser Haaptstrooss trotz de villen Aarbechte bis elo ni eenheetlech frësch gemaach gouf, hunn sech eng ganz Rëtsch Onebenheeten am Belag gebild, déi zu erhieflechem Kaméidi a Vibratioune féieren, wann Autoen driwwer fueren. Op Videoe vun Awunner ass souguer ze gesinn, wéi beim Passage vu méi schwéiere Gefierer ganz Haiser zum wackele kommen, esou dass Schied u Gebaier net ausgeschloss kënne ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister d’Situatioun vum Schantjen an der Route de Remich zu Moutfort retracéieren an erklären, firwat de Schantjen elo bal 4 Joer undauert? Firwat gouf an deene 4 Joer net zumindest eng Partie vum Belag geriicht?
  2. Huet de Minister Kenntnis dovunner, dass Awunner aus der Moutforter Gemeng ee Bréif u Ponts et Chaussées geschriwen hunn, an dem si op d’Vibratiounen, déi duerch den Transitverkéier entstinn, opmierksam maachen? Wéi ass ee säitens dem Ministère op d’Ufroe vun den Awunner agaangen?
  3. Firwat ass fir d’Dauer vun de Stroossenaarbechte keng Vitesslimitatioun vun 30km/h agefouert ginn?
  4. Gëtt bei laang undauernde Stroossenaarbechte probéiert d’Beanträchtegung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner ze miniméieren?
    • Falls jo, wéi eng Mesurë gi geholl?
    • Falls nee, firwat hält de Minister dëst fir net noutwenneg?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

iPads an de Schoulen: wat geschitt dono?

Am Kader vun den agefouerten iPads hunn ech dem Bildungsminister schonns e puer Froe gestallt. Eng weider Fro, déi sech stellt, ass déi, wat mat den Tablette geschitt, nodeems se am Bildungsministère ausgedéngt hunn. An der Äntwert op meng Fro n°617 schreift de Minister

D’Ziil ass, d’Notzung vun den iPads esoulaang wéi méiglech ze verlängeren. Et ass ugeduecht datt, no enger Notzung an de Schoule vu véier Joer, déi Apparater déi nach gutt fonctionnéieren, weiderhi kënnen agesat ginn, andeems se fir e gerénge Prais u Schüler verkaf ginn oder un Associatioune verdeelt ginn. Déi Apparater déi net méi fonctionnéieren ginn fachgerecht entsuergt a recycléiert. 

Effektiv ass et esou, dass d’Schüler den iPad op Basis vun engem Forfait lounen. No e puer Joren huet de Schüler dann d’Méiglechkeet, den iPad zum Reschtwäert ofzekafen a fir de private Gebrauch ze benotzen. D’Schüler hunn awer och d’Optioun, den iPad net ofzekafen, woubäi d’Gerät dann am Besëtz vum Bildungsministère bleift. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. De Minister rechent mat enger Liewensdauer vu ronn 4 Joer bei de meeschten iPads. Heescht dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär nom aktuelle System all 4 Joer een neien iPad kritt, falls säin aktuellen iPad net méi funktionéiert? Wéi eng Krittäre gi fir de Fonctionnement vun der Tablette a Betruecht gezunn?
  2. Eng Schoulkarriär dauert, ouni d’Widderhuele vu verschiddene Cyclen, ronn 15 Joer. Falls d’Liewensdauer pro iPad 4 Joer bedréit, bedeit dat, dass ee Schüler wärend senger Schoulkarriär bis zu véier nei iPads vum Ministère verleast kritt? Falls dëst zoutrëfft, stellt dës Praxis fir de Minister eng nohalteg Prozedur duer?
  3. Ass fir all Schüler wärend senger Schoulkarriär virgesinn nëmmen ee Mol vun der “Leasingoffer” fir iPads kënnen ze profitéieren? Falls nee, wéi wëll de Minister verhënneren, dass d’Schüler ëmmer ërem nei iPads leasen aplaz se ofzekafen? 

FRO.LU: Besteierung vu Secondhand-Artikelen

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt, d’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ëmzesetzen. A menger parlamentaresch Fro n°1401 bekräftegen déi zoustänneg Ministeren dës Approche.

An dem Kader stellt sech d’Fro vun der Besteierung vu Secondhandprodukter, wéi zum Beispill IT-Hardware oder och der Kleedung. Aktuell ass et esou, dass ee Secondhand-Geschäft, dat benotzte Produiten vu Privatpersounen ofkeeft an dës am Uschloss erëm verkeeft, d’TVA op dës Produkter erhiewt an un de Staat weiderleed an dat, obwuel d’TVA schonns bei der éischter Transaktioun um Produkt erhuewe gouf.

Ugesiichts dem Fakt, dass d’Textilindustrie an Elektrotechnik een immens groussen ekologesche Foussofdrock hannerloossen, wär et opportun, d’Erëmbenotzung am Kader vun enger aktiver a responsabeler Klima– an Ëmweltpolitik an der Ëmsetzung vun der Kreeslafwirtschaft ze fërderen andeems dës Produkter méi bëlleg ugebuede kéinte ginn.

An deem Zesummenhang hunn ech de Ministeren dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’TVA och fir Secondhandprodukter eng weider Kéier erhuewe misst ginn?
  2. Plang d’Regierung am Kader vun der Steierreform och Secondhand-Produkter mat 3% ze besteieren? Falls nee, schléisst d’Regierung aus, ee bëllege Steiersaz vun 3% op Secondhand kategoresch aus?
  3. Wéi eng Mesuren ënnerhëlt dës Regierung aktuell, fir d’Kreeslafwirtschaft spezifesch am Beräich vun IT-Hardware souwéi och der Kleedung ze fërderen? Wäerten d’Textilindustrie an d’Produktioun vun neier Elektrotechnik an der ugekënnegter Steierreform och viséiert ginn?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vu  www.fro.lu

Mega-Tankstell zu Rodange

Zënter Jore kënnt et um Dräilännereck zu Rodange reegelméisseg zu stonnelaange Stauen. De Grond dofir sinn d’Camionen, déi um Transit iwwert d’Avenue de l’Europe op d’Nationalstrooss N5 zu Rodange ofbéien, fir do op enger Tankstell hiren Tank ze fëllen. De Grond firwat d’Camionen all op Rodange fueren, leit op der Hand: d’Transportentreprisë profitéiere hei vu méi bëllege Präisser op de Liter Dreifstoff. Doduerch, dass eng Rëtsch Entreprisen duerch Firmen-Tankkaarte priviliéiert Präisremisen op den Diesel kréien, lount et sech fir d’Camionschaufferen hire Plein zu Rodange ze maachen. Dëst zum Matleed vun de ville Residenten, well d’Camionen an deelweis kilometerlaange Staue bis op d’belge Grenz erop d’Stroossen zu Rodange onbenotzbar maachen.

Wéi den L’essentiel an engem Artikel vum 27.12.2019 beriicht, soll mam Stau awer geschwënn Schluss sinn. D’Gemeng Péiteng well nämlech bei der Avenue de l’Europe op der lëtzebuergescher Säit mam Ministère zesummen eng Mega-Tankstell mat 10 Zapsailen op der der Avenue de l’Europe autoriséieren. Dës Tankstell soll dann och all Tankkaarten akzeptéieren, soudass d’Camionen, déi nach méi bëlleg tanke wëllen, net méi den Ëmwee iwwer Rodange maache mussen. 

Fir d’Berouegung vun der Verkéierssituatioun ass dëst sécherlech erfreelech, allerdéngs stellt sech Fro, wéi Lëtzebuerg op der enger Säit aus dem Tanktourismus erausklamme soll, wärend op der anerer Säit den Tankstellereseau weider ausgebaut gëtt. A menger parlamentarescher Fro n°1552 hat ech d’Ministere schonns iwwert d’Zukunft vun den Tankstellen zu Lëtzebuerg gefrot.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wou genau soll d’Tankstell op der Avenue de l’Europe gebaut ginn a wéi vill Liter Dreifstoff sollen all Joer hei verkaf ginn? 
  2. Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et op laang Siicht nohalteg ass, eng Mega-Tankstell op der Avenue de l’Europe éischtens opbauen ze loossen, zweetens z’erhalen an dat an engem Kontext wou d’Regierung dach plangt, aus dem Tanktourismus erauszeklammen? 
  3. Wéi eng Ëmweltmesurë sinn ugeduecht, fir de Site, wou déi Mega-Tankstell gebaut soll ginn, ze kompenséieren?

FRO.LU: Silvesternuecht a Freedefeier: firwat gëllen an all Gemeng aner Reegelen?

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Virun net allze laanger Zäit war et gudde Brauch, dass op der Silvesternuecht d’Bierger dat neit Joer mat engem private Freedefeier begréisst hunn. Dëse Brauch gouf an de leschte Jore reviséiert, sief et aus Grënn vum Déiereschutz, der bannenzeger Sécherheet oder aus anere Grënn. 

Elo ass et zu Lëtzebuerg awer nach laang net esou, dass d’Freedefeier engem generelle Verbuet ënnersteet. Ganz am Aklang mat der Gemengenautonomie decidéiert all eenzel vun den 102 Gemengen hei am Land, ob d’Schéisse vu Knupperten a Rakéiten zur Silvesternuecht erlaabt ass oder net. 

Wärend an e puer Gemengen ee generellt Verbuet fir d’Zünden vu Knupperten um Territoire vun der Gemeng gëllt, limitéieren aner Gemengen den Zäitraum wou gezünd däerf ginn. Aner Gemengen erlaben dogéint d’Zünden op privaten Terrainen, wärend erëm aner Gemengen nëmmen d’Empfeelung ginn, fir kee Freedefeier ze schéissen. Ee richtegt Verbuet stellt dëst awer net duer. 

Duerch dee ganzen Amalgamm u Gemengereglementer fannen d’Bierger hei am Land sech mat enger Panoplie u Reegelen erëm, déi vu Gemeng zu Gemeng anescht ass an zur Rechtsonsécherheet hei am Land bäidréit. Dës Weideren ass et aus engem objektiven Siichtpunkt aus net fair, dass Bierger aus enger Gemeng d’Zünde vu Freedefeier verbuede kréien, wärend an der Nopeschgemeng jidderee mat de Knupperte schéissen däerf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis zum privaten Ofschoss vu Freedefeier? 
  2. Ass d’Regierung fir oder géint ee Verbuet vu privat organiséierte Freedefeier bei offizieller Feierdeeg?
  3. Ugesiichts der Panoplie u verschiddene Gemengereglementer zum Thema Freedefeier, gesäit d’Regierung een Ulooss, fir op nationalem Niveau d’Benotzung vu Freedefeier soit méi aschränkend, soit méi oppen ze legiferéieren? Falls jo, wat wäert d’Regierung ënnerhuelen?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu