RTL.lu: 70 Milliounen Euro sollen an Zuchstreck investéiert ginn

Dat äntwert den zoustännege Minister op déi parlamentaresch Fro vum Marc Goergen vun de Piraten.

An den nächste Jore solle méi wéi 70 Milliounen Euro an d’Zuchstreck tëscht Ëlwen an der Stater Gare investéiert ginn. Ënnert anerem soll zu Ëlwen e Park-And-Ride-Parking entstoen a verschidden Arrête solle moderniséiert ginn. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéits- an Infrastrukturminister François Bausch ervir, op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten Marc Goergen.

D’Dauer, déi ee fir dës Streck brauch, wier iwwerdeems awer net kloer festzeleeën. En Deel vun der Streck verleeft nämlech nach ëmmer eegleiseg. Dat géif schonn e bëssen Zäit kaschten, gëtt de Minister zou. Geplangt wier och en Deel vun den Zich mat Internetzougang ouni Kabel z’equipéieren. Allerdéngs géif déi Verbindung och dann nach ëmmer vun der Qualitéit vum Handy-Reseau ofhänken, esou de François Bausch

Froen zu der Aarbecht vun der Veterinärsinspektioun

Mam d’Gesetz vum 14te Juli 2015 ass d’Veterinärsinspektioun an d’Liewe geruff ginn. Dës Verwaltung huet als Missioun, ze kontrolléieren, dass déi bestoend Gesetzer iwwert den Ëmgang mat Hausdéieren, Notzdéieren an och Déiereproduiten agehale ginn. D’Aufgabefeld vun der Veterinärsverwaltung ass deementspriechend grouss an d’Erausfuerderungen am Alldag oft ganz verschidden. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech de Personalbestand bei der Veterinärsinspektioun säit der Grënnung entwéckelt?
  2. Wéi vill Verstéiss goufen säit hierer Grënnung vun der Veterinärsinspektioun festgestallt? Wat waren déi gängegste Verstéiss?
  3. Wéi vill Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz vun 2018 goufen an deene jeeweils leschten 2 Joer festgestallt? Wat waren déi gängegste Verstéiss?
  4. Wéi sinn d’Kontrolle bei der Veterinärsinspektioun organiséiert? Waart d’Veterinärsinspektioun bis se op ee Fall opmierksam gemaach gëtt oder fueren d’Beamte systematesch op eegen Initiativ eraus? Wéi vill Aarbechtsstonne goufen an de leschte 5 Joer mat Kontrollen um Terrain verbruecht?

Déiereschutz an de Schluechthaiser – wéi gutt gëtt kontrolléiert?

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video, an dem d’Schluechtprozedur an engem Schluechthaus zu Lëtzebuerg opgehol gouf. D’Szeen gouf verstoppt gedréint a weist de Raum, wou d’Déieren zerluecht ginn.  Am Video ass kloer ze gesinn, wéi eng Kouh ouni Betäubung dout gemaach ginn ass. De Video weist wéi d’Déier, wat nach gelieft huet an nach zuckt, bei vollem Bewosstsinn den Hals opgeschnidde kritt.

Weiderliesen

Wéi vill Mineure waren tëscht 2014 an 2018 zu Schraasseg?

Am Zäitraum vun 2014 bis 2018 souzen tëscht minimal 4 a maximal 23 Mannerjäreger pro Joer am Prisong zu Schraasseg.

Dat geet aus der Äntwert vun der Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen ervir. Zejoert war iwwerdeems kee Mineur am CPL placéiert. An der Moyenne waren déi Jugendlech tëscht 2014 an 2018 iwwregens op d’mannst ronn 15 Deeg a maximal ëm 65 Deeg zu Schraasseg, preziséiert d’Ministesch.

Blëtzermarathone fir méi Verkéierssécherheet?

D’Etüd “Speed Limit Enforcement and Road Safety” vum IZA Institute of Labor Economics an Däitschland huet gekukt, wat fir een Impakt massiv Vitesskontrolle – sougenannte Blëtzmarathonen – op déi allgemeng Stroossesécherheet hunn. En gros soen d’Fuerscher Folgendes:

“Using register data on the universe of police reported accidents in a generalized difference-in-differences approach, we find that SLMO reduce traffic accidents and casualties by eight percent. Yet, immediately after the SLMO day, all effects vanish. Further evidence suggests that people drive more slowly and responsibly on SLMO days to avoid fines; providing information on the dangers of speeding does not alter driving behavior in a more sustainable way.” (Abstract)

Weiderliesen

Mobilitéit beim Staat: Mam gudde Beispill virgoen?

A menger parlamentarescher Fro n°347 wollt ech Informatiounen iwwert der Fuerpark vum Staat an der Regierung wëssen. Ech krut doropshin Zuele fir d’Joren 2014 bis 2019 geliwwert. Des Weideren krut ech d’Informatioun, dass d’Regierungsmembere prinzipiell mat Plug-In-Autoe fueren. Déi hunn – laut der virëschter NEFZ-Norm – ee méi niddrege Verbrauch an CO2-Ausstouss. 

D’Ekonomie vun de Plug-In-Hybriden variéiert allerdéngs staark, jee no Fahrstil an Verkéierssituatioun. Duerch déi nei europäesch Ausstoussnorm WLTP ginn d’Verbrauchs– an d’Emissiounswäerter allerdéngs staark relativiséiert. Den theoreteschen CO2-Ausstouss vu Plug-In-Autoen geet duerch de WLTP–Berechnungsmodell staark an d’Luucht.

WeiderLiesen

FRO.LU: Rekrutement beim CGDIS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu

2018 goufen d’Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg nei organiséiert an an dem Kontext gouf duerch d’Gesetz vum 27te Mäerz 2018 de Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) geschaf. D’Land zitt an engem Artikel vum 10.1.2020 ee klenge Resumé aus dem leschten annerhallwe Joer vum CGDIS.

“Hier stößt das CGDIS an dieselben Probleme wie vergleichbare luxemburgische Institutionen, das heißt Polizei und Armee. Haben die beiden Letztgenannten ein reines Rekrutierungsproblem, so hat das CGDIS zusätzlich ein Ausbildungsproblem vor allem der Führungskräfte und hat sein Selbstverständnis noch nicht definiert.”

Weiderliesen