Questions parlementaires
Enn vu Solarcells zu Lëtzebuerg
De lëtzebuergeschen Hirsteller fir Solarpanelen Solarcells Luxembourg S.A. gëtt opgeléist. D’Gesellschaft sollt Solarmoduler „Made in Luxembourg“ produzéieren. De Projet war 2023 mat héijen Ambitioune gestart a gouf den 11te Januar 2023 vun de Ministeren Franz Fayot a Claude Turmes presentéiert, mat enger ugekënnegter Produktioun vu ronn 100.000 Panneauen. Bei der offizieller Aweihunhg den 18te Januar 2024 war d’Zil schonn op 40.000 Stécker pro Joer reduzéiert, wéi d’WORT an engem Artikel vum 12ten August 2026 iwwert de Verlaf vun der Firma schreift.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet de Staat der Solarcells Luxembourg S.A., der Socom S.A. oder enger anerer mam Projet verbonnener Gesellschaft direkt oder indirekt finanziell Hëllefen accordéiert? • Falls jo, wéi eng finanziell Hëllefen goufen accordéiert a wéi héich war de jeeweilegen an de gesamten ëffentleche Montant?
Wéi vill Aarbechtsplaze si bei Solarcells Luxembourg S.A. duerch d’Opléisung betraff?
Wéi bewäert de Minister d’Perspektivë vun enger nationaler Solarproduktioun zu Lëtzebuerg, notamment mat Bléck op d’Konkurrenz duerch importéiert a subventionéiert Produktioun aus Drëttlänner, wéi China?
D’Liquidatioun gëtt vun der Gesellschaft Milanthe gefouert, déi vum fréieren Solarcells-Direkter vertrueden gëtt. Gesäit de Minister, falls ëffentlech Mëttelen an dëse Projet gefloss sinn, e Besoin fir zousätzlech Kontrollen iwwert de Verlaf vun der Liquidatioun, notamment d’Valoriséierung vun den Aktiva vun der Firma, déi duerch den wirtschaftlechen Notznéisser (Bénéficiaire effectif) gemaach gëtt?
QP Nummer 4664
