Connect with us

Mobilitéit

Autonomt Fueren op der Stuf 3

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt d’Innovatioun an der Automobilitéit ze ënnerstëtzen andeems d’Technologien, déi fir d’Realisatioun vum autonome Fuere gebraucht ginn, reglementéiert solle ginn.

A menge Froen n°508 an 5093 hat ech gefrot, ob déi lëtzebuergesch Stroossen fir d’autonoomt Fueren op zweeter Stuff ugepasst sinn. Aus den Äntwerte vum Minister ass z’interpretéieren, dass virun allem d’Autobunnen, wéinst dem héije Standard an der Stroossebeschëlderung an de Fuerbunnmarkéierungen, am fuertüchtegtste fir autonom Autoe sinn.

Am Automobilsecteur ginn et schonn Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op drëtter Stuff erméiglechen. Bei eisem däitschen Noper krut elo Mercedes-Benz als éischten Autoshiersteller d’Fueren op der Stuff 3 vum Kraftfahrtbundesamt accordéiert: D’Süddeutsche Zeitung schreift dozou:
“Als erster Hersteller darf Mercedes-Benz Autos verkaufen, bei denen der Fahrer in bestimmten Situationen die Hände vom Steuer nehmen und sich anderen Aufgaben widmen kann. Die Genehmigung dafür hat das Kraftfahrtbundesamt erteilt. […] Damit können Fahrer auf Autobahnen in Deutschland bis 60 Kilometer pro Stunde im wahrsten Sinne des Wortes das Lenkrad aus der Hand geben. Das System zeigt an, wann es verfügbar ist. Ist es aktiv, darf der Fahrer Mails schreiben, Filme schauen oder Spiele spielen. Falls das Auto in dieser Zeit einen Unfall verursacht, haftet nicht mehr der Mensch, sondern der Hersteller. Die Assistenzsysteme aller anderen Autobauer sind dagegen noch so ausgelegt, dass der Mensch immer in voller Verantwortung bleibt.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5093 hat de Minister geschriwwen:
    “Wat Verkéierskontrollen ubelaangt, si Gefierer déi eng Deelautomatiséierung besëtzen net anescht ze behandele wéi normal Gefierer, an dëst op mannst esou laang, wéi d’national Gesetzgebung net Responsabilitéit vum Fuerer op den Auto verlagert, wat eréischt dann de Fall ka sinn, wann d’Gefier tatsächlech ka voll autonom fueren (Niveau 5) woubäi hei awer nach ze kläre bleift wien Responsabel ass wann et zu engem Verstouss géif kommen.”

    • Wäert d’Regierung nach an dëser Legislaturperiod dofir suergen, dass d’autonoomt Fueren zu Lëtzebuerg op drëtter Stuff hei am Land erlaabt gëtt? Falls nee, a wéi engem Zäitraum kéint d’autonoomt Fueren hei am Land eng Realitéit ginn?
    • Géing d’Regierung och de Wée aschloen, wéi an Däitschland, an d’Responsabilitéit beim autonoome Fuere vum Fuerer op den Hiersteller transferéieren?

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert