Connect with us

Police & Arméi

Besser Léin fir fräiwëlleg Zaldoten

Am RTL-Interview haut huet de Generol vun der Lëtzebuerger Arméi dovunner geschwat, dass de Louhn vum Fräiwëllegen Zaldot misst gehéicht ginn:

„De Chef d’état major huet awer drun appelléiert, dass d’Paien an der Arméi fir déi Fräiwëlleg misste gehéicht ginn. Den onqualifizéierte Mindestloun léich bei ronn 2.700 Euro, en Zaldot kritt just 2.200 Euro. Do misst „direkt eng Schëpp nogeluecht“ ginn. Och dat géif hëllefen, datt sech méi Leit fir de Beruff interesséieren.“

D’Piraten fuerderen schonn zënter Joren, dass d’Léin ugepasst ginn, fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen. Mir wäerten elo d’Arméisministesch an der Chamber dorobber uschwätzen a konkret Zuelen virgestallt kréien.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert