Kultur
Wëllkomm zu Lëtzebuerg
Op den Autobunne wäerte Schëlder opgestallt ginn, wou d’Autofuerer mat Lëtzebuergesche Sätz wéi „Wëllkomm zu Lëtzebuerg“ an „Äddi a bis Geschwënn“ ugeschwat solle ginn. D’Tageblatt kommentéiert an engem Artikel vum 11ten Dezember d’Campagne esou: „Mit den neuen Schildern wähnt sich der Luxemburg-Reisende jetzt in einem Krankenhausflur, der gerade wegen Renovierungsarbeiten geschlossen ist. Ein Trost bleibt: Man ist schnell wieder draußen. Äddi a Merci fir de Besuch.“
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Gouf dës Campagne selwer intern an engem Ministère erstallt?
Falls nee: 1. Gouf d’Kampagne ëffentlech ausgeschriwwen? 2. Ënnert wéi enger Referenznummer(en) gouf dëse Projet ausgeschriwwen? 3. Wéi vill Firmen hunn sech gemellt a wien krut den Optrag?
Wat ass de Gesamtkäschtepunkt vun der Campagne gewiescht? Wéi vill hunn d’Konzeptioun an den Design vun dëser Campagne kascht?
QP Nummer 3358
