Wéini kënnt d’Biopoubelle um nationale Plang?

D’Chamber hat de 16 Mee 2019 am Kader vun der Debatt zum Klima eng Motioun adoptéiert fir d’Regierung opzeruffen alles ze ënnerhuele fir Lëtzebuerg zum Spëtzereider an der Offallvermeidung an Offallverwäertung ze maachen. Um Punkt 10 gëtt d’Regierung invitéiert “à assurer à ce que les collectes séparées obligatoires depuis 1994 soient mises en place partout au Luxembourg”. 

Dee gläichen Dag gouf eng Motioun vun de Piraten ofgeleent, déi ee konkreten Datum fir d’Aféiere vun enger grénger Poubelle am ganze Land gefuerdert hat, ënnert dem Virwand, dass de Punkt 10 vun der adoptéierter Motioun dëst géif virgesinn. D’Motioun nennt awer keen Datum bis wéini dës Mesurë mussen ëmgesat ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Gemenge bidden aktuell zu Lëtzebuerg eng Gréng Poubelle un? Wéi vill Gemenge bidden nach keng gréng Poubelle un?
  2. Fir wéi een Datum plangt d’Regierung eng landeswäit d’Collecte vun organeschem Offall? Wéi wäert d’Regierung bei dësem Projet virgoen?

An d’Vakanz mam Nuetszuch?

An d’Vakanz mam Nuetszuch aplaz mam Fliger? Déi Gréng hunn et an hirem EU-Wahlprogramm proposéiert, d’Realitéit zu Lëtzebuerg gesäit aneschters aus. Op Nofro am CFL Call Center gëtt ee gewuer, dass d’Offer an Europa ëmmer manner gëtt, well Nuetszich sech finanziell net lounen.

Mir wëlle vun der Regierung wëssen, wat hir Positioun zu Nuetszich ass an ob dës interessant Iddi hei ëmgesat gëtt. Hei ass eis Fro:

Am EU-Wahlprogramm 2019 vun Déi Gréng goufen d’Nuetszich tëscht den europäesche Metropolen als eng Transportalternative ugeduecht fir den Transportverkéier vum Fliger op d’Schinn ze dirigéieren. Eng besser Ausnotzung vum europäesche Schinnereseau zu Nuetszäiten kéint een Ureiz sinn fir de Loftpassagéierverkéier op d’Schinn erofhuelen. An eisen europäesche Nopeschlänner existéieren aktuell eng Réi Zuchlinnen fir Nuetszich.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

1. Wéi vill Nuetszich sinn pro Joer säit 2013 am Passagéierverkéier Lëtzebuerg circuléiert, dëst opgelëscht no outbound (vu Lëtzebuerg an d’Ausland), inbound (aus dem Ausland op Lëtzebuerg) a national (um lëtzebuergeschen Territoire)?

2. Ass d’Regierung der Meenung, dass Nuetszich eng nëtzlech Alternative fir dat aktuell Transportwiesen duerstellen? Falls jo, wäert d’Regierung d’Erweiderung vun de Nuetszich an dëser Legislaturperiod unzilen? Kann de Minister an dem Fall präziséieren, wéi eng Etüden heizou scho virleien a wéini hien gedenkt mam Projet unzefänken? Falls nee, firwat net?

3. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Nuetszich eng ekologesch sënnvoll Alternativ zu Flich duerstellen? Falls jo, firwat?

4. Gedenkt d’Regierung Nuetszich duerch Subventioune präislech méi attraktiv ze gestalten?

5. Gouf et am Kader vun de Reunioune mat de Benelux-Länner souwéi de Memberstaaten an der Groussregioun schonns Diskussioune ronderëm d’Thema Nuetszich? Falls jo, wat ass de Stand vun den Diskussiounen a wéi gëtt weider verfuer? Falls nee, wäert d’Regierung dëst Thema an déi nächst Reunioune mat abauen?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

De Wollef zu Lëtzebuerg?

Kréie mir de Wollef op Lëtzebuerg zeréck? Mir hunn d’Regierung gefrot, ob déi zoustänneg Administratioune schonn ee Plang hunn fir déi wëll Fauna erëm an eis Bëscher ze integréieren.

Déi europäesch Fauna huet an de leschte Jore fir e puer positiv Iwwerraschunge gesuergt. Wéi verschidde Medie beriichten, goufen an den Ardennen, net wäit vu Lëtzebuerg, Wëllef gesinn an am Pfälzerwald an Däitschland sinn am Kader vun engem Fërderprogramm vun der Europäescher Unioun och Luchsen ausgewëldert ginn. Dës Wëlldéiere goufen duerch de Mënsch bal vollkommen ausgerott. Ee Retour vu wëller Fauna wär fir déi lëtzebuergesch Biodiversitéit an d’natierlecht Gläichgewiicht vun der Natur sécherlech ee grousse Gewënn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Ass et am Interessi vun der Regierung, dass sech Déieren wéi de Luchs oder de Wollef erëm an der Lëtzebuerger Natur usidelen? Falls jo, wéi eng Mesurë wäert d’Regierung ënnerhuelen, fir dass dës Déieren sech kennen op eisem Territoire usidelen? Existéiert dofir schonn ee konkreten Aktiounsplang?
  • Am Kader vun der Bekämpfung vun der Schwéngspescht hat den Här Landwirtschaftsminister den Asaz vu Falen an der Zone blanche autoriséiert. 
    • Wéi sinn dës Falen fir Wëllschwäin konzipéiert?
    • Ween ass responsabel fir de Placement vun dëse Falen?
    • Wéi oft ginn dës Falen pro Dag kontrolléiert a vu wiem?
    • Kéinten dës Falen och Déieren erwëschen, déi net geziilt verfollegt ginn, zum Beispill Réi? 
    • Wéi kann d’Regierung garantéieren, dass nëmme Wëllschwäin an dës Falen geroden? Kann een zum Beispill ausschléissen, dass Hausdéieren an dës Fale geroden? 

Pabeierverbrauch an de Ministèren

Mir wëlle wëssen, wéi vill Pabeier nach beim Staat zum Asaz kennt, wat dat kascht a wéi de Pabeierverbrauch reduzéiert soll ginn.

Hei ass eis Fro:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, Finanzen & Administrativ Reform weiderzeleeden.

Wann een un bürokratesch Prozeduren denkt, denkt ee gären och un d’Ausfëlle vu Pabeier. Ee moderne Staatsapparat muss am digitalen Zäitalter allerdéngs “paperless” fonctionnéiere kënnen. Nieft dem Fakt, dass digital Inhalter mat engem normalen Internetzougang vun iwwerall aus disponibel sinn, ass et eleng schonn aus ekologesche Grënn sënnvoll Pabeier ze vermeiden, wou et méiglech ass. Pabeier an Tënt kaschte Suen an dofir ass ee responsabelen Ëmgang mat dëse Ressourcë Bestanddeel vun enger nohalteger Politik.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Suen hunn déi eenzel Ministèren zu Lëtzebuerg säit 2014 all Joer fir Pabeier ausginn? Wéi ass des Entwécklung ze beschreiwen?
  • Huet d’Regierung sech een Zil gesat, fir de Pabeierkonsum an de Ministèren an Zukunft ze reduzéieren? Falls jo, ëm wéi ee Montant (nominal an a Prozent) wëll d’Regierung de Konsum vu Pabeier an de Ministèrë par Rapport zu 2018 reduzéieren?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

CO2-Verbrauch vu lëtzebuergesche Schëffer?

D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. Mir wollte méi zu deene Booter an hirem CO2-Ausstouss wëssen.

Hei ass d’Fro:

Am Koalitiounsaccord huet d’Regierung versprach den CO2-Ausstouss an de nächste Joren ze reduzéieren. Fir dëst wichtegt Zil ze erreechen muss virun allem den Transportsecteur transforméiert ginn. Heirënner fält och d’lëtzebuergesch Schëfffaart, déi awer am Koalitiounsaccord keng allze grouss Beuechtung fënnt. D’Schëfffaart ass mat ee vun de Secteuren, déi weltwäit mat am meeschten um Ausstouss vun CO2, Stéckoxider a weidere schiedleche Gaser bäidréit. D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren. Aktuell sinn och an internationale Gewässer eng Réi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel fueren, ënnerwee. 

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Wéi vill Schëffer sinn aktuell am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwen? 
    • Wéi vill vun deene Schëffer  
      • hunn een Gewiicht bis 500 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vun 501 bis 5000 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vun 5001 bis 25000 Tonnen?
      • hunn ee Gewiicht vu méi wéi 25001 Tonnen?
  • Wéi vill Schëffer waren 2014, (no der selwechter Oplëschtung) insgesamt am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwen?
  • Wéi vill Stéierannaahmen huet Lëtzebuerg säit 2014 pro Joer mam Schëffsverkéier generéiert?
  • Besëtzt d’Regierung Donnéeën zum CO2 vun de Schëffer, déi am lëtzebuergesche maritime Register ageschriwwe sinn?
    • Falls jo, wéi huet sech den CO2-Ausstouss säit 2014 entwéckelt a wat sinn d’Grënn vun dëser Entwécklung?
    • Falls nee, wisou besëtzt d’Regierung keng Donnéeë zum CO2-Ausstouss vu Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel fueren?
  • Wat fir eng Moossnamen wäert d’Regierung dës Legislatur ënnerhuelen, fir Schëffer, déi ënnert engem lëtzebuergeschem Fändel fueren, an d’Energie- an Ëmweltstrategie vum Koalitiounsaccord anzebannen an den CO2 Verbrauch vun dëse Schëffer ze reduzéieren?

Mat déiwem Respekt,
Marc Goergen
Député

Äntwert op eis Fro zu den Déierentransporter

De Landwirtschaftsminister Schneider huet eis eng Äntwert op eis parlamentaresch Fro iwwert d’Déierentransporter ginn.

D’Pirate bedaueren, dass während der Hëtztwell keng weider Kontrolle vum Minister ënnerhol goufen.

Des Weideren ass et ze belächelen, dass d’Déierentransporter an d’Tierkei wärend de Summerméint suspendéiert gi sinn. Mir si kategoresch géint Déierentransporter, déi dausende vu Kilometer vu Lëtzebuerg bis op d’EU-Baussegrenze an doriwwer eraus fueren.

Dofir géife mir eis vun der Regierung wënschen, am Déiereschutz weider Schrëtt ze goen an d’Déierentransporter endgülteg ze begrenzen. Et gëtt Zäit, och am Déierentransport lokal ze denken an d’Wuel vum Déier ze respektéieren.

Hei ass d’Dokument mat der Äntwert vum Minister.

Antfert-1

Cash oder Kaart?

Mir sinn drop opmierksam gemaacht ginn, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer nach Parkaueren- a Keese ginn, déi nëmme mat Mënz fonctionnéieren. A verschiddene Gemenge gesinn dës Parkauere grad eng Renaissance.

An dem Kontext stellt sech Fro, ob een däerf gezwonge ginn zu Lëtzebuerg eng Bezuelmethod ze bevirzéien? Mëscht et an dem Fall nach Sënn, de Mënzportmonnie der Kreditkaart virzezéien?

Weiterlesen

Et ass ze waarm fir Déierentransporter!

Wéinst den héijen Temperaturen hu mir dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, wéini en endlech gedenkt d’Déierentransporter zäitlech ze verbidden. Frankräich ass scho gëschter mam gudde Schrëtt virgaangen an huet d’Déierentransporter zäitweileg verbueden bis d’Temperaturen erëm erof ginn (Hei den Artikel).

Mir Pirate froen eis, wéi eescht des Regierung den Déiereschutz wierklech hëlt?

Hei ass eis QP:

Wéinst der Hëtztwell, déi momentan grouss Deeler vun Europa am Grëff huet, si vill Déierentransporter net an der Lag d’Konditioune vun engem aartgerechten Transport ze erfëllen, sou wéi en am Annexe I vum EU-Reglement 1/2005 virgesinn ass. Dëst mat schreckleche Konsequenze fir d’Wuel vun den Déieren. 

De franséische Landwirtschaftsminister huet aus dësem Grond all d’Déierentransporter op franséischem Territoire suspendéiert bis d’Temperaturen sech erëm an engem akzeptabele Beräich befannen.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Opgrond vun den extrem héijen Temperaturen, wéi vill Kontrolle bei Déierentransporter goufen dës Woch zu Lëtzebuerg ausgefouert? 
  • Bei wéi villen Transporter sinn ze héich Temperature festgestallt ginn? 
  • Wéi eng Strofe goufen doropshin ausgeschwat?
  • Wäert d’Regierung, ähnlech wéi Frankräich, een zäitlecht Verbuet vun Déierentransporter arrêtéieren bis d’Temperaturen sech erëm normaliséiert hunn? 
    • Falls jo, wou wäerten d’Déieren, déi op lëtzebuergeschem Territoire sinn, tëschenzäitlech versuergt ginn?
    • Falls nee, firwat net?

Nofro op eis Question parlementaire iwwert de Findel

No engem laange Waarden hu mer misste feststellen, dass d’Äntwerten op eis parlamentaresch Fro n°615 zimlech kuerz ausgefall sinn. Dofir hu mir zu verschiddene Punkte vun der Fro nach eng Kéier nogehaakt hunn.

Hei ass eis nei Fro:

A menger parlamentarescher Fro n°615 hat ech den honorabele Minister Bausch iwwert den Incident vum 23. Februar 2019 um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel” befrot a wat fir Konsequenzen dësen Incident op d’Sécherheetsmesurë vum Fluchhafe Findel hat.

No méi wéi zwee Méint – also méi Zäit, wéi de Chambersreglement zouléisst – krut ech an enger ganz kuerzer a präziser Äntwert een Deel vu menge Froe beäntwert. E puer vu menge Froen hu leider keng Beuechtung vum Här Minister fonnt, soudass ech him se ënnert anerer Form nach eng Kéier stelle wëll:

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Sinn nom Incident um “Kleine Brogel” d’Sécherheetsmoossname ronderëm an um Findel verstäerkt ginn?
    • Falls jo, wéi eng Mesuren si getraff ginn a wat war de Käschtepunkt vun dësen?
    • Falls nee, firwat net?
  • Schätzt de Minister, dass deen a senger Äntwert genannten Plan de Sûreté Aéroportuaire duergeet fir Zivilisten dovun ofzehale mat gewéinlechen Handwierksgeschir op de Fluchhafe Findel anzedréngen ?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député