Questions parlementaires
Schutz virun der Webcam op der Aarbecht
Wéi d’Plattform heise.de mellt, huet een hollänneschen Aarbechter viru Geriicht Schuedenersatz zougesprach kritt, well en onrechtméisseg entlooss gouf. Den Aarbechter hat sech geweigert, wärend dem ganzen Aarbechtsdag seng Webcam vum Computer unzehunn. Schonn am November 2017 hat den ECtHR, den europäesche Mënscherechtshaff, festgeluecht, dass eng Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz muss duerch besonnesch Grënn néideg gemaach ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Goufen et zu Lëtzebuerg schonn Urteeler zur Videoiwwerwaachung op der Aarbechtsplaz?
Ass een Aarbechter zu Lëtzebuerg ofgeséchert, falls en sengem Patron géing eng Daueriwwerwachung per Webcam verweigeren? Wa jo, duerch wéi eng gesetzlech Dispositiounen? Wa nee, ass geplangt esou ee Schutz anzeféieren?
QP Nummer 7040