Connect with us

Questions parlementaires

Photovoltaik op Bauerenhäff

Photovoltaikanlagen sinn e wichtege Pilier vun der energetescher Transitioun. Vill Leit hunn eng kleng Anlag um Daach, mee virun allem grouss Diecher, wéi een se zum Beispill op Halen a landwirtschaftleche Ställ fënnt, bidden sech fir grouss Anlagen un.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bauerenhäff hunn aktuell Photovoltaikanlagen op den Diecher installéiert?

  2. Wéi hunn dës Zuelen, op déi lescht 5 Joer gekuckt, evoluéiert?

  3. Wéi vill Stroum gouf op déi lescht 5 Joer gekuckt vun dëse Photovoltaikanlagen produzéiert?  Wéi vill Prozent vum nationale Stroum gëtt esou produzéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7032

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert