Connect with us

Communiqué

Déiereschutz: net just virun de Wale schwätzen, mee och no de Wale maachen!

Communiqué

D’Piraten hunn den 18ten Oktober eng Pressekonferenz ofgehalen, fir iwwert de Stand vum Déiereschutz hei am Land ze schwätzen. D’Situatioun fir d’Déieren hei am Land ass iwwert déi lescht Joren net besser ginn an d’Piraten hunn an de leschte Jore vill an oft op d’Situatioun opmierksam gemaach a Verbesserunge gefuerdert a virgeschloen. Am Hibléck vun der Juegdsaison fuerdere mir nach ëmmer ee Verbuet vun der Klappjuegd hei am Land. Och hu mir nach eng Kéier op d’Situatioun vun de Muffelen am Oste vum Land opmierksam gemaach, déi an eisen Ae musse viru Kugele gerett ginn. Ugesiichts vum kommende Mantelsonndeg fuerdere mir endlech ee Verkafsverbuet vu Pelz!

““Déiere ginn einfach dem Wëlle vum Mënsch ënnergeuerdnet. De Mënsch spillt Gott: mir decidéieren ob een Déier liewen däerf oder erschoss gëtt. Dobäi vergiesse mer, dass et hei ëm ee Liewewiese mat Gefiller geet!”

esou dem Daniel Frères seng Ausso op der Pressekonferenz. Lëtzebuerg huet sech 2018 een neit Déiereschutzgesetz ginn. Mee och mat deem Gesetz ass den Déiereschutz zu Lëtzebuerg nach ëmmer net do, wou d’Piraten e wëllen hunn. Dat gesäit ee ganz gudd bei der Juegd.

„Mir Piraten sinn net géint d’Juegd, mee fir eng serieux Juegd.“
sou de Marc Goergen. D’Piraten setzen sech an der Chamber elo zënter 2018 fir eng méi modern Juegd an. Mir sinn Idealisten, kloer. Mee wärend mir Idealiste sinn, setzen déi aner Parteien an der Chamber weider op barbaresch Léisungen aus dem Mëttelalter, wéi d’Klappjuegd. Verschidden Deputéierte ginn esouguer souwäit a froen den Asaz vu semi-automatesche Waffen am Bësch. 

Mir Piraten si kloer géint esou Iddien. Mir wëllen eng serieux Juegd, wou net dee mam déckste Portmonni Grondstécker ka pachte fir si ze bejoen, mee wou eng serieux a reegelméisseg Aarbecht vum Jeeër am Virdergrond steet. Et muss Schluss si mat der Klappjuegd a mir sinn oppe fir all Alternativen, déi dem Déier an der ganzer Ëmwelt manner Stress zoufügen. D’Juegdgesetz muss endlech moderniséiert ginn a mir mussen nei Weeër goen. 

Esou zum Beispill bei de Muffelen zu Iechternach, déi 2020 bei enger administrativer Dréckjuegd sollten ofgeschoss ginn, wougéint mir Piraten eis ëffentlech gewiert hunn. Mir fuerdere weiderhin, dass déi Déieren um Liewe gelooss ginn oder, alternativ, agefaangen an op eng aner Plaz bruecht ginn.

Ugesiichts vum kommende Mantelsonndeg fuerdere mir och weider ee Verkafsverbuet fir Pelzprodukter. Déieren a Käfeger ze ziichte just fir hinnen d’Haut vum Kierper ze zéien ass eng sënnlos Déierequälerei. 2019 hate mir an der Chamber an enger Motioun ee Verbuet gefuerdert, dat awer vun de Regierungsparteien – inklusiv Déi Gréng – ofgeleent gouf. Se wéilten dat um EU-Niveau reegelen. 3 Joer drop ass nach ëmmer näischt geschitt. Mëttlerweil goufen an Dänemark an enger eenzeger Aktioun 15 Milliounen Nerzen a Massen ëmbruecht. Och esou Pelzer kritt een, nieft Bëllegpelzer aus dem Rescht vun der Welt, weider bei eis am Handel. An d’Regierung kuckt no.

De Stand vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg kann also nach op ganz ville Punkte verbessert ginn a mir Piraten wäerten eis weiderhin fir ee konsequenten Déiereschutz hei am Land asetzen! Och no de Wahlen!

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert