Connect with us

Communiqué

Walrecht fir Auslänner: Informatiounscampagne muss neutral bleiwen

Communiqué

D’Piraten begréissen all Aktioun, déi d’Matbierger an eiser Gemeng doriwwer informéiert, dass si fir d’Gemengewalen den 11te Juni dierfe wielen goen. Fir sech fir d’Gemengewalen anzeschreiwen an d’Leit doriwwer z’informéieren, huet d’Gemeng Péiteng ee Wee gewielt, dee mir Piraten problematesch fannen. Esou soll zu Péiteng d’Integratiounskommissioun vun der Gemeng ee Stand betreien, wou d’Matbierger sech aschreiwe kënnen. Ugesiichts, datt d’Zesummesetzung vun der Integratiounskommissioun zum groussen Deel aus Partei-Membere besteet, ass d’Neutralitéit vun dëser Plattform scho mol net garantéiert. Doriwwer eraus stéiert eis Piraten, dass an de leschte 5 Joer zwee Vertrieder vun der rietspopulistescher Partei „Déi Konservativ“ an d’Integratiounskommissioun vun der Gemeng Péiteng gewielt goufen. Dës Decisioun gouf deemools mat de Stëmme vun der CSV/LSAP-Majoritéit geholl. Mir Piraten haten eis kloer géint d’Abanne vun enger nationalistescher a rietspopulistescher Partei an enger Integratiounskommissioun ausgeschwat a géint dës Propos gestëmmt.   D’Majoritéitsparteien am Péitenger Gemengerot erlaben et de Politiker vun enger nationalistescher Partei eng Informatiounscampagne fir auslännesch Matbierger mat z’organiséieren. Domadder gëtt d’Neutralitéit vun där Moossnam ee Mol méi ënnergruewen. Fir d’Neutralitéit ze garantéieren, hunn d’Piraten dofir proposéiert, dass een onofhängege Beamte vun der Gemeng d’Informatiounscampagne soll begleeden an net d’Membere vun der Integratiounskommissioun. Mee och dës Iddi huet d’CSV-LSAP-Majoritéit am Gemengerot ofgeleent.    Piraten Sektioun Péiteng fuerdert dofir d’Majoritéitsparteien am Gemengerot op, fir hier Positioun z’iwwerdenken an eise Matbierger eng neutral Plattform an ee neutralen Informatiounsstand z’erméiglechen.  

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert