Connect with us

Communiqué

Pressekonferenz zum Thema Aarbecht

Communiqué

D’Piratepartei hat den 29ten September eng Pressekonferenz zum Thema „Gerecht Aarbechtswelt fir haut a muer“. D’Präsentatioun gouf vun de Piraten-Kandidaten Tommy Klein (Zentrum), Ben Polidori (Norden) a Starsky Flor (Süden) ofgehalen.

Eng Balance tëscht Aarbechts- a Privatliewen Mir Pirate sinn der Iwwerzeegung, dass d’Work-Life-Balance am Joer 2023 net an engem ugemoosse Verhältnis zouenee steet. D’Aarbechtswelt muss prett gemaach gi fir dat 21st Joerhonnert. Fir eis heescht dat Flexibilitéit op der Aarbecht duerch méi Gestaltungsméiglechkeete fir de Salarié a Respekt vum Privatliewen. D’Verspriechen vun manner wéi 40h/Woch schafen just sozial Ongerechtegkeeten well et Beruffer ginn, wou mer duerch Personnal, Plaz oder Materialmangel net kënnen manner schaffen an doduerch Ongläichheete schaffen. Stéchwuert Santéssekteur, Transportsekteur an Schichtaarbecht. D’Pirate wëllen 1. d’Cadres mobiles stäerken an iwwert Kollektivverträg eng Referenzzäit vun engem Joer fërderen; 2. den Télétravail stäerken an d’Patronen duerch steierlech Virdeeler dozou motivéieren, hiren Aarbechter dës Méiglechkeet opzemaachen. Mir sinn eis de Gefore vum Télétravail och bewosst a bestinn dofir op d’Recht op Déconnexioun; 3. dass ee Patron senge Mataarbechter:innen muss de Wonsch no manner Aarbechtsstonnen nokommen. A Firme mat méi wéi 50 Mataarbechter:innen, soll een och d’Recht hunn no enger gewëssener Zäit, erëm op 40h/Woch eropzeschrauwen; 4. duerch d‘Baue vu Coworking Spaces (oder Satellitte Büroen) zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun d’Grenzgänger entlaaschten an hinne Liewensqualitéit zréck ginn. Ee sozialen Index Den Index ass eng wichteg Errongenschaft an ënnerstëtzt de soziale Fridden zu Lëtzebuerg. Dofir sti mir Piraten zum Index a fuerderen, dass dësen och weiderhin ëmmer ausbezuelt gëtt, wann e fälleg ass. Mee esou, wéi den Index momentan zu Lëtzebuerg besteet, huet en zur Konsequenz, datt d’Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi wäit auserneen geet. Den Index soll en Ausgläich vun der Kafkraaft sinn an net eng Ënnerstetzung fir extravagant Ausgaben. Dofir stinn d’Piraten • fir gedeckelt Index-Tranche op 3,5 Mol de Montant, deen eng Persoun mam Mindestloun kritt (ronn 11.000€). Dat bedeit de Montant ab dem Plaffong agefruer gëtt an all Persoun déi méi wéi 11.000€ de Mount verdéngt, zum Beispill 20.000€ oder och 50.000€, eng maximal Flatrate vun 270€ Index kritt; • dass de Patron d’Recht behält, fir den Index ganz auszebezuelen; • géint all Manipulatioun vum Wuerekuerf, déi net zu Gonschte vun de Salarié(e)n ass. Chancegläichheet um Aarbechtsmarché, Fonktionnement vun der ADEM a mei sektoriell Kollektivverträg Mir Piraten engagéieren eis dofir eng Aarbechtswelt schafen, wou jiddereen fair Chancen an ee gerechte Loun kritt a wou d’Wuelbefannen vum Salarié respektéiert gëtt D’Pirate setzen sech a fir: 1. ee steierfräie Mindestloun; 2. anonym Kandidature beim Staat obligatoresch ze maachen an am Privatsecteur z’incentivéieren. Dëst entsprécht den Ufuerderunge vun engem héijen an effikassen Dateschutz a schützt géint Diskriminéierungen. Den Entretien op der Plaz besteet spéiderhin an ass dann d’Geleeënheet, fir sech direkt virum potentielle Patron ze beweisen; 3. dass den Interim méi staark encadréiert gëtt an d’Leit net duerch den Interim a prekär Situatiounen kënne kommen. 4. fir besser Kontrollen vun den Aarbechtskonditiounen duerch d’ITM; 5. fir ee gutt erreechbare Medatiounsservice bei der ADEM. Dozou gehéiert eng Ulafstell, déi kloer um Site vun der ADEM an an den Agencen affichéiert ass a wou professionell Mediateure probéieren, mat de Betraffene Léisungen ze fannen. 6. dass méi Aarbechter:innen:inne solle kënne vun de Virdeeler vun engem Kollektivvertrag profitéieren. Dofir wëlle mir eis asetzen, fir dass méi sektoriell Verträg ofgeschloss ginn. 7. dass déi Betriber ënnerstëtzt ginn, déi Jonker ouni Experienz astellen a bei sech am Betrib halen, a Leit iwwer 49 Joer am Betrib halen.  Eise ganzen Aarbechtsprogramm fannt dir hei: https://piraten.lu/programm/aarbecht/

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert