Connect with us

Communiqué

Bodycams am ëffentlechen Transport: Piraten a Ministesch Backes si sech eens iwwer de weidere Wee

Communiqué

Bodycams am ëffentlechen Transport: Piraten a Ministesch Backes si sech eens iwwer de weidere Wee.  Marc Goergen: „D’Sécherheet vum Personal muss Prioritéit hunn“

D’Piraten an d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hunn haut de Moien um 10h15 Auer an der Mobilitéitskommissioun an der Chamber ee Kompromëss iwwer d’Aféierung vu Bodycams am ëffentlechen Transport fonnt. D’Piraten haten am Kader vum Gesetzesprojet 8335 een Amendement proposéiert, fir de gesetzleche Kader fir Bodycame beim Personal vum ëffentlechen Transport ze schafen. Fir net weider Zäit am Gesetzgebungsprozess net ze verléieren, loossen d’Piraten dësen Amendement fir de Moment rouen. D’Ministesch huet am Géigesaz zougesot, bis Enn des Joer ee Gesetzestext an der Chamber ze deposéieren. Dëse soll d’Initiativ vun de Piraten ophuelen an zesumme mat de Juriste vum Ministère juristesch ofgeséchert ginn. „Wien all Dag am Zuch, am Bus oder am Tram schafft, muss sech op säi Schutz kënne verloossen. Dofir hu mir d’Initiativ geholl, fir Bodycamen am ëffentlechen Transport ze erméiglechen“, erkläert de Piraten-Deputéierte Marc Goergen. „Mir begréissen d’Zouso vun der Ministesch. Mat dësem Kompromëss brénge mir den Dossier zesumme virun a schafen d’Grondlag fir e kloeren a rechtsséchere Kader.“ „Mir wëllen e Kader, deen d’Personal schützt an d’Rechter vun de Passagéier respektéiert. Wann den Text virläit, wäerte mir eis fir eng séier a sënnvoll Ëmsetzung asetzen“, sou de Marc Goergen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert