Connect with us

Communiqué

Communiqué

D’Piraten schléissen sech de Recommandatiounen vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) un a wäerten d‘Mesure vun der Regierung géint de Virus Covid-19 (Coronavirus), déi a Richtung Deseskalatioun ginn, ënnerstëtzen. D’parlamentaresch Kontrollfunktioun, déi eis Deputéierten am Kader vun hirem Mandat exerzéieren, wäert sech fir déi nächst zwou Wochen op Froe vun grousser Wichtegkeet beschränken a gëtt bäibehalen.

Den 12te Mäerz huet d’Regierung drastesch Mesuren am Kader vum Kampf géint de Coronavirus annoncéiert. Dës Mesuren betreffen an éischter Linn vulnerabel Persounen a Risikogruppen, Alters- a Fleegeheemer, Spideeler, Schoulen a Crèchen. Doriwwer eraus ginn och déi meescht Manifestatiounen uechtert d’Land ofgesot an d’Frequenz vum ëffentlechen Transport eropgesat, fir grouss Rassemblementer vu Persounen z’evitéieren. Vill Leit schaffen an der Tëschenzäit am Teletravail. Et gëtt vun onnéidegem soziale Kontakt ofgeroden an d’Biergerinnen a Bierger sinn opgeruff de Gesondheetssystem net duerch onnéideg Consultatiounen vun Praxen oder Kliniken ze iwwerlaaschten. D’Piraten schléissen sech dëse Mesuren, déi op Erfarungswäerter aus dem Ausland an de Recommandatiounen vun der WHO baséieren, un. 

D‘Piraten ruffen zu Solidaritéit am ganzen Land an iwwert eis Grenzen eraus op. D‘Coronakris duerf an den Aen vun de Piraten net genotzt ginn, fir Parteipolitik ze bedreiwen. Mir sollten als Lëtzebuerger, als Residenten a Frontalieren, an Zäiten wéi dësen, zesummestoen an eis Alleguerten zesummen un déi recommandéiert Mesuren halen, déi eenzeg zu enger Verbesserung vun der Situatioun kënnen bäidroen. 

D’Deputéierten vun der Piratepartei Sven Clement a Marc Goergen wäerten fir déi kommend zwou Wochen hir Aarbecht ob Interventiounen beschränken, déi vu grousser Wichtegkeet sinn. D’parlamentaresch Kontrollfunktioun vun den Deputéierten ass deemno a kengster Weis beanträchtegt. D’Piraten plaidéieren fir Solidaritéit a schléissen sech de Mesuren, déi d’Regierung zur Berouegung vun der Situatioun hëlt, un.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert