Connect with us

Communiqué

Präisdeckel bei de Wärmenetzer

Communiqué

Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit ferm an d’Luucht gaangen. D’Regierung hat awer vergiess, ee Präisdeckel op dës Form vun Energie ze setzen. Den Energieminister hat dowéinst de Gesetzesprojet 8111 nogeluecht, mat deem d’Präisser vum Fernwärmenetz fir 2023 och solle gedeckelt ginn. Dëse Gesetzesprojet gouf allerdéngs nach net an der Chamber ugeholl, well en net gutt geschriwwe war, soudass d’Chamber huet missten asprangen, fir nach Ännerungen um Gesetz auszeschaffen, fir eng propper Léisung ze hunn. Stand Januar existéiert also nach kee Präisdeckel. An der Tëschenzäit mellen sech awer ëmmer méi Leit, well se déi éischt Rechnunge vun hire Energie-Fournisseure kréien. Mee ouni Deckel kommen hei Präisser vun e puer honnert Euro zesummen, wat fir vill Haushalter finanziell Problemer mat sech bréngt. D’Leit wëssen, dass ee Gesetz um Wee ass, mee et ass nach net a Kraaft an d’Leit wëssen elo net, ob se d’Rechnunge bezuelen oder waarde sollen. D’Piraten proposéieren, dass d’Leit, déi hei vergiess goufen, ee Moratoire de Paiement accordéiert kréien, bis d’Gesetz gestëmmt ass. Mir fuerdere vum Energieminister, fir mat de Fournisseuren ze schwätzen, fir hei schnell eng Léisung ze fannen, bis dass d’Gesetz gestëmmt ass.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert