Déi héich Wunnengspräisser drécken ëmmer méi op d’Budgete vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg liewen. Vill Leit ginn dofir an dat not Ausland, wou d’Wunnengspräisser dacks méi bëlleg si wéi hei. Et stellen sech also eng Réi Froen, wéi d’Regierung an Zukunft gedenkt, mat dëser Praktik ëmzegoen an ob ee gewollt ass dësen Ex-Residenten iergendwéi entgéint ze kommen.
WeiterlesenKategorie: News
Oflaf vun der Dog Show 2019?
Mir hunn beim zoustännege Minister fir Déiereschutz nogefrot, wéi d’Dog Show 2019 ofgelaft ass. Hei ass eis Fro:
A menger parlamentarescher Fro n°225 hat ech den Här Landwirtschaftsminister ufanks dës Joers no Informatiounen iwwert d’Organisatioun vun der diesjäreger Hondsausstellung zu Lëtzebuerg gefrot. D’Dog Show huet dunn effektiv den 31.8 an den 1.9 zu Lëtzebuerg stattfonnt. A wéi aus der Äntwert vum Minister ervirgeet, goufen d’Kontrolle vum Déiereschutzgesetz vun ëffentlecher Säit aus mat Hëllef vun der Veterinärsinspektioun an der Douane organiséiert.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- A wéi engem Ëmfang goufe Kontrollen op der Ausstellungsfläch an och um Parking organiséiert? Ass de Minister der Meenung, dass den Ëmfang vun dëse Kontrolle ausräichend war?
- Goufen um Event iergendwellech Infraktiounen géint d’Déiereschutzgesetz festgestallt? Falls jo, ëm wéi eng Infraktiounen huet et sech heibäi gehandelt?
- Goufe bezüglech dem Déierentransport Kontrollen duerchgefouert? Gouf zum Beispill kontrolléiert, ob d’Déieren an den Transportkäfeger genuch Platz, Fudder a Waasser haten? A gouf och d’Temperatur an d’Anhale vun de Pause wärend dem Transport kontrolléiert?
- Falls jo, wéi genee sinn dës Kontrollen ofgelaf?
- Wéi goufen d’Hondsziichter kontrolléiert, déi méi wäit Distanzen op Lëtzebuerg zeréckgeluecht hunn?
- Falls jo, wéi genee sinn dës Kontrollen ofgelaf?
- Den éischten Artikel vum Déiereschutzgesetz schwätzt den Déieren eng Dignitéit (=Würde) zou. Ass d’Regierung der Meenung, dass ëffentlech Hondsaustellungen d’Würde vum Déier respektéieren? Sinn dës Déierenausstellungen des Weideren hautzedaags nach ethesch vertrietbar?
Mat déiwem Respekt,
Marc GOERGEN
Député
Palmueleg
Här President,
Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Energie, Mobilitéit & Wirtschaft weiderzeleeden. No den Informatiounen vu verschiddenen Ëmweltorganisatiounen gëtt an der EU ëmmer nach op Palmueleg zeréckgegraff fir de Biodiesel ze produzéieren.
D’Versatilitéit fir den industriellen Asaz vum Palmueleg ass albekannt. Ob am Schockela, a Seefen oder am Päsch, säitdem de Palmueleg bekannt gouf, a bal allen industrielle Produiten ass dësen bëllege Rohstoff ze fannen. Den Informatiounen vu Greenpeace no, ass an all zweete Produit an engem Supermarché Palmueleg dran. Well d’Uelegpalm dat ganzt Joer iwwer wiisst an d’Friichten een heéien Ertrag un Ueleg hiergëtt, huet Industrie vun ufanks un vum Palmueleg profitéiert fir bëlleg Masseprodukter op de Marchéen ze verkafen, vun Liewensmëttel bis zu industrielle Gidder.
Dëst awer op Schued vun der Ëmwelt. Et ass allzäit bekannt, dass den Ubau vum Palmueleg schwéier ekologesch Konsequenzen mat sech zitt. Länner, déi wirtschaftlech op den Export vun dësem Rohprodukt ugewise sinn, hunn ouni Récksiicht op d’Natur Milliounen un Hektaren u Bëscher ofgeholzt fir esou méi Ubauflächen fir d’Uelegpalm ze schaffen. Mat der steigender weltwäiter Demande hunn déi Länner am gläichen Tempo d’Offer erhéicht an esou nach méi Bëscher ofgeholzt, well den wirtschaftlechen Erfolleg si dozou verleet huet.
Dass de Palmueleg a Liewensmëttel Uwendung fënnt, ass eng Saach. Dass aanerersäits an Europa grouss Raffinerien awer weiderhin op de Palmueleg setzen, fir Biodiesel hierzestellen, ass awer eng ganz aaner. Dat ass ugesiichts vum Honger an der Welt keng responsabel Approche.
Den Informatiounen vum Réseau Climat Action no, ass den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel, deen an der EU verdriwwe gëtt, an de leschte Joren ëmmer weider an d’Luucht gaangen. Erreischt no 2030 soll den Asaz vu Palmueleg am Biodiesel ganz verbuede ginn, dëst op d’Decisioun vun der EU. Wann een awer weess, dass nom IPCC-Rapport d’CO2-Emissiounen bis 2030 ëm 45% musse reduzéiert ginn a gläichzäiteg de Verbrauch vum Palmueleg aktuell steigt an domat och ëmmer méi Bëschflächen ofgeholzt ginn, da musse scho fréier Alternativen zum Gebrauch vum Palmueleg als Dreifstoff fonnt ginn.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Wéi vill Zorten Dreifstoff, déi zu Lëtzebuerg op den Tankstelle verkaf ginn, enthale Palmueleg?
- Wéi vill Tonnen Palmueleg gi schätzungsweis all Joer verbraucht, fir den Dreifstoff, den op lëtzebuergeschen Tankstelle verkaaft gëtt, ze produzéieren (vun 2014 bis 2019)?
- Wéi eng Mesurë wëll d’lëtzebuergesch Regierung zu Lëtzebuerg souwéi op europäeschem Niveau ënnerhuelen, fir de Gebrauch vu Palmueleg am Dreifstoff scho virun 2030 ze reduzéieren?
Eng Fro am Kader vun der Schwéngspescht
Am Kader vun der fräier Juegd op Wëllschwäin huet de Landwirtschaftsministère an engem Communiqué erkläert, dass 226 Wëllschwäin negativ op d’Schwéngspescht getest goufen. D’Schwéngspescht ass also nach net zu Lëtzebuerg ukomm. Dat erkläert allerdéngs net d’Doudesursaach vun de Schwäin, soudass mir genee dëst vun den zoustännege Ministere wësse wëllen.
Hei ass eis parlamentaresch Fro:
Här President,
Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Landwirtschaft & Emwelt, Klima a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.
Op der Website vum Landwirtschaftsministère gouf kommunizéiert, dass am Kader vun der Bekämpfung vun der Schwéngspescht 226 Wëllschwäin negativ op ASP kontrolléiert goufen. Vu, dass dës Wëllschwäin also net duerch d’Schwéngspescht ëmkomm sinn, ass eng aner Ursaach de Grond vun hirem Doud.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Vu dass den ASP als Doudesursaach vun deenen 226 Wëllschwäin ausgeschloss ass, wéi eng Doudesursaache goufe bei de Wëllschwäin festgehalen?
- Wéi vill vun den analyséierte Wëllschwäi sinn duerch eng Juegd oder opgrond vu Verletzungen duerch een Opprall gestuerwen?
- Opgelëscht pro Gemeng, vu wou aus goufen déi insgesamt 226 Wëllschwäin an de Laboratoire bruecht?
- Gouf no den Analysen am Centre de Collecte Mamer den Avis vun engem weidere Laboratoire erugezunn?
- Falls nee, firwat net?
Mat déiwem Respekt
GOERGEN Marc
Député
Wéi gutt ginn Déierenziichter kontrolléiert?
D’Zuucht vun souwéi den Handel mat Déieren sinn zu Lëtzebuerg gängeg Methoden fir Suen ze verdéngen. Déierenziichter vun hei oder aus dem Ausland bidden op Internetbörsen verschidde Sorten vun Déieren un, vun Hënn, iwwer Kaazen bis Goldfësch. D’Präisser reechen, je no Déier, vun e puer Euro fir e Fësch bis zu e puer dausenden Euro fir een Rassenhond.
Wee mat dëser Handelsaktivitéit Sue verdéngt ginn, misst dat normalerweis och als Kommerz deklaréieren. Um Internet oder a klenge Foren existéieren mëttlerweil awer esou vill vun deenen Déierentauschbörsen, dass een sech d’Fro ka stellen, op all d’Déierenziichter an all Déierenhändler déi néideg Autorisatiounen fir dëse Kommerz besëtzen.
D’Déiereschutzgesetz vun 2018 geseit a sengem Artikel 6 vir, dass fir all Form vun Handel mat Déieren souwéi d’Zuucht vun Hënn a Kaazen eng Autorisatioun vum Minister muss ugefrot ginn:
Art.6 (2) Sans préjudice d’autres autorisations requises, sont soumis à l’autorisation par le ministre :
1. toute activité en vue de commercialiser des animaux, à l’exception des marchés d’animaux et de l’activité agricole ;
2. un élevage de chats ;
3. un élevage de chiens ;
4. un établissement commercial pour animaux, à l’exception de l’établissement agricole ;
5. un jardin animalier ou zoologique ;
6. une pension pour animaux ;
7. un refuge pour animaux ;
8. l’emploi d’animaux pour le tournage de films ou à des fins analogues.
Dofir hu mir dem Landwirtschaftsminister folgend Froe gestallt:
- Mat Bezuch op den Artikel 6 Paragraf (2) vum Déiereschutzgesetz, wéi eng a wéi vill vu deenen uewe genannten Autorisatiounen huet den Här Landwirtschaftsminister ausgestallt?
- Bei wéi villen Déierenziichter goufen 2018 an 2019 Infraktiounen konstatéiert, well se keng gëlleg Autorisatioun nom Artikel 6 (2) haten? Wéi vill Kontrollen goufen insgesamt an der selweschter Period duerchgefouert?
- Ginn verschidden Déierenannoncen an Zeitungen oder am Internet vun der Veterinärsinspektioun iwwerpréift?
- Falls jo, wéi vill Déierenhändler goufen 2018 an 2019 kontrolléiert? Wéi vill vun dësen Déierenhändler waren an Infraktioun mam Gesetz?
- Falls nee, ass de Minister der Meenung, dass all d’Déierenziichter zu Lëtzebuerg hir Aktivitéiten deklaréieren?
- Wéi kontrolléiert de Landwirtschaftsminister Déierenhändler, déi aus aneren europäesche Länner op lëtzebuergesche Plattformen hir Déiere verkafen?
- Ass den Här Landwirtschaftsminister der Meenung, dass aktuell genuch Kontrollen vum Artikel 6 (2) duerchgefouert ginn?
Earth Overshoot Day: wou steet Lëtzebuerg?
D’NGO Global Footprint Network huet dëst Joer de 29te Juli als Äerdiwwerlaaschtungsdag (Earth Overshoot Day) confirméiert. Dat ass den Dag, un deem d’Mënschheet all Ressourcen op der Äerd verbraucht huet, déi normalerweis fir ee Joer missten duergoen. Ab dësem Dag gëtt consideréiert, dass d’Mënschheet hir Ressourcen op Kredit bezitt, dëst op d’Käschte vun eiser Natur an eise Kanner a Kandskanner. No den Donnéeë vun der Website overshootday.org huet Lëtzebuerg schonn de 16ten Februar seng Ressourcë verbraucht, wat 5 Deeg no Katar ass an ee Mount virun den USA. Dëst heescht, dat wa jiddereen op der Äerd esou géif liewe wéi Lëtzebuerg, dass d’Ressourcë schonn de 16te Februar opgebraucht wären.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung e puer Froen zum CO2, Waasser- an Elektrizitéitsverbrauch souwéi de Keef vu Neiween gestallt. Hei sinn eis Froen:
- Wéi huet sech de gesamten CO2-Ausstouss vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt?
- Wou steet Lëtzebuerg haut am Vergläich mat sengen Nopeschlänner an de Länner vum G7, wann een den CO2-Ausstouss pro Kapp vergläicht?
- Wéi huet sech de gesamte Waasserverbrauch vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt? An der gläicher Period, wéi huet sech de Grondwaasserspigel am Land am Duerchschnëtt verännert?
- Wéi huet sech de gesamte Stroumverbrauch vu Lëtzebuerg vun 2014 bis 2019 entwéckelt?
- Vun 2014 bis 2019,
- wéi huet sech den Undeel un erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg entwéckelt?
- wéi vill Prozent vum importéierte Stroum staamt net aus erneierbaren Energiequellen?
- Wéi vill Neiween goufe pro Joer vun 2014 bis 2019 zu Lëtzebuerg ugemellt? Opgelëscht pro Joer, wéi héich ass de gesamten CO2-Ausstouss vun all Fuerpark u Neiween? Wou steet Lëtzebuerg hei am Vergläich mat sengen Nopeschlänner?
- Deene meeschte Prognosen no wäert déi lëtzebuergesch Wirtschaft an de folgende Jore weider wuessen. Dëst bedeit méi Aarbechtsplazen an awer och, dass ëmmer méi Mënschen op Lëtzebuerg wäerte wunne kommen. Mat Bezuch op all déi vireg gefrote Wäerter, mat wéi enger Entwécklung rechent d’Regierung fir déi nächst Joren?
Gesiichtserkennung mat VISUPOL?
Mir wollten vum Minister fir Bannenzeg Sécherheet wëssen, ob am Kader vum VISUPOL eng Gesiichtserkennungssoftware agesat gëtt. Hei ass eis Fro:
Am Kader vum Ausbau vum Iwwerwaachungssystem VISUPOL stellen sech gewësse Froen zu de Mëttelen, déi dëser Iwwerwaachungstechnologie zu Dispositioun gestallt ginn. Iwwerwaachungskameraen zeechnen nämlech net nëmme Biller op, mee kenne mat verschiddene Softwaren genau d’Identitéit vun enger Persoun identifizéieren.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Leeft iwwert de Programm vum Visupol eng Gesichtserkennungssoftware?
- Falls jo, mat wéi engen Donnéeën gëtt d’Gesichtserkennung bedriwwen?
- Greift de Programm vum Visupol am Kader vun der Iwwerwaachung op iergenwelch Datebankenvum Staat zou?
- Falls jo, wéi eng sinn dat?
- Wou sinn d’Daten, déi am Kader vum Visupol opgehol ginn, gespäichert? Wéi laang bleiwen dës Daten gespäichert?
Déiere bei 40°C ouni Schiet?
Verschidde Bierger ronderëm d’Land hunn an de leschten Deeg drop opmierksam gemaach, dass vill Zuuchtdéieren, déi op de Wisen stinn, keen Ënnerdaach hunn a wärend d’Spëtztentemperature vu bal 40°C am Schied an der praller Sonn stinn.
Den Artikel 4 Punkt 3 vum Déiereschutzgesetz gesäit vir, dass jiddereen, deen en Déier hält, dofir suerge muss, dass d’Temperature vum Déier u seng Aart adaptéiert muss sinn. Wa Kéi, Päerd a Geessen an der praller Mëttegsonn stinn, ass dës Konditioun mat grousser Wahrscheinlechkeet net méi erfëllt.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Ass de Landwirtschaftsminister a Kenntnis dovunner, dass queesch duerch d’Land Déieren op de Felder an der praller Sonn stinn? Consideréiert de Minister dës als ee Verstouss géint d’Déiereschutzgesetz vun 2018?
- Huet de Minister am Kontext vun der aktueller Hëtztwell iergendwellech Kontrolle vum Déiereschutzgesetz duerchgefouert? Falls nee, firwat consideréiert de Minister dass zu Lëtzebuerg all Déieren adequat virun den héijen Temperature geschützt sinn?
- Verschidden Notzdéiere grasen op Grondstécker, déi Deel vun enger Zone Verte sinn. Kann d’Ministesch fir Ëmweltschutz confirméieren, dass an dem Fall d’Demanden, fir ee mobillen Iwwerdaach opzestellen, vum Ministère refuséiert ginn?
- Falls jo, aus wéi enge Grënn?
- Wäert d’Regierung heizou nach dëse Summer eppes ënnerhuelen?
Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS
Am Februar hate mir bei der Inneministesch nogefrot, wou d’Indemnitéiten fir Fräiwëlleger vum CGDIS bleiwen. Mir goufen informéiert, dass nach ëmmer Onreegelméissegkeete bei den Iwwerweisungen vum CGDIS virkommen. Dofir hu mir der Ministesch nach eng Kéier e puer Froe gestallt. Hei ass d’Fro:
A menger parlamentarescher Fro n°429 haat ech d’Madamm Ministesch iwwert d’Ausbezuele vun den Indemnitéite fir d’Fräiwëlleger vum CGDIS befrot. An hirer Äntwert hat si deemools geschriwwen, d’Ausbezuele vun der Indemnisatioun vun 1€/Stonn fir d’Permanence géif am Enn Abrëll ausbezuelt ginn. Wéi verschidde Fräiwelleger mir awer beriicht hunn, krute si eréischt am Mee hir Indemnisatiounen ausbezuelt. Doriwwer eraus ass, mengen Informatiounen no, d’Nobezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz vun 2018 nach ëmmer net ausbezuelt ginn.
Vill Fräiwëlleger wëssen doriwer eraus nach ëmmer net a wéi engen Zäitintervallen d’Indemnisatiounen ausbezuelt ginn a reegen sech doriwwer op, dass hinnen nach keng konkret informatiounen dozou virleien.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Bis wéini kënnen d’Benevolle mat der retroaktiver Ausbezuelung vun der Indemnitéit fir en Asaz rechnen? Gëtt de Montant vun der Indemnitéit op den Asaz berechent oder pro Stonn pro Asaz?
- Wéi gesäit de Cadencier vum Ausbezuele vun den Indemnitéite beim CGDIS aus? A wéi engen Intervallen kennen d’Fräiwëlleger mat hiren Indemnisatioune rechnen?
- Ginn déi eenzel Indemnitéiten, déi d’Madamm Ministesch an hirer Äntwert op meng vireg Fro oplëscht, zesumme verséiert oder no Indemnitéit? Wat ass d’Begrënnung dofir?
- Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi Indemnitéiten, déi si fir Abrëll ugekënnegt hat, eréischt am Mee ausbezuelt goufen? Falls jo, wat war de Grond vun der verspéidener Iwwerweisung?
- “De CGDIS huet seng informatesch Programmer fir d’Erfaasse vu Stonnen, sou wéi fir d’Bezuele vun de geleeschte Stonnen moderniséiert an optimiséiert. Dëse Prozess huet elo e bëssen gedauert, ma et sief drun erënnert datt dëst de Fräiwëllegen awer an Zukunft nëmme kann zegutt kommen. Duerch déi nei informatesch Systemer wäert sech d’Beaarbechtungszäit vun den Indemnitéiten an Zukunft enorm reduzéieren!” (Äntwert vun der Madamm Ministesch op d’Fro n°429)
Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, ob de System fir d’Erfaasse vu Stonnen, Stand haut, schonn asazbereet ass an de Fräiwëllegen zegutt kennt? Kann d’Ministesch och erklären, wéi dëse System fonctionnéiert?
