Connect with us

Questions parlementaires

Fuerpark vun der Regierung

D’Thema vun der Elektromobilitéit ass grad méi wéi jee en wichtegt Thema an der Aktualitéit. Dozou goufen et och scho verschidde parlamentaresch Froen an der Vergaangenheet, wéi zum Beispill d’Question parlementaire n°3746. An der Emissioun „Dir hutt d’Wuert“ um RTL-Radio vum 10ten November huet de François Benoy gesot, dass och d’Regierung misst bei hirem Fuerpark ëmdenken an och eis Regierung misst hiren Deel zur Transitioun bäidroen a vun Autoe mat Verbrennungsmotor op Elektroautoen ëmklammen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Autoe befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung a wéi eng Autosmarke si vertrueden?

  2. Wéini goufen déi Autoe jeeweils kaaft, zu wat fir engem Präis an enthält de Fuerpark nach ëmmer Autoe mat Verbrennungsmotor?

  3. Fir d’Joer 2022, 1. wéi vill Emissioune CO2 stéisst de Fuerpark vun de Regierungsmemberen aus? (opgelëscht no der NEFZ– an der WLTP–Ausstoussnorm) 2. wéi vill Liter/100km verbraucht de Fuerpark (Duerchschnëtt+Median)? 3. wéi vill PS huet de Fuerpark vun der Regierung (Duerchschnëtt+Median)?

  4. Wéi vill Plug-in Hybriden enthält de Fuerpark vun de Ministeren aktuell?

  5. Wéi vill reng elektresch gedriwwen Autoen, ënnerdeelt tëscht manner wéi 18 kW a méi wéi 18kW, enthält de Fuerpark vun de Ministeren aktuell?

  6. Wéi dacks goufe reng elektresch gedriwwen Autoe vu Membere vun der Regierung an de Joeren 2021 an 2022 fir Deplacementer benotzt?

  7. Wéi héich ass den Budget pro Auto pro Minister a ginn et do Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Regierungsmemberen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7161

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert