Connect with us

Questions parlementaires

Naturschutzzon am Trentengerdall

Den Artikel 41 vum Naturschutzgesetz beseet, dass d’Regierung iwwer groussherzoglecht Reglement dierf Naturschutzzonen deklaréieren, déi am ëffentlechen Interessi sinn. Aktuell ass och d’Trenténgerdall an der Prozedur fir als Naturschutzzon ausgewisen ze ginn. Et handelt sech ëm 1700 Hektar Land, dorënner Bëscher, mee och Akerland a Wéngerten, an eenzel Baueren a Wënzeren an der Regioun sinn iwwert d’Zukunft vun hierem Familljebetrieb besuergt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Nom Artikel 40 vum Gesetz hunn d’Bierger d’Recht hier Géigenargumenter zu enger Ëmklasséierung eranzeginn. Wéi vill Reklamatioune betreffend der Ëmklasséierung vum Trentengerdall goufen agereecht a wéi eng Argumenter goufe géint eng Ëmklasséierung bruecht?  Wéi enge Punkte wäert d’Regierung nokommen an Ännerunge virhuelen?

  2. Fir wéi eng Aktivitéiten ginn déi verschidden Akerflächen, déi an d’Naturschutzzon solle kommen, benotzt?

  3. Dierf um Akerland an an de Wéngerten, déi duerno an der Schutzzon leien, weiderhin eng Bio-Landwirtschaft oder Permakultur bedriwwe ginn?  Falls jo, wäert d’Regierung de betraffene Bauere eng weider finanziell Hëllef ubidden, well si hire Betrib gezwongenerweis mussen ëmzestellen?

  4. Wéi wäert d’Juegd am Naturschutzgebitt an Zukunft gereegelt sinn?  Wäerten nei Juegdlouser entstoen? 

  5. Bleift d’Klappjuegd an dësem Gebitt weiderhin erlaabt?

  6. Wat soll genau am Trentengerdall geschéien, wann d’Naturschutzzon ausgewisen ass a wéi een Impakt erhofft sech d’Regierung dobäi op d’Planzen- an Déierewelt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7166

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert