Questions parlementaires
Parkingsreegele fir Ministerautoen
Ministeren kréien hei am Land Autoe vum Staat zur Verfügung gestallt. Dës Déngschtween gehéieren dem Staat an kënne souwuel fir offiziell wéi och fir privat Zwecker benotzt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Heiansdo gesäit een ronderëm d’Chamber Autoe vu Ministeren stationéiert, obwuel do eigentlech ee Parkverbuet gëllt. Gëtt et eng Dispositioun, déi et de Ministeren erlaabt an engem Halteverbot ze parken? Wann jo, wéi eng ass dat?
QP Nummer 7126