Questions parlementaires
Autoe vu Ministeren
Ministere kréien hei am Land Autoe vum Staat zur Verfügung gestallt. An der Äntwert op meng Fro n°1825 huet d’Regierung erkläert, dass dës Déngschtween dem Staat gehéieren an net dem Minister an och keen Deel vum Traitement vun engem Minister sinn. D’Autoe kënne souwuel fir offiziell wéi och fir privat Zwecker benotzt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
D’Steieramt verlaangt vu normale Beschäftegten, dass fir een Déngschtauto ee Faartebuch gefouert gëtt, wou och deklaréiert ass, wann den Auto privat genotzt gëtt. Ginn esou Faahrtebicher och fir d’Autoe vum Fuerpark „Voitures de Service au Garage de Gouvernement“ gefouert?
Falls si kee Faartebuch musse féieren, wéi musse Ministeren hir Faarten da steierlech deklaréieren?
Kréien d’Ministere fir hir Faarten och sougenannten Tankkaarten zur Verfügung gestallt? Wa jo, musse si déi bei de Stéieren uginn, respektiv kréien si duerch hir Tankkaart steierlech Virdeeler erméiglecht?
QP Nummer 7128