Connect with us

Questions parlementaires

Congé parental am Fall vun engem Doudesfall vum Kand

Am Gesetz ass virgesinn, dass en Elterendeel am Fall vum Doud vun engem Kand wärend dem Congé parental maximal e Mount Zäit huet, fir nees schaffen ze goen. D’Ministesch huet op Nofro wärend der Petitiounsdebatt fir 9 Méint Congé parental an der Chamber gesot, dass hei déi individuell Fäll missten mat dem Comité directeur vun der Zukunftskeess gekuckt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll gouf et säit 2016 wou een Elterendeel den Congé parental refuséiert kritt huet, wéinst dem Doud vum Kand?

  2. Wéi vill Fäll gouf et säit 2016 wou een Elterendeel den Congé parental gekierzt kritt huet, wéinst dem Doud vum Kand?

  3. Wéi vill Fäll gouf et tëscht 2010 an 2016 wou een Elterendeel den Congé parental refuséiert kritt huet, wéinst dem Doud vum Kand?

  4. Wéi vill Fäll gouf et tëscht 2010 an 2016 wou een Elterendeel den Congé parental gekierzt kritt huet, wéinst dem Doud vum Kand?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7149

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert