An d’Vakanz mam Nuetszuch?

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°900 iwwert d’Nuetszich hat de Minister geschriwwen, dass de leschten internationalen Nuetszuch de 26te Juni 2016 vu Lëtzebuerg aus fortgefuer ass. Dës Weidere schreift de Minister, dass Lëtzebuerg als Arrêt fir international Nuetszich aus wirtschaftleche Grënn wéineg Potenzial besëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Ass et sënnvoll am Kontext vun enger nohalteger Klima – an Ëmweltpolitik, international Nuetszich fir Lëtzebuerg aus reng wirtschaftleche Grënn ze ecartéieren?
  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass bei feelender Wirtschaftlechkeet de Staat d’Nuetszich misst subventionéieren?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, dass Lëtzebuerg dës Legislaturperiod un de Reseau vun den internationalen Nuetszich wäert ugeschloss ginn?
  4. Ab Januar plangt d’éisträichesch Bundesbahn (ÖBB) d’Aféiere vun enger Linn vu Wien op Bréissel. Gesäit d’Regierung dëst Geschäftsmodell als Chance, Lëtzebuerg an domadder d’CFL erëm un dat internationaalt Nuechtszuchnetz unzeschléissen? Falls jo, wäert d’CFL d’Verhandlungen mat der ÖBB sichen?
210159

Auszuch aus dem EU-Wahlprogramm vun “Déi Gréng” (Säit 16. URL: http://wielgreng.lu/wp-content/uploads/2019/04/EU2019-Grénge-Wahlprogramm.pdf

FRO.LU Froen zum Fichier vun der Police

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU :

Säit e puer Méint froe Bierger hei am Land no den Donnéeën, déi d’Police Grand-Ducale am Policefichier iwwert si gespäichert huet. Wéi eis zougedroe gouf, dauert et aktuell laang bis d’Bierger eng Äntwert op hiert Schreiwes kréien. Esou kruute verschidde Läit am Accusé de Réception vun der Police geschriwwe kréien, dass hir Donnéeën hinne bannent 6 Méint zougestallt wäerte ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn dëst Joer en Extrait aus dem Police-Fichier ugefrot? 
  2. Wéi vill Persoune kruten hiren Extrait aus hirem Police-Fichier schonn zougestallt? Wéi vill Läit mussen nach waarden?
  3. Bei wéi villen Demanden huet den Traitement méi wéi ee Mount gedauert?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Vitesskontrolle bei Reen

De Code de la Route gesäit vir, dass d’Vitesslimitatioun op den Autobunne bei Nidderschlag vun 130km/h op 110km/h erofgesat gëtt. Dës Mesure besteet aus Precautioun, well bei naasse Stroossen de Bremswee méi laang ass wéi op dréchene Stroossen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wei vill Autofuerer op enger Autobunn, déi bei Nidderschlag méi schnell wéi 110km/h gefuer sinn, goufen an de leschte 5 Joer protokolléiert (opgelëscht pro Joer)?
  2. Gi bei Nidderschlag och d’Schwellewäerter vun de mobille Radaren op 110km/h ëmgestallt?
  3. Wéi vill Accidenter goufen et an de leschte 5 Joren op den Autobunne bei Nidderschlag?
  4. Wéi oft huet d’Police an de leschte 5 Joren d’Vitesslimitatiounen op den Autobunne bei Nidderschlag kontrolléiert? 
  5. Ass de Minister der Meenung, dass genuch Policekontrolle bei schlechte Wiederkonditiounen duerchgefouert gi sinn?

FRO.LU Manuel Synchronisatioun vu mobilitéit.lu

Eng Fro gouf gestallt op FRO.LU
D’Piraten hunn nogefrot:

Viru Kuerzem huet de Minister fir Mobilitéit d’Aktualiséierunge vun der Mobilitéits-App virgestallt. Duerch technesch Neierunge kennen d’Passagéier elo an Echtzeit gesinn, wann hire Bus ze spéit ass. Allerdéngs ass eis zougedroe ginn, dass d’Moderniséierung vun der Mobilitéits-App beim Schinnentransport Problemer huet. Op Nofro beim Verkéiersverbond gëtt een informéiert, dass d’Donnéeën zu den Zich, déi op der CFL-Website stinn, net an Echtzeit mat den Donnéeë vum Verkéiersverbond synchroniséiert ginn. Esou kann et sinn, dass een op der CFL-Website d’Horairë vun den Zich éischter ugewise kritt wéi beim Verkéiersverbond.

Souwuel der Verkéiersverbond wéi och d’CFL sinn Organisatiounen, an deenen de Mobilitéitsministère duerch säin Afloss an de Verwaltungsréit strategesch Decisioune beaflosse kann. 

An deem Zesummenhang hu mir dem Mobilitéitsminister dës Froe gestallt

  1. Huet de Minister Kenntnis vun dësem Problem? Falls jo, wéi ass et ze erklären, dass dëse Problem, Stand 2019, nach existéiert?
  2. Bis wéini mengt de Minister, dass d’Donnéeën vun der CFL-Website zäitgläich an der App vum Verkéiersverbond ugewise kéinte ginn?

Dir hutt och eng Fro un d’Regierung? Da maacht Gebrauch vun  www.fro.lu

Blo Luuchte fir d’Regierungsautoen: muss dat sinn?

D’Artikelen 39 a 44 vum Code de la Route lëschten d’Kategorie vun Autoen op, déi mat spezielle sonoren Anlagen a bloe Luuchten däerfen equipéiert ginn. An dës Kategorie falen och d’Autoe vum “Service de Protection du Gouvernement” souwéi déi vum groussherzoglechen Haff. 

Et ass selbstverständlech, dass d’Membere vun der Exekutive an d’groussherzoglech Famill viru potenzielle Gefore musse geschützt sinn an dofir am Noutfall vun A op B musse kommen. Allerdéngs ass d’Heefegkeet vun de Fäll, wou ee vun deene besoten Autoen opgrond vun enger reeller Gefor misst op Bloliicht zeréckgräifen, hei am awer zimlech séchere Lëtzebuerg dach relativ limitéiert. 

Iwwerdeems ginn zu Lëtzebuerg fir offiziell Uläss oft eng Rei vu Stroosse fir de regulären Trafic gespaart, fir dass sech Membere vun der Exekutive iwwert d’Stroosse beweege kënnen. A letztlech ginn d’Regierungsvertrieder an Extremfäll och nach duerch Leibwächteren a Polizisten iwwerwaacht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Autoe vun der Exekutiv an engem Police-Konvoi et och ouni Bloliicht duerch den Trafic vun A op B packen, wann si mat Zäite fortfueren?
  2. Fënnt d’Regierung, dass d’Sécherheetssituatioun an de Risiko vun engem Attentat op d’Regierung an op de Groussherzog aktuell zu Lëtzebuerg esou reell ass, dass d’Autoe mat Bloliicht musse fueren?
  3. Ass d’Regierung des Weideren der Meenung, dass Autoe vun der Exekutiv, déi mat Bloliicht fueren a keng Rettungsdéngschter sinn, sech zu Lëtzebuerg wéi all aneren Auto och un d’Geschwindegkeetsbegrenzunge vum Code de la Route hale sollen? 

An enger Nofro hu mir dem Minister folgend Froe gestallt:

  1. Wei oft gouf op Basis vum Artikel 2 Punkt 5.10 fir d’Period 2017-2019 de Service urgent fir d’Gefierer vu Regierungsmemberen agesat?
  2. An der vireger Äntwert schreift de Minister, dass de Chauffer bei Transporter vu Regierungsmembere selwer decidéiert, wéini ee Service urgent ausgefouert gëtt. 
    • Wéi eng Krittäre muss de Chauffer an dem Fall berécksiichtegen, fir dës Decisioun däerfen ze treffen? Muss eng Bedroung virleien, fir dass de Chauffer dës Decisioun däerf huelen? 
    • Falen d’Rendezvouse vum Groussherzog oder vun de Regierungsvertrieder ënnert dës Konditiounen?
  3. Am Fall wou keng imminent Bedrouung fir ee Police-Konvoi festzemaachen ass, firwat kann ee Konvoi op enger Kräizung (beispillsweis bei enger rouder Luucht) net einfach stoe bleiwen? Ass de Risiko vun enger schneller Duerchfaart iwwert eng Kräizung net souguer méi geféierlech fir déi aner Verkéiersdeelhueler?
  4. Ass et an der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg schonn zu konkreten Iwwergrëff op ee Regierungsmember oder Membere vum groussherzoglechen Haff komm?
  5. A wéi enge Konditiounen gi geséchert Gefierer (véhicules blindés, Artikel 2 Punkt 2.28.) agesat? Wéi oft goufen dës Gefierer an de leschten 3 Joer agesat?

iPads an de Schoulen

An der parlamentarescher Fro n°617 hate mir den Educatiounsminister iwwert den Asaz vun Tablets an de Schoule befrot. Hei krute mir exhaustiv erkläert, firwat d’Regierung op d’iPads vun der Mark Apple setzt a wéi den Educatiounsminister gedenkt d’Formatioun mat dësen Tabletten ze gestalten.

A senger Äntwert schreift den Educatiounsminister 

Kritescht Denken an e responsabelen Ëmgang mat Technologië sinn net un e spezifescht Gerät oder eng Software gebonnen. Dëst ass vill méi en edukative Prozess, deen all Dag an deene Klasse stattfënnt, wou esou Technologien agesat ginn.

Eis ass vu verschiddene Schüler a Proffen zougedroe ginn, dass aktuell verschidde Klassen d’iPads guer net fir hiren Ënnerriicht benotzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Huet d’Regierung am Kader vum Ënnerriicht mat Tablets dem Léierpersonal Formatioune fir d’Gestalte vum Ënnerriicht ugebueden? Falls jo, wéien Ëmfang haten dës Formatiounen a wéi eng Kompetenze krut d’Léierpersonal vermëttelt?
  2. Gëtt ee Suivi vun der Benotzung vun den Tablets am Ënnerriicht gemaach? Falls jo, wéi eng Problemer sinn am Ëmgang mat den Tabletten identifizéiert ginn a wat sinn d’Léisungsvirschléi?
  3. Fir wéi ee Präis bezéien d’Schoulen d’Tabletten? Ginn dës zentral iwwert de Ministère kaf oder mécht all Schoul seng eege Bestellungen? Wéi vill Sue goufen insgesamt 2018 an 2019 fir Tabletten ausginn?
  4. Aus den Äntwerten op eis Froen n°928 a 965 iwwert d’Ofhéierfunktioune vu Sproochassistenten (wéi Siri), huet d’Regierung eis informéiert, dass d’Justiz Accès op Sprochassistenten huele kann, dëst awer bis ewell net gemaach huet an d’Fäll strikt iwwert d’Gesetz gereegelt sinn. An der Fro n°299 hunn ech allerdéngs och op d’Zero-Day-Schwaachstellen opmierksam gemaach, déi potenziellen Hacker d’Dier fir d’Oflauschteren opmaachen. Consideréierend, dass d’iPads u Mineure verdeelt ginn, wéi eng zousätzlech Mesure gi vum Educatiounsministère ënnerholl, fir den Dateschutz vu meeschtens mannerjärege Schüler ze garantéieren?

All Apdikte verflichten net gebrauchte Medikamenter zeréckzehuelen?

Aktuell kann een zu Lëtzebuerg ofgelafe Medikamenter an de Recyclingszentere souwéi op d’Sammelstelle vun der Superdreckskëscht ofginn. Och a verschiddenen Apdikte besteet d’Méiglechkeet, dass d’Clienten hir Medikamenter zeréckdroe kënnen. Allerdéngs ass dat net an allen Apdikten de Fall. 

D’EU-Kommissioun huet an engem Communiqué un d’EU-Parlament an un den EU-Rot vum 11ten Mäerz 2019 d’Reduktioun vu Medikamentenoffäll als eng Prioritéit consideréiert. Notamment sollen déi bestéiend Sammelstrukturen analyséiert a verbessert ginn an och d’Ëffentlechkeet besser doriwwer informéiert ginn, wéi a wou si Medikamenter konform entsuerge kënnen. D’Regierung huet an de leschte Joren eng Réi Sensibiliséierungscampagnen zu dësem Thema lancéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  • Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, fir dass all d’Apdikten hei am Land dozou verflicht ginn, Medikamenter ze sammelen, fir esou eng propper Entsuergung ze erméiglechen? 
    • Falls jo, wéi eng Mesurë gesäit d’Regierung vir, fir d’Apdikten heibäi ze ënnerstëtzen?
    • Falls nee, firwat gesäit d’Regierung dat als net néideg un?

Waasser aus der Musel – eng gutt Qualitéit?

Wéi d’Tageblatt den 1ten Oktober 2019 gemellt huet, gouf et op der franséischer Säit vun der Musel een Incident beim Atomkraaftwierk zu Cattenom. Et ass net déi éischte Kéier, dass et am bal 40 Joer ale Kraaftwierk zu irreguläre Virfäll kennt. 

Dës Virfäll bleiwen ni ouni Konsequenze fir Lëtzebuerg, well d’Musel aus der Lorraine bei iwwert d’Grenz erafléisst a soumadden d’Waasserqualitéit an och Ëmwelt zu op eiser Säit direkt vun esou Incidenten betrafft sinn. An dem Kontext stellen sech och Froen zu der genereller Waasserqualitéit vun der Musel.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi hunn sech d’Maximalwäerter u Radioaktivitéit an deene leschten 10 Joren an der Musel entwéckelt? Kann d’Ministesch Erklärungen zu de Wäerter ginn?
  2. Wéi hunn sech d’Waasserwäerter generell an de leschte 5 Joer op der Musel entwéckelt, betreffend:
    • Waassertemperatur,
    • Sauerstoffgehalt,
    • pH-Wäert,
    • Pestizidréckstänn,
    • Herbizidréckstänn,
    • Medikamenteréckstänn,
    • aner Verschmotzungswäerter?
  3. Wat sinn an eischter Linn déi gréisste Verschmotzungsursaachen vun der Musel? 
  4. Wéi eng Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir d’Waasserqualitéit vun der Musel ze verbesseren? 

Intransparenz an de Verwaltungsréit? – Nofro

Mir haten am Abrëll eng Fro iwwert d’Fonctionnaire gestallt, déi als Administrateur an d’Verwaltungsréit vun Entreprise nominéiert ginn, an deenen de Staat Undeeler besëtzt. Op eis Froe konnt de Premierminister eis keng Zuele presentéieren, verweist awer gläichzäiteg drop, dass all d’Donnéeën iwwert den Internet opruffbar an transparent ass. A senger zweeter Äntwert geet de Premierminister guer net op eis Froen an. Domadder gi mir eis net zefridden a stellen d’Fro nach eng Kéier.

209359-2

211469

Formatioune fir Gemengepolitiker?

Am Grand-Duché goufen an de leschte Gemengewahle 600 Gemengeconseillere gewielt, déi an den 102 Gemengen uechtert d’Land d’Geschécker an der Lokalpolitik leeden. Dës Gemengeconseillere kommen aus ganz verschiddene soziale Milieuen, woubäi déi eng méi an déi aner manner Kenntnisser a Politik a Recht besëtzen. 

Et ass evident, dass ee Gemengeconseiller, dee berufflech an engem juristesche Kontext schafft, et vill mi einfach huet fir sech an d’lokalpolitesch Dossieren eranzeschaffen, wéi een, deen als Ugestallten an engem net liéierten Domaine schafft. 

Ee Mandat an engem Gemengerot oder och an e puer Schäfferéit ass net ëmmer eng Vollzäit-Tâche an erfuerdert vu ville Mandatsdréier, dass si sech nieft hirem Beruff a verschidden Dossieren eraschaffen. Dës Aufgab ass net ëmmer einfach, well et sech heiansdo ëm héich technesch Dossieren handelt, an deenen et dorëm geet, Decisiounen ze huelen, déi dem Wuel vun den Awunner vun de jeeweileger Gemengen déngen. 

A villen Dossieren, wéi zum Beispill dem Stroossebau, der kommunaler Steierpolitik oder der Energieversuergung, kënne juristesch Technizismen optauchen. Et ass net dovun auszegoen, dass all Gemengeconseiller an esou Dossieren ëmmer déi néideg Virkenntnesser besëtzt. Dorënner kéint d’Qualitéit vun der politescher Aarbecht um Gemengenniveau leiden. Dat selwecht kéint och fir Schäfferéit a Buergermeeschteren de Fall sinn.

Et wär an dem Kontext wichteg, dass déi Verantwortlech aus der Gemengepolitik dat néidegt Wëssen an déi néideg Instrumenter géife mat op de Wee kréien, fir korrekt politesch Entscheedunge kënnen ze fällen.

An deem Zesummenhang hu mir der Inneministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Gemengeconseilleren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  2. Wéi eng Formatiounen ginn aktuell fir Schäffen a Buergemeeschteren ugebueden? Wat ass den Ëmfang vun de jeeweilege Formatiounen?
  3. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Offer u Formatioune fir Gemengeconseilleren a Schäfferéit aktuell ausräichend ass?
  4. Ass d’Madamm Inneministesch der Meenung, dass den Inneministère oder de SYVICOL méi Formatioun fir Gemengeconseillere a Schäfferéit misst ubidden?