Getarnte Radaren op der N31?

Wéi den Essentiel mellt, gouf den 12.9.2019 op der Streck N31 tëscht Käerjeng a Péiteng ee Radar fir eng Vitesskontroll opgestallt. Dat Besonnescht un dësem Radar ass allerdéngs, dass en mat Blieder ëmhüllt ass, wéi een op de Fotoen erkenne kann.

An deem Zesummenhang hu mir dem Mobilitéitsminister eng Fro gestallt:

  1. Kann de Minister dëse Radar op der N31 confirméieren?  
  2. War et een Zoufall war et bei der Kontroll gewollt, dass de Radar mat Blieder getarnt war?  
    • Falls de Radar vun der Police getarnt gouf, säit wéini mëscht d’Police Gebrauch vun esou Methoden?

Zigarette gehéiere net an d’Natur

Ob an der Stroossen, um Trottoir oder am Gréngs: op ville Platzen uechtert d’Land fënnt een ewechgehäiten Zigarettestommelen. De Geste fir ee Stommel ewechzegeheien ass kuerz. D’Konsequenze fir d’Ëmwelt sinn allerdéngs op laang Dauer immens grave, well an de Stommelen eng Réi toxesch Materialien ze fanne sinn. De Stommel brauch Jore bis en sech zersetzt, falls virdrun net schonn een Déier en gefriess huet. An dësem Zersetzungsprozess gelange Chemikalien – wéi zum Beispill den Arsen, Nikotin, Blei, Chrom, Kopper oder Cadmium – an eis Ëmwelt. Iwwert de Buedem kënnen des Stoffer dann och an eist Grondwaasser gelaangen.

D’Konsequenze vum Zigarettestommel fir d’Natur si säit laangem bekannt an se sinn bedenklech. Trotzdeem gesäit een ëmmer erëm Mënschen, deenen dëst schéngbar net bewosst oder egal ass. Anescht ass et net ze erklären, dass d’Stommelen ouni grouss Iwwerleeungen op de Buedem geheit ginn, als wären et Grimmele vun enger Mëtsch. 

An deem Zesummenhang hu mir der Ëmweltministesch an dem Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Mesuren huet d’Regierung säit 2013 ënnerholl fir d’Ëmweltverschmotzung duerch Zigarettestommelen ze reduzéieren? 
    • Waren des Mesuren effektiv a kann d’Regierung dëst unhand vun Zuele beleeën?
  2. Wat wäert d’Regierung a noer Zukunft ënnerhuele fir d’Verschmotzung duerch Zigarettestommelen ze ënnerbannen?
  3. Besëtzt d’Regierung Donnéeë wéi eis Ëmwelt duerch d’Chemikalien aus Zigarettestommele belaascht ass?

Emotet-Trojaner

Mir wëlle wëssen, ob eis staatlech IT op den Emotet-Trojaner virbereet ass, deen aktuell an Däitschland eng Réi Administratiounen attackéiert huet.

Wéi d’Website heise.de rezent beriicht huet, gouf eng nei Bedruchssoftware entdeckt, déi et an Däitschland op ëffentlech Administratiounen ofgesinn huet. Den Trojaner mam Numm “Emotet” huet bei enger Stad no vun Hannover déi ganz Administratioun attackéiert an ausser Service gesat.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Weess den Digitalisatiounsminister, ob dës Bedruchssoftware schonn zu Lëtzebuerg opgetaucht ass?
  2. Wéi ass déi staatlech IT géint ee méiglechen Ugrëff vun dësem Trojaner virbereet?

Froen zu de Visasdemanden aus Drëttlänner

Mir wëlle vum Ausseminister wëssen, wéi gutt de Ministère Visasdemanden aus Drëttlänner evaluéiert. Eisen Informatioune goufe bei e puer Gespréicher deplacéiert Umierkunge säitens dem Ministère gemaach, déi eigentlech net wierklech eppes an der Prozedur ze sichen haten. Mir wollte méi dozou wëssen.

D’Immigratiounsgesetz vum 29ten August 2008 beschreift d’Prozedur wéi den Ausseministère d’Visasdemandë fir Persounen aus Drëttstaaten ze traitéieren huet. Laut Gesetz muss de Ministère all Demande op Basis vun enger Evaluatioun vun de Fakten entweder akzeptéieren oder refuséieren.

Bei Visasdemanden aus Drëttstaaten gëllen heibäi méi streng Kritären. Fir d’Residenten zu Lëtzebuerg, déi eng Bezéiung mat enger Persoun aus engem Drëttland féieren, stellen sech an dem Kontext gewësse Problemer. Vill vun deene Koppele sinn net bestuet a liewen och net an engem agedroene Partenariat, sou wéi d’Gesetz vum 9te Juli 2004 et virgesäit.

Fir eng glécklech Fernbezéihung kënnen ze féiere sinn d’Koppelen dorobber ugewisen, dass hir Visasdemandë vum Ausseministère akzeptéiert ginn. Ee Refus vun engem Visum ass fir d’Koppelen mat héijem emotionale Stress verbonnen, well si hir Bezéiung an dem Fall nëmme schwéier weiderféiere kënnen. Den Ausseministère huet schlussendlech also dat leschte Wuert iwwert d’Entscheedung ob eng Bezéiung Zukunft huet oder net.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Visasdemandë à court séjour goufen dëst Joer vum Ministère accordéiert oder refuséiert? Wat waren d’Grënn bei de Refusen?
  2. Ass et Usus, dass de Ministère bei Visasdemanden aus Drëttstaaten den Demandeuren oder hirer Koppel recommandéiert sech net ze bestueden? 
    • Besëtzt de Minister Kenntnis vun esou Fäll?
    • Sinn esou Recommandatiounen an der Prozedur virgesinn an am Kompetenzberäich vum Ministère?
    • Fënnt de Minister, dass et all Koppel selwer iwwerlooss ass, ob si sech bestuede
  3. Ass et Usus, dass bei Visasdemanden den Demandeur a seng Koppel gefrot ginn hir perséinlech Fotoen fir eng Evaluatioun un de Ministère weiderzeleede mussen?
    • Falls jo, besëtzt den Ausseministère déi néideg Kompetenze fir ze evaluéieren op eng Bezéiung authentesch ass? 
  4. Vu, dass d’Immigratiounsgesetz vum 29ten August 2008 souwéi säi Reglement an de leschte Joren eng Réi Ännerunge kruten an déi lescht Consolidéierung vum Gesetz op 2013 zeréckzeféieren ass, hält de Minister et fir opportun eng consolidéiert Versioun vum aktuelle Gesetz ze publizéieren? Falls jo, bis wéini?
Äntwert-Immigratioun

Bëschverloscht

D’EU-Kommissioun huet den 23. Juli 2019 op hirer Website informéiert, dass tëscht 1990 an 2016 1,3 Millioune Quadratkilometer Bëscher verluere gaange sinn. Dat entsprécht engem Bëschtverloscht vu ronn 500 Mol der Gréisst vu Lëtzebuerg oder 3 an hallef mol der Gesamtfläch vun Däitschland. Wëssend, dass d’Bëscher Groussraim vu Biodiversitéit sinn an och fir d’Klima immens wichteg si well d’Planzen den CO2 aus der Loft bannen,sinn dës Zuelen alarméierend. Et ass awer net just un der Europäescher Unioun, mee un deenen eenzele Memberstaaten fir do hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. D’Regierung huet de Schutz vum Bësch an hirem Koalitiounsaccord opgeschriwwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Ëmweltministesch dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Bëscher sinn zënter 1990 zu Lëtzebuerg verluer gaangen?
  2. Wéi vill Bëscher sinn zënter 2013 zu Lëtzebuerg verluer gaangen?
  3. Wéi wëll d’Regierung de Bëschverloscht an deene nächste Jore bremsen? 

Premièresexamen 2019 – Froen zur d’Hierschtsessioun

Nächst Woch fënnt d’Hierschtsessioun vun den Ofschlossexamen am Secondaire statt. Eis gouf vu verschidde Schüler zougedroen, dass d’Organisatioun vun dëser Sessioun engem zimlech straffen Zäitplang ënnerläit. An effektiv hu mir festgestallt, dass d’Schüler a grad mol 4 Deeg ronn 11 Exame schreiwe sollen, woubäi 9 Examen op 3 Deeg verdeelt sinn. Am Vergläich: fir d’Summersessioun 2019 hat ee Schüler ee bis zwee Examen pro Dag ze schreiwen. 

Ween schonn een Examen op Première geschriwwen huet, dee weess, wat fir ee Konzentratiounseffort fir dës Prüfungen néideg ass. Nom Artikel 2 vum Reglement Grand-Ducal iwwert d’Organisatioun vum Ofschlossexamen am Secondaire steet et dem Minister fräi, d’Examen ze organiséieren.

An deem Zesummenhang hu mir dem Bildungsminister folgend Froe gestallt.

  1. Firwat fannen d’Ofschlossexamen an der Hierschtsessioun, am Vergläich zu den Examen an der Summersessioun, an esou engem enken Zäitraum statt?
  2. Gesäit de Minister an, dass et fir d’Schüler vun der Hierschtsessioun eng Ufuerderung ass, 3 Ofschlossexamen an engem Dag ze schreiwen?
  3. Gesäit de Minister ee Risiko, dass d’Organisatioun vun der Hierschtsessioun d’Schüler am Verglach zu de Participanten aus der Summersessioun benodeelegt?
    • Falls nee, kann de Minister dëst unhand vun de Notten aus de leschte Jore beleeën?
  4. Wäert de Minister an Zukunft d’maximal Unzuel vun Exame pro Dag iwwert de Reglement Grand-Ducal deckelen? 
    • Falls jo, bis wéini gedenkt hien dat ze maachen?
    • Falls nee, firwat net?

Drockopträg beim Staat

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°881 goung ervir, dass de Verbrauch an d’Käschte vum Pabeier beim Staat relativ stabil bliwwen ass. Och wa verschidde Prozeduren digitaliséiert ginn, esou setzt de Staat aktuell nach vill op de Pabeierdrock fir zum Beispill Informatiounsbroschüren hierzestellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung folgend Froe gestallt:

  1. Wéi sinn d’Drockopträg beim Staat gereegelt? Gi gréisser Drockopträg iwwert ee Marché public bestëmmt oder existéiert eng Konventioun tëscht dem Staat an engem Fournisseur? 
  2. Kann d’Regierung eis eng Lëscht vun den Drockopträg opstellen, dëst opgeschlësselt no 
    • Joer (vun 2012 bis 2019), 
    • no Fournisseur (D’Dréckerei)
    • a nom Käschtevolume fir all d’Opträg vum Fournisseur fir dat Joer?
  3. Setzt d’Regierung bei den Drockopträg dorobber, dass de Fournisseur Recyclingspabéier benotzt? 
    • Falls nee, wéi vill Prozent vun den Opträg ginn op normalem Pabeier gedréckt?
  4. Ginn bei den Drockopträg Faarwen op Uelegbasis benotzt?
    • Falls jo, wisou setzt d’Regierung hei net op planzlech Faarwen?
  5. Ginn Drockprodukter, déi net méi gebraucht ginn, recycelt?
  6. Gëtt bei den Drockopträg och d’Nohaltegkeet vum Fournisseur consideréiert, wéi zum Beispill d’CO2-Bilanz?

Een Déiereschutzlabel zu Lëtzebuerg?

Verschidden Déiereschutzorganisatiounen, wéi zum Beispill den Tierschutzverbund an Däitschland, fuerdere scho säit Joren den Asaz vun enger Déiereschutzkennzeechnung fir Déiereprodukter, déi op héijen Déiereschutzstandards foussen, ze kennzeechnen. Enger Etüd vum Eurobarometer no, op déi sech den Tierschutzverbund berifft, ass ee Groussdeel vun de Konsumenten sech bewosst, dass hiert d’Kafverhalen een Afloss op den Déiereschutz huet. Wéi d’Bundeszentrum für Ernährung op hirer Website matdeelt, wäert déi däitsch Regierung fir 2020 ee Label fir d’Déiereschutzkennzeechnung op de Wee bréngen.

Mir erënneren d’Regierung dorun, dass si am Koalitiounsaccord bekräftegt huet hiert Engagement am Déiereschutz weiderhin héichzehalen (Säit 194 vum Koalitiounsaccord).

An deem Zesummenhang hunn mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert och d’lëtzebuergesch Regierung sech fir een Déiereschutzlabel asetzen ?
    • Falls jo, 
      • wäert Lëtzebuerg sech der däitscher Initiative uschléissen oder een eegent Gesetz op de Wee bréngen?
      • wäert d’Regierung mat den heemeschen Déiereschutzorganisatioun zesummeschaffen, fir d’Kritäre vum Label festzeleeën?
    • Falls  nee, firwat net?

Sécherheet am Auto

Mir hunn dem Mobilitéitsminister eng Serie Froen iwwert d’Sécherheetsequipementer an Autoe gestallt an ob d’Regierung dës wëll ze fërderen. Rechtsabbiegeassistenten oder automatesch Bremssystemer kënne mënschlech Feelere vermeiden a Liewe retten. Hei ass eis Fro:

An de leschte Jore sinn an der Autosindustrie eng Rëtsch interessant Sécherheetsequipementer virgestallt ginn. Ee rezent Beispill ass ee sougenannte Rechtsabbiegeassisten, bei dem Sensore vum Auto Vëlosfuerer erkennen, déi vun hannen ugefuer kommen an eng automatesch bremsung ausléisen. Aner Equipementer bidden dës automatesch Bremssystemer fir d’Verhënnere vu Frontalaccidenter mat Foussgängeren un. Och d’Beliichtung an den Autoen huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt, soudass Autoe mat LED anstatt mat Halogen equipéiert kënne ginn.

All dës technesch Sécherheetsmesuren existéieren a kënnen dozou bäidroen dat vun der Regierung deklaréiert Zil vun der VISION ZERO, dat heescht d’Reduzéierung vun de Stroossenaffer op 0, ze erreechen. De Mobilitéitsminister huet am Aktiounsplang “sécurité routière” d’Promotioun vu Sécherheetsequipementer als ee vun den Haaptdéfien definéiert. Et ass natierlech ze betounen, dass den Abau vun esou Sécherheetsequipementer an den Autoe Geld kascht. Geld, wat virun allem déi sozial schwaach Akommensklassen an eisem Land net hunn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Wëll de Minister den Abau vu moderne Sécherheetsequipementer a lëtzebuergeschen Autoe promouvéieren? 
    • Falls jo, wéi soll dëst geschéien? 
    • Falls nee, firwat ecartéiert de Minister dës Méiglechkeet?
  2. Vu, dass ënnert der aktueller Regierung d’Luuchtepottoen op den Autobunnen ofgesät gi sinn, wär et do net sënnvoll, déi gespuerte Suen an d’Stroossesécherheet ze investéieren? 
    • Falls dëst geplangt ass, a wéi eng Mesurë wëll de Minister dës Suen investéieren?
    • Ënnert dem Aspekt, wäert de Minister sech dofir asetze modern a sécher Beliichtungstechnologie fir Autoen, wéi zum Beispill de Xenon oder de LED, fir all Autofuerer méi zougänglech maachen?
  3. Wëll d’Regierung de Kaf vu moderne Sécherheetsequipementer an Autoen, ähnlech wéi si et bei den Elektroautoe gemaach huet, subventionéieren?
    • Falls jo, fir wéi eng Sécherheetsequipementer ass dës virgesinn?
    • Falls nee, wéi kënne sozial schwaach Akommensklassen an de Genoss vu modernen a sécheren Autoe kommen?
  4. Consideréiert d’Regierung iergendwann nëmmen nach Neiween zu Lëtzebuerg zouzeloossen, déi modern Sécherheetsequipementer virweise kënnen, wéi zum Beispill den automatesche Bremsassistent? 
    • Falls jo, ab wéi engem Datum gëtt dëst envisagéiert a fir wéi eng Sécherheetsequipementer?
    • Falls nee, rechent d’Regierung domadder, dass de Marché dat vum selwe reegele wäert?