Questions parlementaires
Keen waarmt Waasser a keng Heizung beim Fonds de logement zu Déifferdeng
Eis ass zougedroe ginn, dass zu Déifferdeng an engem Wunngebai vum Fonds de logement säit dem 11ten November kee waarmt Waasser méi do ass a keng Heizung méi funktionéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann de Minister dat bestätegen?
Wéini wäert ee kommen, fir dëse Problem ze behiewen?
Firwat dauert et iwwert 5 Deeg fir dass de Fonds de logement hei intervenéiert?
QP Nummer 7197