Connect with us

Questions parlementaires

Al Gendarmerie zu Rodange

De Staat ass Proprietär vum ale Gendarmeriesgebai zu Rodange souwéi dem Terrain hannendrun (Kadasterparzellen 634/2581 & 634/2582). Zënter Jore steet dëst schéint historescht Gebäi eidel, nodeems de Rodanger Policebüro hei zougemaach gouf.  Den Informatioune vum Kadasteramt no, hunn dës 2 Terrainen eng Gesamtgréisst vun 30 Ar. D’Gebai selwer gouf als schützenswäert aklasséiert an dierf deemno net an der Substanz verännert ginn. Dës Weideren huet d’Gemeng Péiteng den Terrain an eng HAB2-Zon gesat, wat bedeit, dass d’Gebai fir Wunnzwecker muss genotzt ginn. Um Terrain nieft der Gendarmerie (Kadaterparzell 625/8274) plangt de Fonds du Logement iwwregens grad de Bau vun ëffentleche Wunnengen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass geplangt, fir an der aler Gendarmerie ëffentleche Wunnraum ze bauen?  Falls jo, bis wéini sollen hei Wunnengen entstoen?

  2. Fir wéi eng Zwecker gëtt d’Gebai aktuell genotzt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7172

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert