Kultur
Denkmalschutz um Pabeier
De Bauerenhaff zu Äischer (Kadasternummer 236/2105) an der Gemeng Kiischpelt gouf 2023 vun der Denkmalschutzkommissioun (COPAC) als nationaalt kulturellt Ierwen agestuuft an ass, der fachlecher Bewäertung no, ee gutt Beispill vum ländleche Ierwen am Éislek.
An der Tëschenzäit ass d’Gebai awer ëmmer weider verfall a lescht Joer ass souguer den Daach vun der Scheier agefall, trotz Warnunge vun der Gemengeverwaltung un de Kulturministère, wéi een Artikel op RTL Today vum 26ten November geschriwwen huet. Wéinst dem spéiden Handelen huet een Deel vum geschützte Gebai dowéinst och nach ofgerappt musse ginn. Et schéngt, wéi wann et méi einfach wier, fir een denkmalgeschütztent Gebai ofzerappen, wéi derfir ze suergen, datt et net verfält.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister erklären, firwat de Bauerenhaff zu Äischer, trotz de Warnunge vun der Gemeng, iwwert déi lescht Jore verfale konnt?
-
Huet de Kulturministère hei an de leschte Jore konkret Schutzmoossnamen ergraff?
• Falls jo, wéi eng Moossnahmen a firwat hunn dës net funktionéiert?
• Falls nee, firwat huet de Kulturministère net agegraff?
QP Nummer 3402
Source vum Bild:
https://www.luxembourgjungle.lu/enscherange-bauerenhaff-rtl-reportage/
